Däitschland

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen


Bundesrepublik Deutschland

Däitsche Fändel

Däitscht Wopen

Detailer

Detailer
National Devise: Einigkeit und Recht und Freiheit
EU location GER.png
Offiziell Sprooch: Däitsch
Haaptstad: Berlin
Staatsform: Parlamentaresch Republik
 • Bundespresident: Joachim Gauck
 • Bundeskanzlesch: Angela Merkel
Fläch: 357.092,90 [1] km²
Bevëlkerung: 82 438 000 [1]
 • Bevëlkerungsdicht: 231/km²
Nationalfeierdag: 3. Oktober
Nationalhymn: Das Lied der Deutschen
(Lauschteren)
Währung: Euro
Zäitzon: UTC +1 (+2 am Summer)
Internet TLD: .de
Internationalen
Telefonsprefix
:
+49

D'Bundesrepublik Däitschland (oder einfach Däitschland) ass e Staat a Mëtteleuropa an huet gemeinsam Grenze mat Dänemark, Polen, der Tschechescher Republik, Éisträich, der Schwäiz, Frankräich, Lëtzebuerg, der Belsch an Holland. Am Norde sinn d'Nordséi an d'Ostséi natierlech Grenzen. Däitschland ass eent vun de gréisste Länner a Westeuropa.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Wat elo kënnt ass nëmmen eng kuerz Skizz vun de wichtegste geschichtlechen Entwécklungen an Däitschland an an der Regioun vum haitegen Däitschland. Méi Detailer stinn am Artikel Geschicht vun Däitschland, am Artikel iwwer Däitschland am Mëttelalter, oder awer och an den Artikelen iwwer d'Bundesrepublik resp. iwwer d'DDR.

Déi eelst Spure vu Mënschen um Gebitt vum haitegen Däitschland sinn ongeféier 700.000 Joer al. Zanter ronn 500.000 Joer gëtt Däitschland permanent bewunnt.

E puer keltesch a germanesch Stämm gi fir d'éischt bei de Griichen a Réimer an der virchrëschtlecher Zäit ernimmt. De Rhäin gëtt 58 v. Chr. d'Grenz mat dem réimesche Räich. Eng éischt Geschicht vu ganz Germanien liwwert am Joer 98 de réimeschen Auteur Tacitus. Tëscht dem 1. an dem 6. Joerhonnert verdeele sech déi germanesch Stämm iwwer Europa (Vëlkerwanderung) a vermësche sech mat den net ausgewanderte Kelten. Grouss Deeler vum haitegen Ostdäitschland si bis an d'héischt Mëttelalter ënner staarkem slaweschen Afloss (Germania Slavica). Als Konsequenz vun der héichmëttelalterlecher Ostmigratioun gi si assimiléiert an akkulturéiert.

D'Frankenräich gëtt gegrënnt a stellt 800 mat dem Karl de Groussen als éischte westleche Keeser, no der Ofsetzung vum Romulus Augustulus duerch den Odoaker, den Usproch op d'Féierungsroll an Europa. Mä säi Räich bleift nëmmen e puer Joerzéngte stabil. Duerch Streidereien tëscht sengen Nofolger zerfält et an dräi Deeler (Westfränkescht Räich, Lotharingien an Ostfränkescht Räich), déi nächst Generatiounen deele säi Räich ëmmer méi op.

Als traditionellen (mä e bëssen arbiträr gewielten) Datum fir d'Grënnung vun Däitschland als Staat gëllt den 2. Februar 962, wou den Otto I. als éischten Ostfränkesche Kinnek zu Roum zum Keeser gekréint gouf.

D'Westfränkescht Räich entwéckelt sech zu engem Nationalstaat (dem haitege Frankräich), während d'Ostfränkescht Räich ëmmer méi de lokalen Interessen zum Affer fält. Obwuel d'Keesere vum Ostfränkesche Räich ëmmer erëm versichen d'Räich z'eenegen, zerfält d'Hellegt Réimescht Räich vun Däitscher Natioun, dat eigentlech grad eréischt entsteet, gréisstendeels ëmmer méi an Onmasse vu gréisstendeels onofhängege Staaten a Fräi Räichsstied. No der Reformatioun an dem Drëssegjärege Krich ass d'Muecht vum Keeser nëmmen nach reng formell.

Dësen Zoustand dauert bis 1806. Dat Joer dankt den däitsche Keeser Franz II., dee schonn 1804 Keeser vum éisträichesche Villvëlkerstaat ginn ass, op Drock vum franséische Keeser Napoléon of, andeems hien op d'Droe vun der Räichskroun verzicht. Ënner dem Napoléon gëtt d'Zuel vun däitsche Staaten duerch Fusioune staark verklengert, wouduerch vill Räichsstied hir Onofhängegkeet verléieren (Ee Moment gouf et 80 vun dëse Stied). De Wiener Kongress dreift d'Vereenegung weider a schliisslech grënnen 38 däitsch Staaten e lassenen Däitsche Bond (Deutscher Bund) ënner der Féierung vun Éisträich. Scho kuerz no der gescheiterter nationaler a liberaler Mäerzrevolutioun vun 1848/1849 kënnt et zur Kollisioun vu Preisen, dat ëmmer méi staark gëtt, mat der däitscher Groussmuecht Éisträich ëm d'Virmuechtsstellung am Däitsche Bond resp. an Europa, wat zum Däitsch-Éisträichesche Krich vun 1866 féiert. Preise gewënnt dëse Krich, et kënnt duerno zu enger Deelung an domat zur Opléisung vum Däitsche Bond. Preisen annektéiert seng nërdlech Géigner aus dem Krich. Doduerch gëtt d'Zuel vun den däitsche Staaten nach eng Kéier mèi kleng.

No der Grënnung vum Norddäitsche Bond am Uschloss dorun, natierlech ënner der Féierung vu Preisen, kënnt et, bal ouni siichtbaren Iwwergank, zur Grënnung vum Däitsche Räich. Allgemeng gëtt vun engem klengen Däitschland geschwat well Éisträich net dezou gehéiert. Zu dëser Grënnung kënnt et nom Franséisch-Preisesche Krich vun 1870/71 an der Proklamatioun vum preisesche Kinnek Wilhelm I. zum Däitsche Keeser (hien huet sech selwer net als Keeser vun Däitschland ugesinn, well dozou, senger Meenung no, och den däitschen Deel vun Éisträich misst gehéieren). Mat der Räichsgrënnung gehéieren op eemol Gebidder a Régiounen zu Däitschland, déi guer net méi zum Hellege Réimesche Räich Däitscher Natioun gehéiert haten, mä Stécker vu Preisen baussent dem Räich waren. Dozou gehéieren Ost- a Westpreisen, Danzeg, an Deeler vum haitege Polen an och nach Schleswig. An den 1880er Joren huet dat Däitscht Räich op friddlechem Wee Kolonien an Afrika an Asien kaaft, woubäi déi bescht Kolonien awer scho laang Anere gehéiert hunn.

De Wilhelm I. gëtt zum däitsche Keeser gekréint an der Galerie des Glaces zu Versailles, 1871

Nom Enn vum Éischte Weltkrich (1914-1918) setzt d'Novemberrevolutioun vun 1918 der Monarchie am Däitsche Räich (an an Éisträich-Ungarn) en Enn. De Keeser (Wilhelm II.) dankt of an aus dem Däitsche Räich gëtt eng parlamentaresch-demokratesch Republik. Am Versailler Vertrag gëtt Däitschland vun den Alliéierten dozou gezwongen eng Rei vu Gebidder hierzeginn (Alsace-Lorraine u Frankräich, Eupen-Malmedy un d'Belsch, Nordschleswig un Dänemark, d'Provënzen Posen a Westpreisen an den Oste vun Uewerschlesien an de Süde vum ostpreisesche Krees Neidenburg u Polen, d'Memelrégioun u Litauen an d'Hultschiner Ländchen un d'Tschechoslowakei, dozou kënnt de Verloscht vun all de Kolonien). Des Weidere muss Däitschland all Joer Reparatioune bezuelen, an dat iwwer en Zäitraum vun 80 Joer.

D'Weimarer Republik leit ënner stännege Konflikter tëscht demokrateschen an autoritäre Stréimungen. Dozou kënnt e wäitverbreete Refus vum Versailler Vertrag a wirtschaftlech Schwieregkeeten, déi deelweis och dovu kommen datt Däitschland muss, fir d'Reparatiounen ze bezuelen, immens Kreditter ophuelen. 1933 ass et mat där Republik eriwwer wéi de gebiertegen Éisträicher Adolf Hitler un d'Muecht kënnt, mat Hëllef vu senger Partei, der NSDAP.

D'NSDAP mécht aus Däitschland ganz séier en totalitären Eeparteiestaat. Vun Ufank u gi politesch Géigner verfollegt, während de Judden eng kloer Ausgrenzungspolitik an d'Gesiicht bléist. Während dem Zweete Weltkrich gi schätzungsweis bis zu sechs Millioune Judden an Europa ëmbruecht (zanter den 1970er Jore gëtt dofir "Holocaust" gesot, d'Jude soe "Schoah" dofir). Dausende Membere vun anere Bevëlkerungsgruppen Sinti a Roma, Homosexueller, physesch a psychesch behënnert Mënsche gi verhaft oder falen dem Massemord zum Affer. Eng genee Zuel ass och hei net bekannt.

D'nationalsozialistescht Däitscht Räich war op Expansioun ausgeriicht: Fir d'éischt gëtt Éisträich 1938 nach ouni allze vill Widdersproch a mat Zoustëmmung vun der Bevëlkerung annektéiert (Anschluss), d'Annektioun vum däitsch bewunnte Sudeteland am selwechte Joer gëtt och nach relativ widdersprochslos vun de groussen europäesche Länner akzeptéiert. Mä den Ugrëff op Polen 1939 léist den Zweete Weltkrich aus, e Krich, dee weltwäit eng geschaten 55 Millioune Leit d'Liewe kascht. Fir dat (Grouss-)Däitscht Räich ass dëse Krich den 8. Mee 1945 eriwwer, mat enger Kapitulatioun ouni Konditiounen. Den Hitler huet sech schonn den 30. Abrëll suicidéiert gehat; déi iwwerliewend politesch a militäresch Haaptverantwortlech ginn an den Nürnberger Prozesser viru Geriicht gestallt.

D'NS-Diktatur huet an der Geschichtswëssenschaft, mä och an der Ëffentlechkeet, dozou gefouert, datt sech Froe gestallt ginn, déi wäit iwwer dës zwielef Joer erausginn, z. B. ob nëmmen den Hitler mat senger Clique, Deeler vun den däitschen Eliten, eng Bevëlkerungsmajoritéit oder souguer dat ganzt däitscht Vollek fir d'Verbrieche verantwortlech ze maache sinn.

D'Alliéiert , ufanks d'USA, d'Sowjetunioun a Groussbritannien, méi spéit och d'Besatzungsmuecht Frankräich, beméie sech um Ufank vun der Besatzung nach ëm eng gemeinsam Politik an där Saach. Eens sinn si sech iwwer d'Demilitariséierung an d'Entnazifizéierung. Mä scho bei der Fro, wat een ënner enger Demokratie ze verstoen huet, kommen éischt Differenzen tëscht der Sowjetunioun engersäits an de Westmuechten anerersäits op. Am Ufank huet Frankräich nach Annektiounspläng vis-à-vis vun Däitschland.

Éisträich (mat der Konditioun neutrale Staat ze ginn) an d'Tschechoslowakei ginn erëm selbstänneg Staaten; Polen gëtt an neie Grenzen nees opgebaut woubäi dës Grenzen no Weste geréckelt goufen. De Joseph Stalin hat nämlech Polen grouss Deeler vum däitschen Osten versprach an der Sowjetunioun d'nërdlech Hallschent vun Ostpreisen, wat vun de Westmuechten op der Konferenz vu Potsdam nëmme mat Widderstand accordéiert gëtt. Allerdéngs hätt d'Verdreiwe vun den Däitsche missen "human" iwwer d'Bühn goen, an déi polnesch a sowjetesch Verwaltung gouf "provisoresch" genannt.

D'Däitscht Räich gouf deemno definitiv opgeléist, an a sengem Kär ginn nei Staaten (an der Bundesrepublik méi spéit Bundesländer genannt) forméiert. Bei dem Zéie vun de Grenze vun dëse Staate sinn deelweis d'Grenze vun de Besatzungszonen déterminéierend, z. B. tëscht Niedersachsen a Mecklenburg resp. Sachsen-Anhalt souwéi tëscht Thüringen an Hessen.

D'Bundesrepublik Deutschland gëtt den 23. Mee 1949 an den dräi westleche Besatzungszone gegrënnt; d'DDR de 7. Oktober 1949 an der Sowjetescher Besatzungszon. Domat war dat fréiert Däitscht Räich an zwee nei Staaten opgedeelt a grouss Gebidder a Regioune waren den Nopeschstaaten zoukomm. D'Bundesverfassungsgeriicht stellt awer 1973 fest: "Die BRD ist nicht 'Rechtsnachfolger' des Deutschen Reiches, sondern als Staat identisch mit dem Staat 'Deutsches Reich'". De Kale Krich tëscht West an Ost trennt Mëtteleuropa, d'Bundesrepublik an d'DDR duerch en Eisene Rideau. Eréischt e Muechtwiessel an der Sowjetunioun féiert zu (friddleche) Revolutiounen an um Schluss zum Zesummebrieche vun de kommunistesche Regierungen an der DDR an den anere Staate vum Warschauer Pakt. Mat dem Enn vum "Eisene Rideau" a Mëtteleuropa geet och erëm d'Grenz tëscht der Bundesrepublik an der DDR op. Den 3. Oktober 1990 trëtt d'DDR der Bundesrepublik bäi (däitsch Wiedervereinigung). Déi "vergréissert" Bundesrepublik ass domat och endgëlteg nees souverän ginn.

Zesumme mat Frankräich spillt (dat neit) Däitschland haut eng féierend Roll an der EU. Däitschland ass vir dobäi bei deene Staaten déi versichen, e méi vereenegt Europa ze schafen, mat engem politeschen, Verdeedegungs- a Sécherheetsapparat.

Kuckt heizou den Haaptartikel: Geschicht vun Däitschland.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Topograhesch Kaart vun Däitschland

Den nërdlechen Deel vun Däitschland, d'norddeutsche Tiefebene, ass en Déifland dat vun der Äiszäit geformt gouf. A Mëtteldäitschland fënnt een d'Mittelgebirge mat senge Bëscher. Am Süde sinn d'Alpen. Den déifste Punkt läit bei Neuendorf-Sachsenbande an der Wilstermarsch mat 3,54 m ënner NN. Den héchste Bierg ass d'Zugspitze mat 2.968 Meter.

Grouss Flëss an Däitschland sinn ënner aneren de Rhäin, d'Donau, d'Elbe, d'Weser, d'Oder. Extrem Wierderkonditioune wéi Dréchenten, Tornadoen, Stierm, an exzessive Frascht oder Hëtzt asw. si relativ seelen. Dat kënnt wuel och dovun, datt Däitschland an der geméissegter Klimazon läit. An de leschte Jore gouf et an Däitschland zwou schlëmm Iwwerschwemmungen déi vu villen als Zeeche vun der Klimaerhëtzung gesi ginn. Eng weider Indikatioun dofir kéint de "Joerhonnertsummer" 2003 gewiescht sinn, deen ee vun deene wäermsten zanter Joerzéngte war. D'Suite waren, ënner aneren, schlecht Rekolte bei de Baueren. Däitschland läit op der Eurasescher Plack. D'Grenzen zu anere Placke si wäit ewech, wat dann och erkläert firwat et bis elo keng schwéier Äerdbiewe mat den deementspriechende Suite gouf.

Kuckt heizou den Artikel: Däitsch Inselen

Administrativ Ënnerdeelungen[änneren | Quelltext änneren]

Haaptstad a Regierungssëtz ass Berlin; e puer Ministère sinn zu Bonn bliwwen. De Politesche System vun Däitschland ass de federal an d'Land ass gréisstendeels als parlamentaresch Demokratie organiséiert. De Staat ass a 16 Bundesländer ënnerdeelt. Däitschland ass Member vun der EU, der NATO an dem G8.

Kuckt heizou den Artikel: Lëscht vun den däitsche Bundesländer

Stied[änneren | Quelltext änneren]

Déi gréisst däitsch Stied si Berlin, Hamburg, München a Köln. Dat gréisst Ballungsgebitt ass d'Ruhrgebiet. Déi fënneftgréisst Stad, an zugläich däitsch Finanzmetropol, ass Frankfurt am Main, wou och de gréissten däitsche Fluchhafen ass, de (Rhein-Main-Fluchhafen). Dësen ass an Europa den zweetgréissten a bei der Fracht de gréissten.

Kuckt heizou d'Artikelen: Lëscht vun den däitsche Stied, Lëscht vun de däitsche Groussstied

Politik[änneren | Quelltext änneren]

Politesche System[änneren | Quelltext änneren]

Haaptstad a Regierungssëtz vun der Bundesrepublik Däitschland ass Berlin. Duerch den Artikel 20 GG ass d'Bundesrepublik Deutschland eng demokratesch, sozial a rechtsstaatlech Republik. Et gëtt 16 deelsouverän Länner (Bundeslänner), vun deenen der e puer a Regierungsbezirker ënnerdeelt sinn. D'Grundgesetz, ass d'Konstitutioun vun Däitschland a gouf 1949 geschriwwen. Staatschef ass de Bundespresident dee méi representativ Aufgaben iwwerhëlt. De Regierungschef ass de Bundeskanzler. Hien huet Richtliniekompetenz fir d'Politik vun der Bundesregierung (Däitschland ass eng Kanzlerdemokratie).

Däitschland ass e Bundesstaat dee féderal organiséiert ass, d. h. et gëtt zwéin Niveauen am Politesche System: de Bund, deen de Gesamtstaat Däitschland an d'Länder no bausse vertrëtt. All Niveau huet seng eegen exekutiv, legislativ a judiciaire Organer.

De Bundestag an de Bundesrat decidéieren zesummen iwwer Gesetzer vum Bund an hunn d'Recht mat enger jeeweileger 2/3-Majoritéit d'Konstitutioun z'änneren. An de Länder decidéieren d'Länderparlamente (en Landtag resp. eng Bürgerschaft) iwwer d'Gesetzer vun hirem Land. D'Députéiert sinn no der Konstitutioun ganz op sech gestallt wa se sollen entscheeden; trotzdeem dominéieren intern Virentscheedungen an de Parteien d'Législatioun.

D'Exekutiv besteet um Niveau vum Bund aus der Bundesregierung, déi vum Bundeskanzler presidéiert gëtt. Um Niveau vun de Länder presideiert de Ministerpresident (resp. d'Buergermeeschtere vun de Stadstaaten) d'Exekutiv. D'Verwaltunge vum Bund an de Länner gi jeeweils duerch déi entspriechend Ministere gefouert, si stinn dann och op der Spëtzt vun de Verwaltungen.

Wéi an alle Länner spille Verbänn am politesche System eng wichteg Roll. Duerch hir Aarbecht als Lobby probéiere si, d'Politik an d'Richtung vun hire jeeweilegen Interessen ze steieren. Dës Tatsach ass staark ëmstridden a souwisou gëtt se net gäere gesi vun deene Verbänn, déi duerch déi Lobbyarbecht négativ betraff sinn .

D'Bundesverfassungsgeriicht ass zoustänneg fir d'Anhale vum Grondgesetz. Déi ieweschst Geriichtshäff vum Bund sinn de Bundesgerichtshof zu Karlsruhe, d'Bundesverwaltungsgericht zu Leipzig, d'Bundesarbeitsgericht, d'Bundessozialgericht an den Bundesfinanzhof zu München. De Groussdeel vun der Applikatioun vum Recht läit an den Hänn vun de Länner. D'Geriichter vum Bund sinn nëmmen fir d'Revisiounen zoustänneg a kontrolléieren, ob d'Decisioune vun de Geriichter aus de Länner formal dem Recht entspriechen.

Kuckt heizou d'Artikelen: Politesche System (Däitschland), Politesch Parteien (Däitschland), Grundgesetz

Landkaart vun Däitschland

Aussepolitik[änneren | Quelltext änneren]

Déi bundesdäitsch Aussepolitik huet als Prioritéit d'Verbindung mam Westen . Däitschland huet beim Opbau vun europäeschen organisatorische Strukturen en entscheedenden Undeel; d'Zil war dobäi laang Zäit, datt den Noperen soll d'Angscht virun Däitschland geholl ginn, an doduerch och d'Limitéierungen duerch d'Besatzer iwwerflësseg ze maachen. D'Bundesrepublik ass zanter 1950 Member vum Europarot an huet 1957 de Traité vu Roum ënnerschriwwen, de Grondsteen vun der EU vun haut.

Während dem Kale Krich war déi däitsch Aussepolitik zimlech limitéiert. Dat wichtegst Zil war déi däitsch Eenheet. Militärasätz am Ausland koumen net a Fro, obwuel d'Stationéierung vun amerikanësche Rakéiten a Betruecht gezunn gi war.

Zanter e puer Joer ass d'Bundeswehr - si däerf sech net un Ugrëffskricher bedeelegen an ass just do fir d'Verteidegung vum Land an de Partnerstaaten - a verschiddene Friddensmissiounen a Konflikter dobäi (jeegleche Militärasaatz muss vum Bundestag accordéiert ginn):

Economie[änneren | Quelltext änneren]

Däitschland feelt et u primäre Ressourcen, dofir ass seng Économie gréisstendeels op den industriellen an den Déngschtleeschtungssecteur konzentréiert. Grouss Fläche vum Land ginn allerdéngs landwirtschaftlech exploitéiert (nëmmen 2-3 % vun alle Beschäftëgte sinn am Akerbau involvéiert). Däitschland ass mat engem Bruttoinlandproduk vun iwwer 2,07 Billiounen Euro déi drëttgréisste Vollekswirtschaft an Industrienatioun op der Welt. Ausserdeem exportéiert Däitschland méi wéi jiddwer anert Land op der Welt. Beim Liewensstandard, dem Human Development Index, läit Däitschland allerdéngs nëmmen op der 18. Plaz an der Welt.

Am Moment leit déi däitsch Wirtschaft un enger aussergewéinlech héijer Aarbechtslosegkeet, virun allem an Ostdäitschland, an un engem relativ niddrege Wirtschaftswuesstëm. D'Sich no den Ursaache vun dëser Kris spléckt d'Gesellschaft: De Patronat an neoliberal Économiste gesinn dee staarken däitsche Sozialstaat als Grond, well duerch déi héich Lounniewekäschten d'Betriber an déi méi gënschteg Nopeschlänner auswäichen. Gewerkschaften a Globaliséierungskritiker stäipen sech op keynesianistesch Modeller a behaapten, datt Kierzungen an de soziale Beräicher den nationale Marché schwäche kéinten.

Als weltwäit konkurrenzfäegst Branchë vun der däitscher Industrie gëllen d'Automobil-, d'elektrotechnesch, d'Maschinnebau- an d'Chimiesindustrie.

Kuckt heizou den Artikel: Wirtschaftsplaz Däitschland

Demographie[änneren | Quelltext änneren]

Bevëlkerung[änneren | Quelltext änneren]

Däitschland ass flächeméisseg e bësse méi grouss wéi säi Nopeschland Polen, huet awer mat ronn 82,5 Mio. Mënsche méi wéi duebel souvill Awunner. Dovu sinn, ethnësch gesinn, ronn 68 Mio. vun däitscher Ofstamung a ronn 15 Mio. anerer Ofstamung. 74,981 Mio. Mënschen hunn déi däitsch Nationalitéit, e puer dozou och nach eng vun engem anere Land. 7,543 Mio. Mënsche sinn Auslänner, also ongeféier 10 % vun der Populatioun.

Kuckt den Artikel: Wunnbevëlkerung an Däitschland

Sproochen[änneren | Quelltext änneren]

Offiziell Schrëft- an Amtssprooch ass Standarddäitsch och nach Héichdäitsch genannt. Donieft gëtt et e puer néier-, mëttel- an uewerdäitsch Dialekter, déi deelweis bis an dat not Ausland erareechen.

Unerkannte Minoritéitesprooche sinn Dänesch, Frisesch,Sorbesch a Romanes. Donieft gëtt et och nach nidderdäitsch (Niedersächsesch an Nidderfränkesch) Regionalsproochen. Niddersächsesch ass zanter 1994 duerch d'Sproochecharta vum Europarot unerkannt.

D'Sprooche vun deene Leit déi keng däitsch Originnen hu respektiv deenen hir Mammesprooch net däitsch ass, schwätzen, genee wéi hir Nokommen, virun allem Russesch (ongeféier 5 Mio.), Tierkesch (ongeféier 3 Mio.), Polnesch (ongeféier 2 Mio.). D'Sproochen aus Ex-Jugoslawien, d'Spuenescht a verschidde Sproochen aus den islamesche Länner wäerte méiglecherweis vum Däitschen assimiléiert ginn, anerersäits schéngt et awer och ëmmer méi zu enger Ghettoiséierung ze kommen, vun enger ëmmer méi grousser Zuel vun Immigranten, déi keen Däitsch kënnen.

Ausgestuerwe Sproochen[änneren | Quelltext änneren]

Relioun[änneren | Quelltext änneren]

Martin Luther (1483-1546)

Duerch d'Grondgesetz ass eng Gedanken-, Gewëssens- a Reliounsfräiheet festgeluecht.

D'Majoritéit vun der däitscher Bevëlkerung ass enger chrëschtlecher Konfessioun ugehéiereg: Réimesch-kathoulesch Kierch 32,4 %, Evangelesch Kierch 32,0 %, Orthodox Kierch 1,14 % an e minime Prozentsaz ass Member an de chrëschtlesche Fräikierche wéi z. B. de Baptisten (Evangelësch Fräikierchlëch Kierch), de Methodisten, der Fräier Evangelescher Kierch an verschiddenen aneren Ofzweigunge vum Chrëschtentum.

Zu de bedeitende Reliounen an Däitschland gehéieren och den Islam (zirka 3,2 Mio. oder 3,8 % vun der Bevëlkerung), d'Zeugen Jehovas (zirka 164.000 oder 0,2 % vun der Bevëlkerung) an d'Juddentum (zirka 100 000 oder 0,12 % vun der Bevëlkerung).

Ongeféier 27 % vun der däitscher Bevëlkerung (virun allem an den neie Länner) déklaréiern, datt si kenger Relioun ugehéieren. Ausser deene meeschte Relioune gëtt et an Däitschland och Memberen a Symphatisante vun de verschiddenste Sekten a spirituelle Bewegungen.

Däitschland gouf zanter der fränkescher Zäit christianiséiert. D'Reformatioun huet am 16. Joerhonnert an Däitschland an an der Schwäiz ugefaangen, ugestouss duerch Leit wéi den Ulrich Zwingli an de Martin Luther. D'Reformatioun ass nach haut déterminéierend fir d'reliéis Landschaft an Däitschland.

Vun de Membere vun den unerkannte Communautéite gëtt eng Kirchenstéier verlangt, den Erléis geet un d'Kirchen.

Kuckt heizou den Artikel: Reliounen an Däitschland

Kultur[änneren | Quelltext änneren]

Generell[änneren | Quelltext änneren]

Wéinst der dezentraler Struktur vun Däitschland gëtt et eng Abberzuel vu kulturellen Institutiounen an Événementer, virun allem an de grousse Stied.

Beispiller: Bayreuther Festspiller, Berliner Festwochen, Berliner Philharmonisches Orchester, International Filmfestspiller vu Berlin (Berlinale), Laang Nuecht vun de Muséeen zu Berlin, Frankfurter Buchmesse, Leipziger Buchmesse, Internationale Kurzfilmtage Oberhausen

Déi Däitsch ginn, respektiv goufen, am Réckbléck op eng aussergewéinlech grouss Zuel vun Erfinder a bedeitende Wëssenschaftler (Carl Benz, Otto Hahn, Max Planck, Wilhelm Conrad Röntgen, Albert Einstein, Wernher von Braun, Werner von Siemens asw.), hire klassesche Schrëftsteller Literatur (Goethe, Schiller asw.), hire berühmte Komponisten (Beethoven, Wagner, Bach, asw. ) an hire Philosophen (Kant, Marx, Nietzsche, etc.) als "Volk der Dichter und Denker" bezeechent.

Kuckt heizou den Artikel: Lëscht vun de bedeitenden Däitschen

Sport[änneren | Quelltext änneren]

Déi beléiftest Sportaart an Däitschland ass de Foussball; 6,3 Mio. Aktiver aus 170.000 Clibb sinn am DFB organiséiert, deen 2006 d'Foussball-Weltmeeschterschaft ausgeriicht huet. Wat d'Televisiounsquote betrëfft, kann nëmmen d'Formel 1 mat dem Foussball mathalen. Tennis huet nom Enn vum Boris Becker an dem Steffi Graf hir Carrière u Popularitéit verluer.

Bildung[änneren | Quelltext änneren]

D'Bildung an Däitschland läit an den Hänn vun de Länder, gëtt allerdéngs duerch d'Bundeskultusministerkonferenz geregelt. An alle Länner gëtt et eng néngjäreg Schoulflicht, d'Héichschoulmaturitéit kritt een, jee no Land, no zwielef oder dräizéng Schouljoer.

Quasi all Jugendleche geet duerno op eng weiderféierend Bildungsariichtung. Auszebildender an de Betriber ginn een oder zwéin Deeg an der Woch an eng Beruffsschoul. Studente kënnen tëscht wëssenschaftlëchen Universitéiten a méi praxisorientéierte Fachhéichschoule wielen.

D'Weiderbildung am Beruff spillt och eng grouss Roll. Aarbechtslosen deelt d'Aarbeechtsamt Weiderbildungsbongen aus.

Regelméisseg gëtt Däitschland an den leschte Jore vun der OECD fir seng Bildungspolitik kritiséiert. D'Problemer am System ginn zwar erkannt, mä verbessert gouf nach näischt. Déi däitsch Depensë fir d'Bildung leien am OECD-Vergleich ënner dem Duerchschnëtt. E besonnesche Schwaachpunkt sinn dobäi déi éischt Schouljoren, dogéint gëtt vill an d'Héichschoulen investéiert.

Verkéier[änneren | Quelltext änneren]

De Stroosseverkéier huet an der zweeter Hallschent vum 20. Joerhonnert d'Eisebunn als wichtegst Verkéiersmëttel ofgeléist. Däitschland huet eent vun den dichteste Stroossennetzer op der Welt, mat 11.980 km Autobunn an 41.386 km Stroosse vum Bund. D'Eisebunnsnetz vun der Deutsche Bahn AG ass an de leschte Joren ëmmer méi kleng ginn, während de Fluchverkéier ëmmer méi zougeholl huet. De Fluchhafe vu Frankfurt am Main ass d'Haaptachs vun der däitscher Fluchgesellschaft Lufthansa. Obwuel d'Ëmweltschied doduerch ëmmer méi grouss ginn an virun allem duerch déi zwee Verkéiersmëttel d'Global Erhëtzung accéléréiert gëtt, ass déi däitsch Verkéierspolitik op weidert Subventionéiere vu Strooss a Fliger amplaz op d'Subventiounéiere vun der Eisebunn ausgeriicht.

Kuckt dozou d'Artikelen: Lëscht vun den däitschen Eisebunnsgesellschaften, Lëscht vun den Autobunnen an Däitschland, Lëscht vun den Eisebunnsstrecken an Däitschland

Feierdeeg[änneren | Quelltext änneren]

D'Feierdeeg an Däitschland ginn duerch Gesetzer vun den eenzelne Länder geregelt. Néng Feierdeeg an all d'Sonndeger gëllen a ganz Däitschland no der Konstitutioun als "Tag der Arbeitsruhe und der seelischen Erhebung".

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Verschiddenes[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Däitschland – Biller, Videoen oder Audiodateien

Administratioun[änneren | Quelltext änneren]

Statistiken[änneren | Quelltext änneren]

Kultur a Sport[änneren | Quelltext änneren]

Verschiddenes an Allgemenges[änneren | Quelltext änneren]


Notizen a Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 www.statistik-portal.de (August 2007)