8. Juni
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den 8. Juni ass den 159. Dag vum Joer (160. am Schaltjoer) am Gregorianesche Kalenner.
| Mee – Juni – Jul | ||||||
| 1 | 2 | 3 | 4 | 5 | 6 | 7 |
| 8 | 9 | 10 | 11 | 12 | 13 | 14 |
| 15 | 16 | 17 | 18 | 19 | 20 | 21 |
| 22 | 23 | 24 | 25 | 26 | 27 | 28 |
| 29 | 30 | |||||
Inhaltsverzeechnes |
Evenementer [änneren]
- 1783: Ufank vun der Eruptioun vum Laki-Vulkan op Island, mat an de Méint a Joren dono klimateschen Auswierkungen op déi ganz Nordhallefkugel.
- 1815: Den Däitsche Bond gëtt gegrënnt.
- 1972: Am Vietnamkrich gräift d'US-Army d'Duerf Trảng Bàng mat Napalm aus der Loft un; dem Nick Ut seng Foto vu blesséierten Kanner déi fortlafen, dorënner d'Meedche Kim Phuc, dat de Réck verbrannt hat, gëtt eng Ikon géint de Krich.
- 1986: De Kurt Waldheim gewënnt d'Wale fir den éisträichesche Bundespresident.
- 1990: Bei den éischte fräie Parlamentswahlen zënter 1946, no der Samenttener Revolutioun, an der Tschechoslowakei gewannen d'Biergerrechts-Beweegungen.
- 2003: A Polen stëmme 77 Prozent vun de Wieler fir e Bäitrëtt zu der Europäescher Unioun.
Sport [änneren]
- 1955: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe spillt an der Stad Lëtzebuerg 2:2 géint Tschechoslowakei. Déi zwee Goler fir d'Lëtzebuerger huet den Antoine Kohn geschoss.[1]
- 1997: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Burgas, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1998, 0:4 géint Bulgarien.[2]
- 2005: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 2006, 0:4 géint Slowakei.[3]
- 2006: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg 0:3 géint d'Ukrain.[4]
Gebuer [änneren]
- 1810: Robert Schumann, däitsche Komponist.
- 1815: Samuel Hirsch, däitsche Rabbiner a Philosoph; éischte Groussrabbiner vu Lëtzebuerg.
- 1843: Carl Frederik Pechüle, däneschen Astronom.
- 1851: Jean-Pierre Knepper, lëtzebuergeschen Architekt an Hobby-Historiker.
- 1867: Frank Lloyd Wright, US-amerikaneschen Architekt.
- 1893: Adolphe Reckinger, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 1907: Alphonse Arend, lëtzebuergeschen Auteur.
- 1913: Ady Claude, Lëtzebuerger Scout a Resistenzler.
- 1916: Francis Crick, englesche Physiker a Biochemiker, Nobelpräisdréier.
- 1917: Lucien Bidinger, lëtzebuergesche Vëlosportler.
- 1919: Max Jacoby, däitsche Fotograf.
- 1920: Pit Schneider, lëtzebuergesche Fotograf an Auteur.
- 1921: Hadji Mohamed Suharto, indonesesche Politiker, President.
- 1924: Jean Schoos, lëtzebuergeschen Historiker.
- 1926: Ernest Mühlen, lëtzebuergeschen Economist a Politiker.
- 1932: Joseph Hansen, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 1941: Jean-Paul Rippinger, lëtzebuergeschen Affekot a Politiker.
- 1944: Babik Reinhardt, Jazz-Gittarist.
- 1948: Jürgen von der Lippe, däitschen Teleesmoderator, Komiker a Schauspiller.
- 1955: Tim Berners-Lee, Erfinder vum World Wide Web.
- 1972: "Tron", däitschen Hacker.
- 1974: Nancy Weiland, lëtzebuergesch Molerin.
- 1983: Kim Clijsters, belsch Tennisspillerin.
Gestuerwen [änneren]
- 632: islamesche Prophéit Mohammed.
- 1376: Edward vu Woodstock, de Schwaarze Prënz, Prënz vu Wales.
- 1795: Louis XVII., Dauphin vu Frankräich.
- 1845: Andrew Jackson, 7. President vun den USA.
- 1876: George Sand, franséisch Schrëftstellerin.
- 1908: Nikolai Andrejewitsch Rimski-Korsakow, russesche Komponist, Dirigent a Musekpedagog.
- 1938: Édouard Wolff, lëtzebuergesche Riichter.
- 1962: Eugène Freyssinet, franséischen Ingenieur an Erfinder.
- 1978: Jean Proess, lëtzebuergesche Leefer.
- 1991: Claudio Arrau, chilenesche Pianist.
- 2009: Omar Bongo, President vum Gabun.
- 2009: Mathias Ries, lëtzebuergesche Vëlossportler.
- 2012: Fernand Théato, lëtzebuergesche Lokalhistoriker.
Feierdeeg [änneren]
| Méint |
| Januar | Februar | Mäerz | Abrëll | Mee | Juni | Juli | August | September | Oktober | November | Dezember |
| Commons: 8. Juni – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen [änneren]
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Tschechoslowakei den 8. Juni 1955 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Bulgarien-Lëtzebuerg den 8. Juni 1997 um Site European Football.info]
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Slowakei den 8. Juni 2005 um Site European Football.info
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Ukrain den 8. Juni 2006 um Site European Football.info