Johannes Brahms

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Portrait vum Johannes Brahms vun 1853

De Johannes Brahms, gebuer de 7. Mee 1833 zu Hamburg a gestuerwen den 3. Abrëll 1897 zu Wien, war en däitsche Komponist.

Vu sengem Papp dee Kontrabassist war huet de Johannes Brahms eng grëndlech Museksausbildung kritt an hien ass mat 10 Joer fir d'éischt als Pianist opgetrueden. Seng éischt Kompositounen huet hie bis op wéineg Ausname selwer zerstéiert.

1853 ass hien mat dem éisträicheschen Violonist Reményi op eng Concertsreess gaangen an hien huet sech dobäi zu Hannover mat dem Violonist Joseph Joachim ugefrënnt, den him de Robert Schumann virgestallt huet. Dësen huet hien enthusiastesch der demoleger Musekswelt als een zukënftegt Genie ugekënnegt. Dorophinn konnt de Brahms séier Frënn an Unhänger gewannen an souguer e puer Jugendwierker publizéieren.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Johannes Brahms – Biller, Videoen oder Audiodateien