Johann Sebastian Bach

Vu Wikipedia
Johann Sebastian Bach
Gebuer 21. Mäerz 1685 jul.
Eisenach
Gestuerwen 28. Juli 1750
Leipzig
Doudesursaach Hiereschlag
Nationalitéit Hellegt Réimescht Räich vun Däitscher Natioun
Aktivitéit Komponist, Organist, Cembalist, Violonist, Dirigent, Chouerdirigent, Éischt Gei, Musikolog, Musekspedagog, Schoulmeeschter
Famill
Bestuet mat Anna Magdalena Bach, Maria Barbara Bach
Papp Johann Ambrosius Bach
Mamm Elisabeth Lemmerhirt
Geschwëster Johann Christoph Bach, Johann Jacob Bach
Kanner Wilhelm Friedemann Bach, Carl Philipp Emanuel Bach, Johann Christian Bach, Johann Gottfried Bernhard Bach, Johann Christoph Friedrich Bach, Gottfried Heinrich Bach, Catharina Dorothea Bach, Elisabeth Juliana Friderica Bach, Maria Sophia Bach, Johann Christoph Bach, Léopold Augustus Bach, Christiana Sophia Enrietta Bach, Regina Susanna Bach, Johanna Carolina Bach, Christiana Dorothea Bach, Christiana Benedicta Louisa, Regina Johanna Bach, Johann August Abraham Bach, Ernestus Andreas Bach, Christian Gottlieb Bach

De Johann Sebastian Bach, gebuer den 21. Mäerzjul./ 31. Mäerz 1685greg. zu Eisenach, a gestuerwen den 28. Juli 1750 zu Leipzig, war en däitsche Barock-Komponist, an een zu senger Zäit berüümten Organist an Cembalist. Hie war dee jéngste vum Johann Ambrosius Bach a senger Fra Elisabeth hiren aacht Kanner. De Bach gëllt och nach hautdesdaags als ee vun de gréisste Komponiste vun der Welt deen déi méi spéit Musek staark beaflosst huet an deem seng Wierker op der ganzer Welt vertruede sinn.

Bedeitung[änneren | Quelltext änneren]

Zu senge Liefzäiten hunn dem Bach seng Kompositioune keng grouss Beuechtung fonnt, am Verglach mat sengen Zäitgenosse Georg Friedrich Händel oder Georg Philipp Telemann. Europawäit war de Bach zu Liefzäite virun allem als Uergel- an Cembalovirtuos bekannt, souwéi als Meeschter vun der Improvisatioun. Hien hat och en exzellente Ruff als Uergelexpert. Donieft huet de Bach, wéi vill vun den deemolege Museker och d'Violin beherrscht an huet Opféierunge vu senge Wierker heefeg vun der Braatsch aus geleet.

Dem Bach seng haiteg Berüümtheet huet hir Wuerzelen zum engen an der Tatsaach, datt seng Wierker (zesumme mat deene vum Heinrich Schütz an den Operen an Oratorie vum Georg Friedrich Händel) déi eenzeg Barockkompositioune waren, déi um Ufank vum 20. Joerhonnert a groussem Ëmfang iwwerliwwert waren, an zum aneren huet seng konsequent Uwendung vum Kontrapunkt, verbonne mat der Affektwierkung vu senger Melodik an der Harmonik, op méi spéit Komponisten eng grouss Wierkung ausgeübt. Zanter dem 19. Joerhonnert schätze kierchlech Kreesser dem Bach seng geeschtlech Musek virum allem wéinst hirer staarker Reliéisheet.

Déi wäit Verbreedung a Receptioun vum Bach senge Wierker huet hiren Ufank fonnt, wéi d'Matthäuspassion vum Felix Mendelssohn Bartholdy am Joer 1829 nees nei opgefouert gouf, a säi ganzt Wierk vun 1851 bis 1899, bei deem ënner anerem de Johannes Brahms matgewierkt huet, erausbruecht gouf. Souwuel de Mendelssohn wéi och de Brahms hu Pianoswierker vum Bach ëffentlech virgedroen. Dem Philipp Spitta seng Biographie an zwéi Bänn (1873-1879) huet de Concertspublic, deen eréischt am 19. Joerhonnert sou richteg entstanen ass, fir d'éischt a groussem Ëmfang mam Bach sengem Liewen a senge Wierker bekannt gemaach. Am Laf vum 19. an 20. Joerhonnert gouf de Bach fir Pianisten a Pianosschüler nees dat, wat e scho fir de Ludwig van Beethoven an de Robert Schumann war: e musikalescht Liewenselixier. D'Fleg vum Bach senger Kierchemusek gouf virun allem vu sengen Nofollger am Amt vum Thomaskantor zu Leipzig virubruecht. Am 20. Joerhonnert hu sech déi grouss Symphonieorchesteren an hir berüümt Dirigenten ëmmer méi sengem Instrumentalwierk ugeholl.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Wunnuerter vum J. S. Bach
  

Kandheet zu Eisenach[änneren | Quelltext änneren]

De Johann Sebastian Bach war dat jéngst vun aacht Kanner vum Stadpäiffer an Hafftrompettist Johann Ambrosius Bach a senger Fra Elisabeth Bach, gebuere Lämmerhirt.

Bei der Gebuert vum Bach gouf a senger Gebuertsuertschaft Eisenach nach mam Julianesche Kalenner gerechent. Dofir gëtt säi Gebuertsdatum an der Reegel mam ërtlech gëltegen Datum, dem 21. Mäerz 1685, uginn, säin Doudesdatum dogéint nom Gregorianesche Kalenner, deen zu Leipzig gëlteg war. Wann een dem Bach säi Gebuertsdatum mat aneren Date vun där Zäit vergläiche wëll, muss ee berécksiichtegen, datt hien nom Gregorianesche Kalenner, deen an anere Gebidder schonn am Gerauch war, eréischt den 31. Mäerz 1685 op d'Welt koum.

De Bach gouf op engem Méinden, den 23. Mäerz, an der Georgenkirche gedeeft. Seng fréi Kandheet huet hien zu Eisenach verbruecht, wou hien duerch de Cousin vu sengem Papp, den Organist vun der Eisenacher Georgenkirche Johann Christoph Bach, fir d'éischt Kéier a Kontakt mat Kierchen- an Uergelmusek koum. Am Alter vun aacht Joer ass hien op d'Latäinschoul vum Eisenacher Dominikanerklouschter gaangen.

Seng Mamm ass den 3. Mee 1694 gestuerwen. De 27. November 1694 huet säi Papp sech mat der Wittfra Barbara Margaretha Bartholomäi, gebuere Keul, bestuet, mä ass awer e puer Méint drop, den 20. Februar 1695, gestuerwen. De Johann Sebastian ass mat sengem Brudder Johann Jacob bei säin eelere Brudder Johann Christoph Bach (1671-1721) op Ohrdruf geplënnert.

Schoulmatrikel vum Lycée Ohrdruf
De J. S. Bach ass de 4. Schüler an der zweeter Lëscht

Beim Brudder zu Ohrdruf[änneren | Quelltext änneren]

Zu Ohrdruf huet de Johann Sebastian de Lycée bis zu der Prima gemaach, a krut domat eng besser Schoulausbildung wéi seng Virfahren opweises haten. An der Secunda ware säi Cousin Johann Ernst Bach a säi liewenslaange Frënd de Georg Erdmann seng Matschüler.

Säi Brudder de Johann Christoph, dee 14 Joer méi al an zu Ohrdruf Organist war, huet seng weider Erzéiung a musikalesch Ausbildung iwwerholl. Vun him huet de Bach d'Spillen op Tastenintrumenter geléiert. Zu sengem Liewensënnerhalt huet seng Tätegkeet als Chouersänger bäigedroen.

Den 19. Januar 1700 huet de Georg Erdmann Ohrdruf verlooss an ass op Lüneburg gereest. Kuerz drop, de 15. Mäerz, ass de Johann Sebastian him nogaangen.

Mettechouersänger zu Lüneburg[änneren | Quelltext änneren]

De Bach an den Erdmann goufen zu Lüneburg Fräischüler vum Michaelis-Klouschter. Si hunn als Diskantisten am Mettechouer gesongen. De Georg Böhm war zu där Zäit Organist an der Johanniskierch. Säin Afloss um Bach seng fréi Uergelwierker a Klavéiersuitë léisst sech stilkritesch unhuelen, awer net beleeën. Och, datt de Bach wéi ugeholl zu Celle Musek am franséische Stil konnt kenneléieren, ass net bewisen. Beluecht ass allerdéngs seng Fousswanderung op Hamburg bei de bekannten Organist Johann Adam Reincken, bei deem hie sech am Uergelspill weidergebilt huet.

Tëscht Ouschteren 1702, wéi de Bach seng Schoulzäit zu Lüneburg ofgeschloss hat, a 1703 loosse sech dem Bach seng Spueren net méi genee verfollegen. Aus engem spéidere Bréif ergëtt sech, datt hie sech am Juli fir d'vakant Organisteplaz zu Sangerhausen opgestallt hat a beim Rot och de bevirzuchte Kandidat war, mä datt den Herzog vu Sachsen-Weissenfels sech iwwer dëse Votum ewechgesat huet.

Lakai a Violonist zu Weimar[änneren | Quelltext änneren]

Paiziedel vu Weimar - Dem Laqueÿ Baachen

Spéitstens zanter dem Mäerz 1703 war de Bach als Lakai a Violonist an der Privatkapell vum Matregent Johann Ernst vu Sachsen-Weimar ugestallt. Bei enger Uergelprouf de 17. Mäerz 1703 huet de Bach Kontakter zum Rot vun Arnstadt geknëppt.

Organist zu Arnstadt[änneren | Quelltext änneren]

Eng Stad mat Bach-Traditioun[änneren | Quelltext änneren]

Bachkierch zu Arnstadt
Autograph vun der Choralbeaarbechtung „Wie schön leuchtet der Morgenstern“ BWV 739

Den 9. August 1703 krut de Bach ouni e weidert Proufspill seng Bestallung als Organist vun der Neuen Kirche zu Arnstadt.
Hei hate scho Membere vun der Bachfamill als Museker geschafft. Dem Johann Sebasian säi Grousspapp, de Christoph Bach (1613-1661), war Haff- a Stadmusikus a säi Brudder, den Heinrich Bach (1615-1692), war Organist vun der Liebfrauenkirche an der Oberkirche. Den Heinrich Bach war de Grousspapp vum J. S. Bach senger éischter Fra, der Maria Barbara Bach. Zu Arnstadt huet och d'Wittfra vu sengem Monni, dem Johann Christoph Bach (1645-1695), mat hirem Jong, dem Johann Ernst Bach (1683-1739), gewunnt. De Johann Ernst huet de Bach wärend senger Rees op Lübeck vertrueden, a krut dem Bach säin Amt nodeem dësen op Mühlhause gezu war.

Fir eng ongewéinlech déck Pai vu 50 Gulden an 30 Gulde fir Kascht a Logis war de Bach an der Neuen Kirche offiziell nëmme fir d'Uergelspill, an net fir d'Figuralmusek zoustänneg. Zu engem Zäitpunkt, deen net genee ze bestëmmen ass, gouf hien awer zu der Zesummenaarbecht mam Chouer vum Lycée verflicht.

Éischt iwwerliwwert Uergel- a Pianowierker[änneren | Quelltext änneren]

Am Oktober 1705 krut de Bach fir eng Rees op Lübeck bei den Dietrich Buxtehude Congé vu véier Wochen, deen hien allerdéngs op dräi Méint verlängert huet. Obschonn hie fir e Vertrieder gesuergt hat, gouf hien den 21. Februar 1706 dowéinst a wéinst "Nachlässigkeit im Dienst" vum Konsistorium vun der Gemeng gerügt.

Dës Rees bei de Buxtehude huet dem Bach wäertvoll musikalesch Andréck verschaf. Dem Buxtehude seng Owendmuseken, Uergel- a Pianowierker souwéi säin onvergläichlecht Uergelspill hunn de jonken Organist a Komponist waakreg gemaach.
Déi éischt Uergel- a Pianosstécker vum Bach, déi nach erhale sinn, loossen den Afloss vum Buxtehude erkennen. Dozou gehéiere Choralvirspiller wéi zum Beispill "Wie schön leuchtet der Morgenstern" (BWV 739) a Präludien, Toccaten, Partiten a Phantasien.

Dem Bach säi "Capriccio sopra la lontananza del fratello dilettissimo", wat hie fir säi Brudder Johann Jacob Bach, dee sech als Feldmuseker an der schweedescher Arméi verdéngt hat, komponéiert hat, gëtt op d'Joer 1706 datéiert.

An alle Biographie geet driwwer riets, datt de Bach e puermol a Konflikt mam Arnstädter Konsistorium gerode war. Dëst huet säi Verhale géintiwwer vun de Chouermembere betraff, säi Vertrieder wärend sengem Congé, a seng Manéier, op der Uergel ze spillen. Hie gouf e puermol drop higewisen, bei der Begleedung vun der Chorale am Gottesdéngscht Tëschespiller, Verzirungen a Modulatiounen z'ënnerloossen. Zitat: Halthen Ihm vor daß er bißher in dem Choral viele wunderliche variationes gemachet, viele frembde Thone mit eingemischet, daß die Gemeinde darüber confundiret worden. D'Choralbeaarbechtung zu "Herr Jesu Christ, dich zu uns wend" (BWV 726) mat hiren iwwerraschenden Ausweichungen, hirer Chromatik déi immens schaarf op den deemolegen Uergele geklongen huet, an den Tëschespiller, mécht d'Verwirrung vun der Gemeng verständlech.

Eng aner Kéier gouf sech beklot, datt hien eng "frembde Jungfer" (seng Kusin vum zweete Grad, d'Maria Barbara Bach) op d'Chouerempore matgeholl hätt.
Dësen enke Verhältnesser huet de Bach gehofft zu Mühlhausen z'entgoen.

Héierbeispill Herr Jesu Christ, dich zu uns wend[änneren | Quelltext änneren]

Uergelchoral "Herr Jesu Christ, dich zu uns wend"   


Herr Jesu Christ, dich zu uns wend, Uergelchoral BWV 726

Organist an der fräier Räichsstad Mühlhausen[änneren | Quelltext änneren]

Bestietnes[änneren | Quelltext änneren]

Nodeem de Bach de 24. Abrëll 1707 zu Mühlhausen virgespillt hat, huet hien do an der Kierch Divi Blasii den 1. Juli säin Déngscht als Organist ugetrueden. Hie krut eng Pai vu 85 Gulden, dobäi koumen Naturalien a Ressourcen aus den Niewekierchen. Wéi schonn zu Arnstadt fält op, datt hie méi en héije Loun wéi seng Virgänger an Nofollger krut. Déi Verhältnesser hunn et him erlaabt, eng Famill ze grënnen. De 17. Oktober 1707 huet hie sech zu Dornheim bei Arnstadt mat der Maria Barbara Bach bestuet.

Quodlibet: e musikalesche Spass vun der Bachfamill[änneren | Quelltext änneren]

Méifach gëtt vun Treffe vun der grousser Bach-Famill erzielt. Bei sou Treffen, beispillsweis bei Hochzäitsfeieren, gouf zesumme gesongen a musizéiert, dacks méistëmmeg an improviséiert. Am sougenannte Quodlibet (BWV 524) huet de Bach warscheinlech 1707, spéitstens 1708 sou een Duerchernee vu Lidder opgezeechent, bei deem net nëmme Feeler a Kaf geholl goufen, mä wou sech och gär provozéiert an ameséiert gouf. Den Titel Quodlibet ass net original. Et ass nëmmen e Fragment dovun erhalen, a weist en Text voller Uspillungen op. Net alles ass sou verständlech wéi "Große Hochzeit, große Freuden, Große Degen, große Scheiden". Méiglecherweis gouf dëse Quodlibet beim Bach senger Hochzäit mat der Maria Barbara virgedroen.

Rotswiesselkantaten a Proufspill zu Weimar[änneren | Quelltext änneren]

„Gott ist mein König“, 1708
Hie schreift sech italieenesch als
Gio. Bast. Bach
(= Giovanni Bastiano Bach)

Op Optrag zum Rotswiessel vum 4. Februar 1708 huet de Bach déi festlech Kantat Gott ist mein König (BWV 71) komponéiert, déi als eenzeg aus där Zäit als Drock erhalen ass. Kuerz drop konnt hien eng deier Erweiderung a Reparatur vun der Uergel duerchsetzen.

Am Juni 1708 ass de Bach am Zesummenhang mam Ofschloss vun de Renovéierungsaarbechte vun der Uergel op Weimar gereest, an huet virum Herzog Wilhelm Ernst virgespillt. Deen huet him d'Plaz als Hafforganist a Kammermuseker mat enger Pai vun 150 Gulde plus Naturalien ugebueden. Ausserdeem hat e grousse Brand zu Mühlhausen zu enger Verdeierung vun de Liewenskäschte gefouert. D'Aussiicht op eng wesentlech besser finanziell Situatioun war wuel de Grond, datt de Bach schonn de 25. Juni 1708 – knapps e Joer no sengem Amtsuntrëtt – zu Mühlhause gekënnegt huet. Säin Nofollger gouf de Johann Friedrich Bach. De Bach ass awer weiderhi mat der Stad Mühlhausen verbonne bliwwen. Jeeweils fir de Februar 1709 a 1710 krut hien Opträg fir Rotswiesselkantanten, déi och op Käschte vum Rot gedréckt goufen, awer verschwonne sinn.

Hafforganist a Kammermuseker zu Weimar[änneren | Quelltext änneren]

Christian Richter (ëm 1660):
Schlasskierch Weimar

An der éischter Julihalschent 1708 ass de Bach mat senger schwangerer Fra op Weimar geplënnert. Den 29. Dezember vum selwechte Joer koum dat éischt Kand, d'Catharina Dorothea, gedeeft. Wärend der Weimarer Zäit koumen nach fënnef weider Kanner: de Wilhelm Friedemann (* 22. November 1710), d'Zwillinge Maria Sophia a Johann Christoph (* 23. Februar 1713, si sinn awer kuerz drop gestuerwen), de Carl Philipp Emanuel (* 08. Mäerz 1714) an de Johann Gottfried Bernhard (* 11. Mee 1715).

Fräi a liturgesch gebonnen Uergelwierker[änneren | Quelltext änneren]

E groussen Deel vum Bach sengem Uergelwierk ass zu Weimar entstanen, dorënner seng Passacaglia a verschidden Toccaten, Präludien a Fugen. Hei huet hie säin Orgel-Büchlein ugefaangen, wat als Sammlung vun 164 Choralvirspiller ugeluecht war, vun deenen hien awer nëmme 44 fäerdeg geschriwwen huet.
Nieft sengem Déngscht an der Wilhelmsbuerg vum Herzog Wilhelm Ernst stoung Bach och sengem Neveu, dem Ernst August immens no, deen am Roude Schlass gewunnt huet, an zanter 1709 Matregent gi war. Säi Brudder Johann Ernst war e Schüler vum Johann Gottfried Walther. Vun him stame Virlage fir dem Bach seng Piano- an Uergeltranskriptioune BWV 592, 595, 982, 984 an 987.

Éischt iwwerliwwert weltlech Kantanten[änneren | Quelltext änneren]

Den 21. an 22. Februar 1713 war de Bach zu Weißenfels wéinst de Feierlechkeeten zum Gebuertsdag vum Herzog Christian vu Sachsen-Weißenfels. Méiglecherweis goufen do d'Jagdkantat BWV 208 opgefouert, dem Bach seng fréist bekannt weltlech Kantat. Kierchekantate sinn aus der fréierer Weimarer Zäit nëmme wéineg iwwerliwwert.

Géint Enn vum Joer 1713 gouf dem Bach no der Opféierung vun enger Proufkantate d'Organisteplaz an der Liebfrauenkirche zu Halle ugebueden. De Grond fir dem Bach säin Interessi un der Plaz ass net bekannt. Hie krut de 14. Dezember seng Bestallung vum Kierchekollegium, huet awer gezéckt de Vertrag z'ënnerschreiwen, an huet eréischt den 19. Mäerz 1714 eng Ofso mat der Begrënnung, datt d'Pai net sengen Erwaardunge géif entspriechen, geschéckt.

Concertsmeeschter zu Weimar[änneren | Quelltext änneren]

De Bach als Concertsmeeschter zu Weimar(?)
Monument vis-à-vis vum Bach-Haus zu Weimar

Den 2. Mäerz 1714 gouf de Bach zu Weimar zum Concertsmeeschter ernannt. Obschonn hien an der Hierarchie nach ëmmer ënner dem Kapell- an dem Vizekapellmeeschter stoung, krut hie mat 250 Gulden eng wiesentlech méi déck Pai wéi déi aner zwéin.

Nei Aufgaben[änneren | Quelltext änneren]

Mam neien Amt war d'Flicht verbonnen, all véier Wochen eng Kierchekantat um jeeweilege Sonnden ze komponéieren. Als éischt Kantat gouf de 25. Mäerz (Pällemsonnden) d'Kantat Himmelskönig, sei willkommen (BWV 182) virgedroen. Dozou koumen a reegelméissegen Ofstänn nach mindestens 20 weider Wierker, déi de Stack vun de spéidere Leipziger Kantatejoergäng gebilt hunn.

Schliisslech huet sech de Bach no enger neier Plaz ëmgekuckt, an huet dës um Haff vum Fürst Leopold vun Anhalt-Köthen fonnt, deem seng Schwëster den Ernst August de 24. Januar 1716 bestuet hat. De Grond fir dëse Schratt kann nëmme gemuttmoosst ginn. Den 1. Dezember 1716 war den éischte Kapellmeeschter Johann Samuel Drese gestuerwen. Eng Nofollegreegelung war net getraff ginn, mä säi Jong de Johann Wilhelm hat eng gewësse Virrangstellung, well hien als Vizekapellmeeschter schonn iwwer eng länger Zäit a sengem Papp seng Geschäfter hat. Domat wier fir de Bach den Opstig zum Kapellmeeschter laangfristeg blockéiert gewiescht.

De Bach huet de 5. August 1717 de Vertrag fir seng nei Plaz zu Köthen ënnerschriwwen, ouni virdru seng Entloossung zu Weimar gefrot ze hunn. Wéi en dat nohuele wollt, krut hie seng Demissioun net, mä gouf de 6. November wéinst senger "Halßstarrige Bezeügung" an der Landrichterstube festgeholl. Den 2. Dezember gouf hien aus der Haft an aus dem Déngschtverhältnes entlooss.

An den Hierscht 1717 gëtt eng Episod datéiert, déi 1739 fir d'éischt Kéier ernimmt gëtt. De Bach ass op den Haff op Dresden gereest, wou et zu engem Wettsträit mam berüümten Uergelvirtuos Louis Marchand komme sollt. Mä sou wäit ass et net komm, well de Marchand deen Dag scho moies fréi nees fortgereest war, anscheinend well hie kee Verglach wollt hunn. Dës Episod ass en typescht Beispill dofir, datt scho kuerz nom Doud vum Bach glorifizéierend Anekdote gefleegt goufen, déi dacks duerch ongenee Erënnerunge vu Schüler oder senge Jongen ausgeléist goufen. De Bach selwer hat, dem Carl Philipp Emanuel Bach no, wéineg fir mëndlecht oder schrëftlecht Weidergi vu sou Anekdoten iwwereg.

Bezéiungen zum Johann Georg Pisendel[änneren | Quelltext änneren]

Méi wichteg wéi en Zesummentreffe mam Marchand, deem seng Wierker hie geschat huet, ware fir de Bach seng Bezéiungen zum Dresdner Musekdirekter Johann Georg Pisendel (1687-1755). Stilkritesch Vergläicher vun de Solowierker fir Violin vum Bach a vum Pisendel leeën no, datt de Pisendel de Bach zu der Kompositioun vun de 6 Sonaten a Partiten ugereegt huet. Schonn 1709 haten déi zwee eng Zäitchen zesummen zu Weimar verbruecht an zanterhier Kompositiounen ausgetosch. Duerch de Pisendel konnten dem Bach dem Vivaldi seng Kompositioune vermëttelt gi sinn. De Pisendel war nämlech de 27. September 1717 aus Italien zeréckkomm, wou hie kuerzzäiteg e Schüler vum Vivaldi war. En Zesummentreffen an e kënschtlereschen Austausch sinn also unzehuelen.

Fürstleche Kapellmeeschter zu Köthen[änneren | Quelltext änneren]

D'Fürstlecht Residenzschlass zu Cöthen

Zanter Dezember 1717 war de Bach Kapellmeeschter zu Köthen. De Bach huet de jonke musikaleschen Herzog Leopold vun Anhalt-Köthen geschat, a stoung him anscheinend och perséinlech ganz no, wat een z. B. doru gesäit, datt souwuel de Leopold wéi och seng Gesëschter August Ludwig an Eleonora Wilhelmine, Pätter a Giedel vum Bach sengem Bouf Leopold August (*15. November 1718) waren. D'Kand ass awer knapps e Joer drop gestuerwen.

Eng Kapell „Avec plusieurs Instruments“[änneren | Quelltext änneren]

De Bach konnt zu Köthen fir eng exzellent Kapell komponéieren. De Fürst Leopold hat bis zu 17 Museker engagéiert, déi zum Deel aus der Kapell vum preisesche Kinnek Friedrich Wilhelm I. komm sinn, déi 1713 opgeléist gi war. Aacht Instrumentalisten hate Solistequalitéiten an de Rang vum "Cammermusicus". Den Herzog huet seng Kapell mat gudden Instrumenter ausstafféiert, an huet de Bach 1719 op Berlin geschéckt, fir en neien Cembalo ze kafen. Do konnt de Bach de Markgrof Christian Ludwig vu Brandenburg kenneléieren. Fir hien huet hien 1721 eeler a méi nei Instrumentalsätz zu de "Six Concerts avec plusieurs Instruments" zesummegestallt, déi méi spéit "Brandenburgische Konzerte" genannt goufen (BWV 1046-1051).

Doud vu senger Fra an nei Hochzäit[änneren | Quelltext änneren]

Clavier-Büchlein vor Anna Magdalena Bachin Anno 1722, Deckblat
Sonata 1ma á Violino Solo senza Baßo di JSBach
Adagio
Autograph 1720

Nodeem de Bach 1720 no enger Rees vun zwéi Méint vum Haff vu Karlsbad zeréckkomm war, huet hie misse gewuer ginn, datt seng Fra Maria Barbara no kuerzer Krankheet gestuerwen, an de 7. Juli begruewe gi war. Den 3. Dezember 1721 huet hie sech mat der Anna Magdalena bestuet, der Duechter vum fürstlechen Haff- a Feldtrompettist zu Sachsen-Weissenfels Johann Kaspar Wilcke, déi 1720 als Sopranistin un de Köthener Haff komm war.

Och aus dësem Bestietnes gounge vill Kanner eraus, vun deenen déi meescht awer schonn am fréien Alter nees gestuerwe sinn: Christiana Sophia Henrietta (* Fréijoer 1723; † 29. Juni 1726), Gottfried Heinrich (* 26. Februar 1724), Christian Gottlieb (gedeeft 14. Abrëll 1725; † 21. September 1728), Elisabeth Juliana Friederica (gedeeft 5. Abrëll 1726), Ernestus Andreas (* 30. Oktober 1727; † 1. November 1727), Regina Johanna (10. Oktober 1728; † 25. Abrëll 1733), Christiana Benedicta (* 1. Januar 1730; † 4. Januar), Christiana Dorothea (* 18. Mäerz 1731; † 1732), Johann Christoph Friedrich (* 21. Juni 1732), Johann August Abraham (* 5. November 1733; † 6. November 1733), Johann Christian (* 5. September 1735), Johanna Carolina (gedeeft 30. Oktober 1737), Regina Susanna (gedeeft 22. Februar 1742).

Unterrechtswierker, virtuos Instrumentalkompositiounen a Kantaten[änneren | Quelltext änneren]

Als Bäitrag zu der musikalescher Erzéiung vu senge Kanner hat de Bach den 22. Januar 1720 d'Clavierbüchlein fir den eelste Jong Wilhelm Friedemann ugefaangenn, an deem ënner anerem déi zweestëmmeg Inventiounen an dräistëmmeg Sinfonien ze fanne waren. D'Clavierbüchlein vor Anna Magdalena Bachin (1722) weist Fréifaassunge vun de Franséische Suiten. Nieft dem Wohltemperierten Klavier an de sechs Violinpartiten a -sonate sinn dat déi autograph Instrumentalkompositiounen déi sécher op d'Köthener Zäit datéiert kënne ginn.

Donieft sinn nach e puer Gebuertsdags- an Neijoerschkantaten iwwerliwwert, mä awer net fir all Feierdag deen a Fro kënnt. Et gëllt als sécher, datt de Bach fir den Haff vill Instrumentalkompositioune geschriwwen huet, déi awer gréisstendeels verschwonne sinn, oder a spéidere Beaarbechtungen als Cembaloconcerten oder Kantatesätz ze fanne sinn.

Op der Sich no enger neier Plaz[änneren | Quelltext änneren]

Hamburg[änneren | Quelltext änneren]

Am September 1720 gouf d'Organisteplaz zu St. Jakob zu Hamburg fräi, fir déi sech de Bach gemellt hat. Hie gouf och vum Hamburger Rot fir e Proufspill zougelooss, huet awer dann ofgesot, warscheinlech well d'Iwwerhuele vun der Plaz mat enger grousser Kafzomm verbonne war.

Berlin[änneren | Quelltext änneren]

Méiglecherweis ass d'Widmung vun de Brandenburgischen Konzerte vum 24. Mäerz 1721 fir de Markgrof Christian Ludwig vu Brandenburg am Zesummenhank mam Bach senger Sich no enger neier Plaz ze gesinn.

Aus onbekannte Grënn huet de Fürst Leopold sech duerno ëmmer méi vum Bach senger Ensembelmusek ofgewand. Vläicht bezitt sech d'berüümte Plaz am Bach sengem Bréif vum 20. Oktober 1730 u säi Jugendfrënd Georg Erdmann op déi Ännerung am Museksgout vum Fürstenhaus, woubäi hien ongerechterweis der Fra vum Fürst d'Haaptschold gëtt: "Daselbst [in Köthen] hatte einen gnädigen und Music so wohl liebenden als kennenden Fürsten; bei welchem [ich] auch vermeinte meine Lebenszeit zu beschließen. Es musste sich aber fügen, dass erwehnter Serenissimus sich mit einer Berenburgischen Princeßin vermählete, da es denn das Ansehen gewinnen wollte, als ob die musicalische Inclination [= Neigung] bey besagtem Fürsten in etwas laulicht werden wollte, zumahln da die neüe Fürstin schiene eine amusa zu sein." Dëst gëtt doduerch bestätegt, datt nodeem de Bach gaange war, seng Plaz zu Köthen net méi nobesat gouf.

Leipzig[änneren | Quelltext änneren]
Statu vum Bach zu Leipzig

Nom Doud vum Johann Kuhnau de 5. Juni 1722 gouf zu Leipzig d'Plaz vum Thomaskantor fräi. No engem éischte Proufspill de 14. Juli gouf vun de Bewerber, zu deenen de Johann Friedrich Fasch (Kapellmeeschter um Haff zu Anhalt-Zerbst) an de Christian Rolle (Musekdirekter zu Magdeburg) gezielt hunn, de Georg Philipp Telemann gewielt. Well den Telemann awer wéinst enger Gehaltserhéijung zu Hamburg bliwwen ass, gouf eng zweet Kantoratsprouf aberuff, wou nieft dem Bach de Georg Friedrich Kauffmann aus Merseburg, dee fräiwëlleg zeréckgetrueden ass, de Johann Christoph Graupner (Kapellmeeschter zu Darmstadt) an de Balthasar Schott (Organist an der Neuen Kirche zu Leipzig) kandidéiert hunn.

De Bach huet de 7. Februar 1723 als Proufstéck d'Kantaten Jesus nahm zu sich die Zwölfe (BWV 22) an Du wahrer Gott und Davids Sohn (BWV 23) opgefouert. Gewielt gouf de Graupner, deen awer huet missen ofsoen, well den hessesche Landgrof hien net entloosse wollt. Domat gouf de Bach als "drëtt Wal" Thomaskantor, en Amt, wat e bis zu sengem Doud behalen huet.

Den Titel vum Fürstleche Köthenesche Kapellmeeschter duerft de Bach weider féieren, an hien huet bis zum Doud vum Fürst am Joer 1728 Musek fir d'Festdeeg geliwwert.

Thomaskantor a stättesche Musekdirektor zu Leipzig[änneren | Quelltext änneren]

Fotografie vun der Thomasschoul vun 1902
Dem Bach seng Famill huet am lénksen Drëttel vum Haus gewunnt

Enn Mee 1723 huet de Bach säin Déngscht zu Leipzig opgeholl. Als Kantor a Musekdirekter war hie fir d'Musek an de véier Haaptkierche vun der Stad verantwortlech. Dozou huet och d'Virbereedung vun enger Kantatenopféierung all Sonnden an all Feierdag gezielt. Ausserdeem war hie fir de Museksunterrecht an der Thomasschoul responsabel. D'Internatsschüler ware verflicht, als Chouersänger d'Gottesdéngschter matzegestalten. Säin Deputat als Latäinprofesser, wat mat senger Plaz traditionell verbonne war, huet hie géint Suen un e Schoulmeeschter vun der Schoul iwwerdroen.

Musek fir d'Kierch[änneren | Quelltext änneren]

Gläich nodeem en ukomm war, huet de Bach ugefaangen, Kantate fir d'Opféierungen ze komponéieren oder z'iwwerschaffen. Bei där systematescher Aarbecht muss an den éischten zwee Joer am Schnëtt ongeféier ee Wierk pro Woch entstane sinn, duerno goung et méi lues virun. Am Ganze sinn zwéi komplett Joergäng iwwerliwwert, den Nekrolog erzielt vun dräi weideren (kuckt Bachkantaten). Am Ganze sollen an där Zäit ongeféier 300 Kantaten entstane sinn.

Fir Chrëschtdag 1723 huet de Bach déi zweet Fassung vum Magnificat an Es-Dur mat de Sätz fir Chrëschtdag (eng éischt Fassung gouf et ouni dës Sätz schonn den 2. Juli 1723) geschriwwen, fir de Karfreideg 1724 säi bis dohi gréisst Wierk d'Johannespassion, a fir Chrëschtdag 1724 e Sanctus. Wuel um Ufank vum Joer 1725 ass de Bach dem Textdichter Christian Friedrich Henrici alias Picander begéint, dee schliisslech den Text fir d'Matthäuspassion geliwwert huet, déi 1727 oder 1729 uropgefouert gouf.

D'Opféierungsbedingungen hate sech an dësen éischte Leipziger Joren am grousse Ganze verschlechtert. De Bach huet sech gezwonge gesinn, dem Rot vun der Stad Leipzig den 23. August 1730 genee senge Virstellunge vun der vokaler an instrumentaler Ausstattung vun enger „wohlbestallten Kirchenmusic“ ze dokumentéieren. Dësen „höchstnöthige Entwurff“ ass haut eng wichteg Source fir d'historesch Opféierungspraxis vu senge Wierker.

De Bach huet sech déi Zäit beméit, den Titel vum Haffkompositeur zu Dresden ze kréien, well hie mat der Pai onzefridde war, den héije Liewenskäschten an der Leipziger Obregkeet, déi dem Bach säi Schafen net a sengem Sënn gefërdert huet, wéi an engem Bréif aus dem Joer 1730 ze liesen ass: „Da aber nun (1) finde, daß dieser Dienst bey weitem nicht so erklecklich als mann mir Ihn beschrieben, (2) viele accidentia dieser station entgangen, (3) ein sehr theurer Orth u. (4) eine wunderliche und der Music wenig ergebene Obrigkeit ist, mithin fast in stetem Verdruß, Neid und Verfolgung leben muß, als werde genöthiget werden mit des Höchsten Beystand meine Fortun anderweitig zu suchen.“.

Weltlech Musek[änneren | Quelltext änneren]

Collegium musicum[änneren | Quelltext änneren]

1729 huet de Bach d'Leedung vum Collegium musicum iwwerholl, wat 1701 vum Telemann gegrënnt gi war, déi hie bis 1741, vläicht souguer bis 1746, behalen huet. Mat där studentescher Instrumentalkapell - et gouf nach weiderer zu Leipzig - huet hien däitsch an italieenesch Instrumental- a Vokalmusek opgefouert, ausserdeem huet hien eng jett vu senge weltleche Kantate geschriwwen, wéi z. B. Hercules am Scheidewege, déi hien "Dramma per la Musica" oder "Dramma per Musica" genannt huet, an déi strukturell no bei der Oper stoungen. An der Bauernkantate an der Kaffeekantate weist sech, datt hien och am humoristesche Genre schreiwe konnt. D'Kaffeekantate gouf warscheinlech am "Zimmermannischen Caffee-Hauß" opgefouert, wou hie mam Collegium musicum konzertéiert huet. Eemol pro Woch, wärend der Leipzeger Mass souguer zweemol, goufen hei oder am Kaffeehausgaart deen dozou gehéiert huet, owes sou "Musikalischen Concerten, oder Zusammenkünffte" ofgehalen. Si gëllen als Noweis vum biergerleche Verlaangen no méi héijer musikalescher Ënnerhalung zu Leipzig.
Dem hunn och déi vill Cembaloconcerte fir bis zu véier Soliste gedéngt, déi zum gréissten Deel als nei Arrangementer vu meeschtens eegene Violin- oder Hautboisconcerten an Instrumentalsätz aus Kantaten, awer och aus frieme Virlagen (z. B. Vivaldi) entstane sinn. Als Soliste stoungen nieft dem Bach selwer seng Bouwen a Schüler zur Verfügung.

Piano- an Uergelwierker fir Schüler, Kenner an Amateuren[änneren | Quelltext änneren]

A senger gesamter Leipziger Zäit war de Bach e villgesichte Léiermeeschter. Dacks hunn och Schüler a sengem Stot gewunnt. Zil vum Unterrecht war et, Museker auszebilden, déi als Instrumentalisten a Komponisten de villfältegen Aufgabe beim Haff, an der Kierch an am biergerleche Museksliewen, dat grad ugefaangen huet, gewuess waren. Dem Bach säin Unterrecht huet virun allem bei senge Bouwe vill Friichte gedroen.

Fir dësen Unterrecht huet de Bach méi nei awer och méi eeler Kompositioune benotzt. Vill dovun huet hien zesummegefaasst, an als Clavierübung I, II, III und IV verëffentlecht.

Huldegungskantanten a Festmuseken[änneren | Quelltext änneren]
D'Apelescht Haus
Opféierung vum BWV 215
Tod Gottfried Reiches

Schonn zu Weimar an zu Köthen hat de Bach Huldegungskantate fir d'Fürstenhaiser vu Weimar, Weissenfels a Köthen souwéi Festmuseken a Forum vu Kantate fir verschidden Uläss komponéiert. Zu Leipzig si weider Wierker an deem Genre entstanen, woubäi de Bach jeefeg eeler Virlage verschafft huet. D'Festmuseken an Huldegungskantate waren zum Beispill fir den Ëmkrees vun der Universitéit an der Thomasschoul souwéi fir d'Kurfürste Friedrich August I. an II. vu Sachse geduecht, déi gläichzäiteg als August II. an III. Kinneke vu Pole waren. Och weider Adeleg a räich Bierger goufe mat musikaleschen Éierunge beduecht.

Déi Kantate goufe meeschtens am Fräien opgefouert, an hunn dofir misse mat Chouer an Instrumentalkapell staark besat sinn. Dat war virun allem méiglech, nodeem de Bach de Collegium musicum iwwerholl hat. Zur Verstäerkung stoungen him d'Museker vun der musicalischen Stadt Compagnie zur Verfügung.

Iwwer d'Opféierung vu sou engem Wierk, nämlech der Kantat „Preise dein Glücke, gesegnetes Sachsen“ (BWV 215) fir dem August III. säi Kréinungsjubiläum de 5. Oktober 1734, gëtt et ëmfangräich Opzeechnungen an der stättescher Chronik. Well d'kinneklech Famill zu Leipzig keng eege Residenz hat, gouf si am biergerlechen Apelesche Stadpalais ënnerbruecht.

Aus der Chronik:

Gegen 9 Uhr Abends brachten Ihro Majt. die allhiesigen Studierenden eine allerunterthänigst Abend Music mit Trompeten und Pauken, so Hr. Capell Meister Joh. Sebastian Bach Cant. zu St. Thom. componieret. Wobey 600. Studenten lauter Wachs Fäckeln trugen, und 4. Grafen als Marschälle die Music aufführten.

Des Weidere gëtt de Wee vum Zuch bis zu der Logis vum Kinnek beschriwwen. Den Dag drop ass den 1. Trompettist Gottfried Reiche, de Senior vun der Musikalischen Stadt Compagnie gestuerwen, „weil er vorher...wegen des Blasens große Strapazzen gehabt, und auch der Fackel Rauch ihm sehr beschwerlich gewesen.

Och an där Kantat huet de Bach eeler Kantatesätz benotzt. Ee vun de Sätz gouf méi spéit an d'Messe in h-Moll opgeholl.

Parodien: Ëmaarbechtunge vu weltleche Kantante fir kierchlech Zwecker[änneren | Quelltext änneren]

Eng jett vu sengen Huldegungskantaten huet de Bach kuerz nodeem e se geschriwwen hat a geeschtlech Wierker ëmgewandelt. Där Parodieprozedur ass d'Chrëschtdagsoratorium vu 1734/1735 ze verdanken, d'Himmelfahrtsoratorium vu 1735 an d'Ouschteroratorium. Duerch d'Parodéiere vu geeschtleche Kantate sinn déi sougenannt Lutheresch Massen entstanen, souwéi och d'Urfaassung vun der Mass a Si mineur vu 1733 (déi sougenannt Missa), déi nëmmen de Kyrie an de Gloria ëmfaasst huet. Nodeem dëst Wierk beim kurfürstlechen Haff zu Dresden agereecht gouf, krut de Bach den 19. November 1736 endlech d'Noriicht, sech Compositeur bey Dero Hoff-Capelle nennen ze däerfen, allerdéngs net den erhoffte Ruff, vun elo un an der Residenzstad Dresden ze wunnen an ze wierken.

Rees op Mühlhausen[änneren | Quelltext änneren]

Am Mee 1735 huet de Bach d'Bewerbung vu sengem Jong Johann Gottfried Bernhard fir d'Plaz vum Organist an der Kierch Beatae Mariae Virginis zu Mühlhausen ënnerstëtzt. De Bach huet sech vum 6. bis 20. Juni 1735 zu Mühlhausen opgehalen, wou de Jong säi Proufspill absolvéiert huet. De 16. Juni 1735 gouf de Johann Gottfried Bernhard zum Organist gewielt. Wéi de Bach zu Mühlhausen war, gouf hie gefrot, op hie sech kéint d'Uergel an der Mariëkierch ukucken, déi huet misse reparéiert ginn. Hien huet geroden, den Uergelbauer Zacharias Hildebrandt fir d'Aarbechten ze huelen.[1]

Op der Réckrees huet sech de Bach fir zwéin Deeg zu Weissensee opgehalen, wou hien den 22. Juni 1735 d'Uergel an der Kierch St. Péiter a Paul gepréift huet, déi vum Conrad Wilhelm Schäfer reparéiert gi war.[2]

Ob de Bach direkt nees op Leipzig zeréckgefuer ass, oder nach aner Stied besicht huet, ass net bekannt. Seng Presenz zu Leipzig ass eréischt fir Ufank August nees beluecht. Den 3. August gouf d'Namenstagskantate (warscheinlech BWV 207a) fir de Friedrich August II. opgefouert[3].

Déi lescht Joer[änneren | Quelltext änneren]

Déi grouss kontrapunktesch Instrumentalwierker an d'Endfassung vun der h-Moll-Mass[änneren | Quelltext änneren]
Autograph vum Enn vun der net fäerdeger Fug aus der Kunst der Fuge mam Zousaz vum C. Ph. E. Bach:
NB ueber dieser Fuge, wo der Nahme BACH im Contrasubject angebracht worden, ist der Verfaßer gestorben.

An de 1740er Jore schéngt sech de Bach vun Neikompositioune fir d'Kierch an de Collegium musicum zeréckgezunn ze hunn.

Am Mee 1747 huet hien op Invitatioun vum Friedrich dem Groussen, an deem senger Haffkapell de Carl Philipp Emanuel Bach ugestallt war, Potsdam a Berlin besicht, an op de Pianoforti an Uergelen improviséiert. Hien huet versprach, en Theema wat de Kinnek géif virginn als Fug auszeféieren, an a Koffer ze stiechen. Aus dësem Versprieche gouf d'Musikalescht Affer, eng Sammlung vun zwou Fugen (dräi- a sechsstëmmig), zéng Kanonen an enger Triosonat, all iwwer dat selwecht Theema.

Einige canonische Verænderungen über das Weynacht-Lied: Vom Himmel hoch da komme ich her vor die Orgel mit 2. Clavieren und dem Pedal“ heescht e Variatiounswierk wat de Bach fir seng Entrée 1747 an d'„Correspondierende Societæt der musikalischen Wissenschaften“ (gegrënnt vum Lorenz Christoph Mizler) agereecht hat. Et gëllt als e bedeitend kontrapunktescht Spéitwierk vum Bach.

E weidere kontrapunktesche Wierkzyklus ass d'Kunst der Fuge, eng éischt Kéier fäerdeggestallt 1742, mä deen awer duerno bis 1749 erweidert an iwwerschafft gouf. D'Sammlung vun einfache Fugen, Géigefugen, Spigelfugen, Fuge mat méi Theemaen a Kanone stellt e Kompendium vun den Technike vun der Fugekompositioun duer.

An déi lescht Jore fält och d'Vollendung vun der Mass a Si mineur fir déi de Bach d'Missa vu 1733, de Sanctus vu 1724 an aner eeler Kompositioune benotzt huet.

Krankheet an Doud[änneren | Quelltext änneren]
Noriicht vum Bach sengem Doud vum 31. Juli 1750

A senge leschte Joren huet de Bach un enger Aakrankheet gelidden. Och vu motoresche Stéierungen am rietsen Aarm geet riets. Zanter 1749 si guer keng Schrëftstécker méi vun him erhalen. Déi lescht bekannten Ënnerschrëft staamt vum 6. Mee 1749. Seng Fra Anna Magdalena oder säi Jong Johann Christian hu bal all Dokumenter ënnerschriwwen. D'Sehverméigen huet sou staark nogelooss, datt sech de Bach vum schonn deemools ëmstriddenen Okultist John Taylor operéiere gelooss huet, dee vum 4. bis zum 7. Abrëll 1750 zu Leipzig war. Komplikatiounen hunn eng weider Operatioun noutwenneg gemaach. Fir eng kuerz Zäit konnt de Bach nees gesinn, hie krut awer e puer Deeg viru sengem Doud e Schlag. De Bach ass den 28. Juli 1750 gestuerwen.
Am haaptsächlech vum Carl Philipp Emanuel Bach a Johann Friedrich Agricola verfaassten, 1751 fäerdeggestallten a 1754 verëffentlechten Nekrolog heescht et zum Bach senger Krankheet a sengem Doud:

„Sein von Natur etwas blödes Gesicht, welches durch seinen unerhörten Eifer in seinem Studieren [...] noch mehr geschwächt worden, brachte ihm, in seinen letzten Jahren, eine Augenkrankheit zu Wege. Er wollte dieselbe [...] durch eine Operation heben lassen. Doch diese [...] lief sehr schlecht ab. Er konnte nicht nur sein Gesicht nicht wieder brauchen; sondern sein, im übrigen gesunder Cörper, wurde auch zugleich dadurch, und durch hinzugefügte Medicamente, und Nebendinge, gäntzlich über den Haufen geworfen: so daß er darauf ein völliges halbes Jahr lang, fast immer kränklich war. Zehn Tage vor seinem Tod schien es sich gähling mit seinen Augen zu bessern: so daß er einsmals des Morgens ganz gut wieder sehen, und auch das Licht wieder vertragen konnte. Allein wenige Stunden darauf, wurde er von einem Schlagflusse überfallen; auf diesen folgte ein hitziges Fieber, an welchem er [...] am 28. Julius 1750, des Abends nach einem Viertel auf 9 Uhr, im sechs und sechzigsten Jahre seines Alters, auf das Verdienst seines Erlösers sanft und seelig verschied.“

Déi méi nei Bachfuerschung hält et allerdéngs och fir méiglech, datt dem Bach seng Zockerkrankheet d'Ursaach dofir war, datt hien ëmmer manner gesinn huet, an och datt hien e Schlag krut.

Nodeem en zweemol geréckelt gouf, läit säi Graf haut an der Leipzeger Thomaskierch.

Säi Wierk[änneren | Quelltext änneren]

Iwwerbléck[änneren | Quelltext änneren]

De Bach - en Autodidakt am Komponéieren[änneren | Quelltext änneren]

Wann een dem Bach sengem Jong Carl Philipp Emanuel Bach gleewe kann, dann huet sech de Bach beim Komponéieren als Autodidakt ugesinn. Et gëtt op allefall keng Prouf fir e Kompositiounsunterrecht. Der Ënnerweisung bei sengem Brudder zu Ohrdruf „mag wohl einen Organisten zum Vorwurf gehabt haben u. weiter nichts“ (C. Ph. E. Bach 1775). Spéider wier dem Bach säin Openthalt beim Buxtehude eng Geleeënheet gewiescht, ënnerriicht ze ginn, mä dëst ass net beluecht.
Datt de Bach als Autodidakt zu engem bedeitende Komponist ginn ass, war méiglech, well e vu senger Jugend un d'Wierker vun de verschiddenste Komponisten duerchstudéiert huet, an aus hinne geléiert huet. Dëst ass duerch Héieren, Liesen, Ofschreiwen, Transkribéieren, Beschaffen an Nomaache vun der Musek souwéi duerch Iwwerhuele vu kompositoresche Mëttelen, Formen a Gattunge geschitt. Den C. Ph. E. Bach dozou (1775):

„Der seelige hat durch eigene Zusätze seinen Geschmack gebildet. [...] Blos eigenes Nachsinnen hat ihn schon in seiner Jugend zum reinen u. starcken Fughisten gemacht. [...] Durch die Aufführung sehr vieler starcken Musiken, [...] ohne systematisches Studium der Phonurgie hat er das arrangement des Orchesters gelernt.“

Am Bach sengem villfältege Wierk treffe sech Aflëss aus der Musek vu Mëttel-, Nord- a Süddäitschland respektiv Éisträich souwéi Frankräich an Italien. Dobäi ass ze beuechten, datt sech déi regional Traditioune géigesäiteg beaflosst hunn. Sou ginn an den däitschen Traditiounen och italieenesch a franséisch Gattungen a Stilmëttel weiderginn. Dofir ass et bei verschiddene Komponisten net einfach, si enger Gattung zouzeuerdnen.

Kenntnis vum musikaleschen Afloss op de Bach huet een aus verschiddene Quellen:

  • aus dem Bach sengen Ofschrëften a Keef vu Wierker vun anere Komponisten
  • aus dem Bach sengen Transkriptiounen a Beaarbechtungen
  • aus schrëftlechen a mëndlechen Ernimmungen duerch de Bach a sengem Ëmkrees
  • aus Berichten a Rezensiounen aus dem 18. Joerhonnert
  • duerch stilkritesch Ënnersichunge vun der Musekwëssenschaft un de Wierker vum Bach a vu senge Schüler

Mëtteldäitsch Aflëss duerch:

Johann Christoph Bach, Johann Pachelbel, Johann Kuhnau, Johann Ludwig Bach, Johann Gottfried Walther, Johann Georg Pisendel, Silvius Leopold Weiss, Johann Friedrich Fasch

Norddäitsch Aflëss duerch:

Johann Adam Reincken, Dietrich Buxtehude, Nicolaus Bruhns, Georg Böhm

Süddäitsch-éisträichesch Aflëss duerch:

Johann Jakob Froberger, Johann Caspar Kerll, Johann Caspar Ferdinand Fischer, Johann Joseph Fux

Italieenesch Aflëss duerch:

Giovanni Pierluigi da Palestrina, Girolamo Frescobaldi, Arcangelo Corelli, Giovanni Legrenzi, Giovanni Bassani, Giuseppe Torelli, Alessandro Marcello, Tomaso Giovanni Albinoni, Antonio Vivaldi, Benedetto Marcello, Nicola Antonio Porpora, Francesco Durante, Giovanni Alberto Ristori, Giovanni Battista Pergolesi

Franséisch Aflëss duerch:

André Raison, François Dieupart, François Couperin, Louis Marchand, Nicolas de Grigny,

Verschidde berüümte Museker, déi de Bach deelweis perséinlech kannt huet, si schwéier zouzeuerdnen. Si hate selwer ënnerschiddlech Musek verschafft an de Bach mat hire Wierker beaflosst, wéi zum Beispill Jan Dismas Zelenka, Johann Mattheson, Georg Philipp Telemann, Reinhard Keiser a Georg Friedrich Händel.

Op de Bach och Ureegunge vu senge Jonge Wilhelm Friedemann a Carl Philipp Emanuel opgeholl huet, ass net sécher, mä unzehuelen. Datt verschidde Kompositioune vun den zwéin eelste Bouwe vum Bach als Wierker vum Papp gëllen an ëmgedréint, léisst dëst awer vermudden.

D'musikalesch Gattungen[änneren | Quelltext änneren]

De Bach konnt sech am Kader vu sengen Ämter an de verschiddene Wierkungsstätten ënner dem Afloss vun de Komponisten, déi uewe genannt goufen, och no an no déi ënnerschiddlechst Gattungen, Kompositiounsstiler a Musizéierweisen uneegnen. Zu dësem Zil huet de Bach och seng Reesen ënnerholl.

Mat Ausnam vun der Oper huet de Bach Wierker a quasi alle musikalesche Gattunge vu senger Zäit komponéiert:

Vokalmusek

  • Geeschtlech a weltlech Kantaten (Concerto, Cantata, Serenata, Dramma per Musica)
  • Motette, Mass, Magnificat, Passioun, Oratorium
  • Choral, Geeschtlecht Lidd
  • Vokal Kammermusek

Instrumentalmusek

De Clavier-Komponist, "Harmonist", Kontrapunktiker a Komponist vu funktionaler Musek[änneren | Quelltext änneren]

Dem Bach seng Wierker si gréisstendeels funktional gebonnen, beispillsweis als Kantoren- an Organistemusek fir d'Kierch, Instrumentalmusek fir den Haff an d'Biergertum oder Léierwierker fir den Unterrecht. D'Qualitéit vun der Ausféierung iwwersteigt awer an de meeschte Fäll dat Üblecht.
Verschidde Wierker gi méi wäit wéi den tradéierte Formekanon. Dat ass virun allem de Fall bei den Uergel- a Klavéierwierker, déi vum eegenen instrumentale Kënne geprägt sinn, a bei de grousse kontrapunktesche Sammelwierker.

Bei sengen Zäitgenosse war de Bach zu Recht a bedeitenden „Harmonist“, deen d'Méiglechkeete vun de Gammen an hir Eegenschaften duerch de ganze Quintenzirkel ausgeschëpft huet, wéi et virun him nach kee gemaach hat. Kritik krut hie well seng vokal Kierchemusek der Oper immens no stoung a wéinst der Textbehandlung an der instrumentaler Stëmmféierung vun de Solopartien.

Vokal Kierchemusek[änneren | Quelltext änneren]

Dem Bach seng kierchlech Wierker si geprägt vu senger déiwer protestantesch-lutheranescher Reliéisitéit. Vun him si ronn 250 Kantaten iwwerliwwert, dovun zirka 200 Kierchekantaten. A senge Kantaten a Passiounen huet de Bach heefeg op populär Chorale vum evangeelesche Gesangsbuch zeréckgegraff. Eng grouss Zuel vu senge Wierker, virun allem aus der fréier Zäit, gëllt als verschollen.

De Bach huet warscheinlech fënnef Passioune geschriwwen. D'Johannes- an d'Matthäuspassioun sinn déi eenzeg erhalen authentesch Passiounen. Et gëtt ugeholl, datt ënner den dräi anere verschwonnene Wierker eng Lukaspassioun an eng Markuspassioun waren. Bei der fënnefter Passioun vermudde Fuerscher datt et eng iwwerschaffte Variant vun der Matthäus-Passioun ass.

Besonnesch bekannt Wierker[änneren | Quelltext änneren]

Héierbeispill aus dem "Wohltemperierten Klavier"[änneren | Quelltext änneren]

Fuga a 3 voci (7KB) aus dem Bach sengem Wohltemperiertem Klavier   


Takten 1 bis 9 aus der Do mineur-Fug aus dem 1. Deel vum Wohltemperierten Klavier vum J. S. Bach

Verzeechnes vum Bach senge Wierker[änneren | Quelltext änneren]

Dem Johann Sebastian Bach seng musikalesch Wierker sinn am „Bach-Werke-Verzeichnis“ (BWV) katalogiséiert. E méi neit awer bäi wäitem net sou dacks benotzte Verzeechnes ass d'„Bach-Compendium“ vun de Musekwëssenschafler H.-J. Schulze a Christoph Wolff.

Afloss op Musektheorie, Spilltechnik an Instrumentebau[änneren | Quelltext änneren]

Nieft senger Wierkung als Museker a Komponist hat de Bach och en Afloss op d'Musektheorie, déi méi spéit virun allem an de Schrëfte vum Johann Philipp Kirnberger erfaasst ginn ass. Warscheinlech ugereegt duerch déi verschidden Temperéierunge vum Andreas Werckmeister huet de Bach säi Wohltemperiertes Klavier komponéiert, deem seng Popularitéit méi spéit der wueltemperéierter Stëmmung zum Duerchbroch verhollef huet. Dem Bach goung et doran - wéi et de Kirnberger beschriwwen huet - ënner anerem dorëms, d'Affekter duerzestellen, déi vun der Temperéierung ofhängeg sinn, a si ze léieren.

Donieft gëtt de Bach dacks als Matgrënner vun der Spilltechnik mam Daum als vollwäertege Spillfanger bei den Tasteninstrumenter genannt. Dës Technik huet d'Ausdrocksverméige vun de Kompositioune bis an de virtuose Beräich eran erweidert, awer och en elegant villstëmmegt Legatospill erméiglecht. „Er hatte sich eine eigene Fingerordnung ausgesonnen, daß es ihm nicht schwer fiel, die größten Schwierigkeiten mit der fließensten Leichtigkeit herauszubringen...Man... weiß, daß es dabey hauptsächlich auf den Gebrauch des Daumens ankömmt,..." (aus Johann Adam Hiller: Mein Leben)

Kuckt och: Carl Philipp Emanuel Bach, „Versuch über die wahre Art das Clavier zu spielen“

Ausserdeem huet sech de Bach fir d'Weider- an Neientwécklung vu Musekinstrumenter agesat. Och dat war op eng Erweiderung vun de kompositoresche Mëttel ausgeriicht. D'Viola pomposa ass seng Erfindung. Bei den Tasteninstrumenter interesséieren hie besonnesch klanglech Neientwécklungen. Hien huet sech zum Beispill mat hirer Temperéierung beschäftegt, bei den Uergelen zum Beispill mat hirer Klangdispositioun an de mechanesche Qualitéiten. E Beispill ass dem Bach seng „Disposition der neüen reparatur des Orgelwercks ad D: Blasii“ (Mühlhausen 1708).

De Bach war e geschaten a gutt bezuelten Uergelinspekter, dee kee Blat virun de Mond geholl huet. Dobäi huet en och mam Gottfried Silbermann zesummegeschafft. Hien huet de Bach an der Entwécklung vum Pianoforte gefuerdert a gefërdert, wat am Bach senge spéidere Joren no engem Bericht vu sengem Schüler Johann Friedrich Agricola „von ihm völlige Gutheißung erlangte“.

Reesen[änneren | Quelltext änneren]



Reese vu 1701 bis 1721
  

Reese vu 1723 bis 1747

Literatur zum Theema[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Johann Sebastian Bach – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Quellen: Dok. I, Nr. 30, 31 an 90C/S.174
  2. Quell: BJ 2005, S. 287ff
  3. Quellen: Dok. II, Nr. 367 an 368