Kelten
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Ufanksgebitt vun der Hallstattkultur (ca. 750 v. Chr.)
Ufanksgebitt vun der La-Tène-Kultur (ca. 450 v. Chr.)
Kelten (lat. celtae, galli, gr. keltoi, galatai – déi Daper, déi Edel) ass vun der Antikitéit un e Sammelbegrëff fir Volleksgruppen, déi zënter der Eisenzäit duerch Europa an deelweis doriwwer eraus gezu sinn, an déi als Gemeinsamkeet hir materiell Kultur a charakteristesch Kennzeechen an hirer indogermanescher Sproochegrupp haten. Eng eenzeg Ethnie oder e politisch zesummegeschlossene Grupp waren d'Kelten awer ni.
Éischt Verbindungselementer vun de Kelte fanne sech bei der Hallstattkultur (8. Jh. v. Chr.). Si huet sech an Europa ausgebreet, iwwer d'Gebitt vun den haitege Länner Slowenien, Kroatien, Éisträich, dem nordwestlechen Ungarn, der südwestlecher Slowakei, Tschechien, Süddäitschland, Schwäiz an Ostfrankräich.
Aus der Hallstattkultur ervirgaangen ass d'La-Tène-Kultur (5. Jh. v. Chr.), déi sech séier iwwer hiert Urspronksgebitt eraus propagéiert an hir Virgängerkultur verdrängt huet. D'La-Tène-Kultur huet sech duerch Eruewerungen, Kulturinfluenz a Vëlkerwanderungen bis op d'britesch Inselen an a Klengasien ausgebreet. No enger Serie vun Néierlagen an de Galliekricher 58 bis 51 v. Chr. hu sech dunn awer all La-Tène Vëlker de Réimer erginn, bis op déi vun de briteschen Inselen, deenen hir Kultur eréischt am 5. Joerhonnert mat der Evangelisatioun duerch den Hl. Patrick verschwonnen ass.
Op de Westränner vun de briteschen Inselen an um Wutz vun der Bretagne fanne sech awer och haut nach iwwer eng Millioun Leit déi inselkeltesch Sprooche schwätzen.
[änneren] Kuckt och