Rätoromanesch
Rätoromanesch ass eng al romanesch Sprooch, déi am schwäizer Kanton Graubünden am Engadin geschwat gëtt.
Rätoromanesch ass den 20. Februar 1938 als déi véiert offiziell Landessprooch vun der Schwäiz unerkannt ginn. Rätoromanesch ass awer keng Amtssprooch.
Et ass eng neolaténgesch Sprooch a gëtt vu geschatenen 48.000 Mënsche geschwat. Et gëtt Sproochparallelen zum Ladineschen an den Dolomiten an dem Friulanesch am Nord-Oste vun Italien.
Et kann een tëschent 5 verschiddene rätoromaneschen Schrëftsproochen ënnerscheeden:
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Il Puter
Et handelt sech dobäi ëm dat uewerengadiner Romanesch
[änneren] Il Vallader
Dat ass déi ënnerengadiner rätoromanesch Sprooch
[änneren] Il Surmiran
Déi Sprooch ass uewerhalbsteiner Romanesch
[änneren] Il Sutsilvaun
Gëtt am mëttelbündneresche Raum geschwat
[änneren] Il Sursilvaun
Uewerländesch Sprooch
All dës Sprooche kënnen net vereenheetlecht gi well si ënnert sech staark verschidde sinn. D'Zil ass eng eenzeg offiziell rätoromanesch Amtssprooch ze fannen, fir sécher ze sinn, datt déi Sprooch niewent deenen aneren dräi offizielle Sprooche gläichberechtegt existéiere kann.
[änneren] Geschicht
D'Réimer an d'Räter sinn tëschent 30 a 650 no Christus an d'Deeler vun de Bündner Alpen gezunn. Sou sinn Etrusker, Gallier a Kelten an dës dacks liewensfeindlech Géigende geplënnert. Déi Vëlker hunn hir spezifesch Sprooche geschwat. Haaptsprooch am ganze Raum war d'Latäin, an esou hu sech déi eenzel Sprooche mam Latäin vermëscht. Romanesch war deemols wäit verbreet an ass vum Gotthard (op romanesch Munt Avenum) bis bei de Walensee (Lej Rivaun) geschwat ginn.
Wéi d'Germanen mat den Alemannen komm sinn, hu se d'Rätoromanesch vum Norden hier a Richtung Süden verdrängt. Am 15. Joerhonnert sinn dunn fir d'éischt Adoptivjonge vum réimeschen Keeser Augustus, den Drusus an den Tiberius, an d'rätescht Land komm. Doduerch bedingt kann een dat Rätoromanescht als Schlëssel tëschent dem Latäin an deene moderne romanesche Sprooche wéi dem Franséischen, dem Italieneschen, dem Spueneschen, dem Rumäneschen an dem Portugisesche gesinn.
Den éischte Beleeg vun Uewerengadineschen ass zu Zuoz duerch de Gian Travers am Joer 1527 geschriwwe ginn. Et handelt sech em "La chanzun da la guerra dal chastè da Müsch". Ënnerengadinesch ass 1560 fir d'éischt duerch den Duri Champell zu Susch beluecht.
[änneren] Beispiller fir rätoromanesch
- moien = allegra
- gutt Nuecht = buna not
- vill Succès = bun success