Robert Schumann

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Komponist Robert Schumann. Fir de Politiker, kuckt wgl. Robert Schuman.
Robert Schumann
De Robert Schumann, Barcelona (2003)
Gebuer 8. Juni 1810
Zwickau
Gestuerwen 29. Juli 1856
Bonn
Nationalitéit Kinnekräich Sachsen
Educatioun Universitéit vu Leipzig,
Universitéit vun Heidelberg
Aktivitéit Komponist, Pianist, Musekskritiker, Dirigent, Musikolog, Musekspedagog, Schrëftsteller
Famill
Bestuet mat Clara Schumann
Liewenspartner(in) Ernestine von Fricken
Kanner Julie Schumann
Portrait vum Robert Schumann vun 1830
De Robert Schumann, Lithographie vum Joseph Kriehuber (1839)

De Robert Schumann, gebuer den 8. Juni 1810 zu Zwickau a Sachsen a gestuerwen den 29. Juli 1856 zu Endenoch bei Bonn, war een däitsche Komponist.

Wärend sengem Droit-Studium zu Leipzig huet de Robert Schumann Pianosstonne geholl. 1830 huet hie souguer ugefaange Musek ze studéieren.

E Concert, deen de Violonist Niccolò Paganini 1830 zu Frankfurt/Main ginn hat, huet de jonke Schumann dozou bruecht, dem Paganini seng Virtuositéit op de Piano z'iwwerdroen. Beim Pianoprouwen huet de Schumann awer gemierkt, datt de Rankfanger de Schwaachpunkt vun der Hand ass, well en ofhängeg vun deenen anere Fangeren ass. Fir deem opzehëllefen, huet e sech de Mëttelfanger vun der rietser Hand ofgebonnen. Dat huet am Fréijoer 1832 dozou gefouert, datt et zu enger Seenescheedenentzündung koum, wéinst där de Schumann vun engem Dokter bei deen anere Scharlatan gelaf ass. 1834 huet hie sech missen domat offannen, datt de rietse Mëttelfanger geläämt blouf. Domat war den Dram vun enger Pianistecarrière eriwwer an de Schumann huet sech op d'Komponéiere gestierzt. Senger Mamm schreift en "Komponieren kann ich auch ohne ihn...", mä aus engem Bréif un d'Clara aus dem Joer 1838 léisst sech seng Verzweiwlung däitlech erausliesen "Gott, warum hast du mir gerade dieses getan?".

1834 koum fir d'éischt Kéier seng Neue Zeitschrift für Musik eraus, déi e Forum vun der romantescher Musek ginn ass.

Mat senger Fra Clara Schumann, déi de Robert Schumann géint de Wëlle vun hirem Papp bestuet huet, huet de Robert Schumann wärend engem Joerzéngt zesummegeschafft.

Als Pedagog a Museksprofesser war de Robert Schumann awer net sou gutt an hien huet 1853 vu sengem Posten als Museksdirekter vun der Stad Düsseldorf zerécktriede missen. D'Unzeeche vun enger Gemitts- an Nervekrankheet waren ëmmer méi däitlech an de Robert Schumann konnt net méi komponéieren. 1854 huet hie versicht sech am Rhäin d'Liewen ze huelen, an huet duerno bis zu sengem Doud an enger Nerveklinik gelieft.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Primärliteratur[änneren | Quelltext änneren]

  • Clara und Robert Schumann "Briefwechsel" Kritische Gesamtausgabe
    • Clara Schumann, Robert Schumann: Briefwechsel, Band 1: 1832-1838, Stroemfeld Verlag Frankfurt/Main a Basel
    • Clara Schumann, Robert Schumann: Briefwechsel, Band 2: 1839, Stroemfeld Verlag Frankfurt/Main a Basel, (vergraff Jan. 2007)
    • Robert Schumann: Briefwechsel, Band 3: 1840-1856, Stroemfeld Verlag Frankfurt/Main a Basel

A. Mayeda; K.W. Niemöller; B.R. Appel (Ed.): Robert Schumann in Endenich (1854-1856). Krankenakten, Briefzeugnisse und zeitgenössische Berichte, Mainz, Schott 2006.

Biographesches[änneren | Quelltext änneren]

  • Demmler, Martin: "Ich hab' im Traum geweinet". Robert Schumann. Eine Biografie, Reclam Keipzig, 283 S.
  • Majerus, Jean-Marie: Robert Schumann 1886-1953. In: 400 Joer Kolléisch, Band II, éditions saint paul, Lëtzebuerg, 2003, ISBN 2-87963-419-9, S. 351-353.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Robert Schumann – Biller, Videoen oder Audiodateien