1974
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
1969 | 1970 | 1971 | 1972 | 1973 | 1974 | 1975 | 1976 | 1977 | 1978 | 1979
Dës Säit befaasst sech mam Joer 1974.
Inhaltsverzeechnes |
Evenementer [änneren]
Europa [änneren]
- 1. Januar: Den Ernst Brugger gëtt Bundespräsident vun der Schwäiz.
- 1. Januar: Fräihandelsofkommes vu Finnland mat der EG.
- 25. Abrëll: Oeillets-Revolutioun am Portugal.
- 23. Juli: Stuerz vun der Militärjunta an Ofschafe vun der Monarchie a Griicheland.
- Malta gëtt eng Republik.
- Zypern: griichesch-tierkesche Konflikt.
- Den Harold Wilson (Labour Party) gëtt Premier Minister a Groussbritannien.
Däitschland [änneren]
- 6. Mee: De Willy Brandt demissionéiert als Bundeskanzler wéinst der Spionage-Affär ëm de Günter Guillaume.
- 15. Mee: De Walter Scheel gëtt Bundespresident.
- 16. Mee: Den Helmut Schmidt gëtt zum Bundeskanzler gewielt.
Frankräich [änneren]
- 1. Mäerz: De Pierre Messmer gëtt Premierminister vu Frankräich an der Regierung Pierre Messmer (3)
- 19. Mee: De Valery Giscard d'Estaing gëtt mat 50,8% virum François Mitterrand (49,1%) zum Staatspresident gewielt.
- 27. Mee: De Jacques Chirac gëtt Premier Minister.
Lëtzebuerg [änneren]
- 30. Januar: D'Société luxembourgeoise d'énergie nucléaire gëtt gegrënnt, déi eng Atomzentral zu Remerschen bauen a bedreiwe sollt.
- 20. Mäerz: Dat éischt Gesetz iwwer Landesplanung trëtt a Kraaft.
- 6. Mee: Per Gesetz kréien d'Salariéën vun Entreprisen mat iwwer 150 Leit d'Recht, sech a Betribsréit, sougenannte Comités mixtes, z'organiséieren.
- 26. Mee: Bei de Chamberwale kritt d'CSV 18 Sëtzer (-3), d'LSAP der 17 (-1), d'DP der 14 (+3), d'KPL der 5 an d'SDP der 5.
- 15. Juni: D'Thorn-Vouel-Regierung, eng DP-LSAP-Koalitioun, gëtt vereedegt, d'CSV muss no 30 Joer an d'Oppositioun.
- 9. Oktober: Solidaritéiskundgebung fir d'Präisser eropzesetzen vun de Baueren um Knuedler mat 9.000 Leit.
- 11. November: Friemgoen (adultère) ass keng Strofdot méi.
Afrika [änneren]
- 10. September: Guinea-Bissau gëtt vu Portugal onofhängeg.
Amerika [änneren]
USA [änneren]
- 8. August, Démissioun vum President Richard Nixon wéinst der Watergate-Affär.
Südamerika [änneren]
Asien [änneren]
Ozeanien & Pazifik [änneren]
Arabesch Welt [änneren]
Konscht & Kultur [änneren]
Molerei [änneren]
Literatur [änneren]
- Nobelpräis fir Literatur: Eyvind Johnson, Harry Martinson
- Edmond Dune, Des rives de l'aube aux rivages du soir.
Film [änneren]
Musek [änneren]
- 6. Abrëll: D'Grupp ABBA gewënnt fir Schweden mam Lidd Waterloo den 19. Eurovision Song Contest zu Brighton.
- 10. Oktober: De Mikis Theodorakis gëtt säin éischte Volleksconcert nom Stuerz vun der griichescher Militärjunta virun zingdausende vu Leit.
- Kiss, Hotter than Hell
Wëssenschaft & Technik [änneren]
- Nobelpräis fir Economie: Gunnar Myrdal, Friedrich Hayek
- Nobelpräis fir Physik: Martin Ryle, Antony Hewish
- Nobelpräis fir Chimie: Paul J. Flory
- Nobelpräis fir Medezin: Albert Claude, Christian de Duve, George E. Palade
Sport [änneren]
- 24. Mäerz: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Esch-Uelzecht 1:3 géint Frankräich. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet den Nico Braun geschoss.[1]
- Foussball-Weltmeeschterschaft an Däitschland; déi däitsch Equipe gewënnt d'Finale géint déi hollännesch mat 2:1.
- 3. September: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg 0:5 géint d'Bundesrepublik Däitschland. [2]
- 13. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 1976, 2:4 géint Ungarn. Déi zwee Goler fir d'Lëtzebuerger huet de Gilbert Dussier geschoss.[3]
- 20. November: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Swansea, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 1976, 0:5 géint Wales.[4]
- 8. Dezember: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg 1:8 géint Belsch. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Carlo Devillet geschoss.[5]
Gebuer [änneren]
- Juho Martikainen, finnesche Kontrabassist.
- 16. Januar: Kate Moss, britescht Fotomodell.
- 22. Januar: Joseph Muscat, maltesesche Politker.
- 26. Januar: Paul Breisch, lëtzebuergeschen Organist.
- 13. Februar: Robbie Williams, britesche Museker.
- 31. Mäerz: Claude D. Conter, lëtzebuergesche Literaturwëssenschafter.
- 1. Abrëll: Thierry Frisch, lëtzebuergesche Fotograf.
- 16. Abrëll: Sébastien Rémy, franséisch-lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 17. Abrëll: Viktoria Beckham, britesch Sängerin.
- 24. Abrëll: Stephen Wiltshire, englesche Kënschtler.
- 28. Abrëll: Penélope Cruz, spuenesch Schauspillerin.
- 29. Abrëll: Anggun, franséisch-indonesesch Sängerin.
- 13. Mee: Geneviève Conter, lëtzebuergesch Harfspillerin.
- 1. Juni: Alanis Morisette, kanadesch Sängerin.
- 1. Juli: Raoul Biltgen, lëtzebuergesche Schauspiller a Schrëftsteller.
- 13. Juli: Jarno Trulli, italienesche Formel-1-Pilot.
- 31. Juli: Emilia Fox, britesch Schauspillerin.
- 19. August: Marcel Christophe, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 17. September: Luc Mischo, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 18. September: Xzibit, US-amerikanesche Rapper, Showmaster a Schauspiller.
- 5. Oktober: Jeff Strasser, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 1. November: Patrick Schmit, lëtzebuergeschen Äiskonschtleefer.
- 29. Oktober: Beryl Koltz, lëtzebuergesch Filmmécherin an Dréibuchauteur.
- 6. November: Frank Vandenbroucke, belsche Vëlossportler.
- 10. November: Christophe Wagner, lëtzebuergesche Regisseur.
Gestuerwen [änneren]
- 2. Februar: Marieluise Fleißer, däitsch Schrëftstellerin.
- 23. Februar: George Van Biesbroeck, belsch-US-amerikaneschen Astronom.
- 28. Mäerz: Françoise Rosay, franséisch Schauspillerin.
- 2. Abrëll: George Pompidou, franséische President.
- 5. Abrëll: Maurice Gillen, lëtzebuergesche Vëlossportler.
- 10. Abrëll: Roger Bastide, franséischen Soziolog an Ethnograph.
- 18. Abrëll : Marcel Pagnol, franséische Schrëftsteller a Filmregisseur.
- 29. Abrëll: Victor Zürn, lëtzebuergeschen Zeecheprofesser.
- 18. Juni: Gaston Witry, lëtzebuergeschen Architekt.
- 29. Juli: Erich Kästner, däitsche Schrëftsteller.
- 24. Mee: Duke Ellington, amerikaneschen Jazz-Komponist, -Pianist a -Bandleader.
- 6. Juli: Francis Blanche, franséische Schauspiller a Regiseur.
- 9. Juli: James Bausch, US-amerikanesche Sportler.
- 26. August: Charles Lindbergh, US-amerikanesche Pilot.
- 4. September: Jean-Baptiste Piron, belsche Generol
- 13. September: Heinz Potthoff, däitsche Gewerkschaftler
- 10. Oktober: Marie Luise Kaschnitz, däitsch Schrëftstellerin.
- 24. Oktober: David Oistrach, sowjetesch-ukrainesche Violinist.
- 9. November: Gitta Lind, däitsch Schlagersängerin.
- 9. November: Paul Tabori, ungaresch-britesche Schrëftsteller.
- 28. November: Léon Moulin, lëtzebuergeschen Theaterschauspiller
- 13. November: Vittorio de Sica, italiéinesche Schauspiller a Regisseur.
- 6. Dezember: Per Collinder, schwedeschen Astronom.
- 25. Dezember: Louis Hencks, lëtzebuergesche Member vum Staatsrot.
- Annette Thoma, däitsch Komponistin (Deutsche Bauernmesse mit dem Andachtsjodler).
| Commons: 1974 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen [änneren]
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Frankräich de 24. Mäerz 1974 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Däitschland den 3. September 1974 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Ungarn den 13. Oktober 1974 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Wales-Lëtzebuerg den 20. November 1974 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Belsch den 8. Dezember 1974 um Site European Football