James Bausch

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Stub W.svg Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.

Den James "Jim" Aloysius Bernard Bausch gebuer den 29. Mäerz 1906 zu Marion Junction, South Dakota, USA, a gestuerwen den 9. Juli 1974 zu Hot Springs, Arkansas, war en amerikanesche Liichtathleet, vu lëtzebuergescher Ofstamung.

Den James Bausch war de Jong vum Peter Bausch, (gebuer de 26. Oktober 1868 zu Ierpeldeng/Sauer) an der Katherine Marso.

Sportlech Leeschtungen[änneren | Quelltext änneren]

Hien huet 1932 bei den Olympesche Spiller zu Los Angeles an den USA, am Zéngkampf eng Goldmedail gewonnen. Mat sengen 8462,235 Punkten, déi hien dunn erreecht huet (6736 Punkten no der Tabell, déi zanter 1985 a Kraaft ass) huet hien en neie Weltrekord opgestallt. Hie war e villsäitege Sportler. Ausser der Liichtathletik huet hien nach American Football a Basketball gespillt.

  • 1931: 1. bei den amerikanesche Meeschterschaften am Pentathlon
  • 1931: 6. bei den amerikanesche Meeschterschaften am Decathlon
  • 1932: 1. bei den amerikanesche Meeschterschaften am Decathlon

1932 huet hien den James E. Sullivan Award kritt, fir de beschten Amateur-Sportler vum Joer.

Seng Sportlercarrière huet hie spéider als professionellen American Football-Spiller virugefouert.

De Bausch huet den Zweete Weltkrich matgemaach. Nom Krich huet hie sech mat der Majoriw Voyles zu Tusla, Oklahamo bestuet an ass op Hot Springs, Arkansas geplënnert wou hie fir de Landwirschaftsministär geschafft huet.[1]

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • Bausch, James: Winners Are Big Tippers, Roman, Pentland Press NC. 2001,

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. Artikel am Luxenburger Wort vum 31. Juli 2008 Säit 40/41

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]