26. Januar
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De 26. Januar ass de 26. Dag vum Joer am Gregorianesche Kalenner.
| Dez – Januar – Feb | ||||||
| 1 | 2 | 3 | 4 | 5 | 6 | 7 |
| 8 | 9 | 10 | 11 | 12 | 13 | 14 |
| 15 | 16 | 17 | 18 | 19 | 20 | 21 |
| 22 | 23 | 24 | 25 | 26 | 27 | 28 |
| 29 | 30 | 31 | ||||
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Evenementer
- 1699: Friddensofkommes tëschent Éisträich an dem osmanesche Räich.
- 1788: Déi éischt Strofkolonie gëtt an Australien bei Sydney ageriicht, déi éischt europäesch Siddler kommen un.
- 1789: Frankräich: Onrouen tëscht dem Adel an dem Biergertum zu Rennes (bis 27. Januar).
- 1908: A Schottland gëtt déi éischt Scoutegrupp gegrënnt.
- 1912: Lëtzebuerg: Bluddeg Ausenanersetzung tëscht Gendarmerie an Aarbechter bei engem Streik op der Déifferdenger Schmelz; 't gi 4 Doudeger an eng ganz Rëtsch Blesséierter.
- 1925: De Josef Stalin gëtt, nodeems den Trotzki ofgesat gouf, de staarke Mannn vun der Sowjetunioun.
- 1938: De Paul Schlack erfënnt de Perlon.
- 1993: De Václav Havel gëtt éischte President vun der Tschechescher Republik.
- 1995: Lëtzebuerg: De Jean-Claude Juncker gëtt Premierminister.
[änneren] Gebuer
- 1850: Arthur Herchen, lëtzebuergesche Pedagog an Historiker.
- 1880: Douglas MacArthur, US-amerikanesche Generol.
- 1884: Edward Sapir, US-amerikaneschen Anthropolog a Linguist.
- 1887: François Faber, lëtzebuergesche Cyclist an Tour-de-France-Gewënner.
- 1892: Eugène Didier, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 1905: Maria Augusta Trapp, US-amerikanesch Sängerin a Schrëftstellerin.
- 1908: Stéphane Grappelli, franséische Jazz-Violinist.
- 1917: Othon Hemmen, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 1918: Nicolae Ceauşescu, rumäneschen Diktator.
- 1925: Paul Newman, US-amerikanesche Schauspiller.
- 1928: Roger Vadim, franséische Filmregisseur.
- 1934: Fernand Fox, lëtzebuergesche Schauspiller.
- 1935: Jean-Pierre Fiedler, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 1937: Joseph Saidu Momoh, Militär a Staatschef vu Sierra Leone.
- 1947: Robert Cailliau, belschen Elektrotechniker.
- 1947: Patrick Dewaere, franséische Schauspiller.
- 1950: Jörg Haider, éisträichesche Politiker.
- 1954: Roger Molitor, lëtzebuergesche Moler.
- 1956: Lis Prüssen, lëtzebuergesch Molerin.
- 1974: Paul Breisch, lëtzebuergeschen Organist.
[änneren] Gestuerwen
- 1761: Charles de Belle-Isle, franséische Generol a Maréchal de France.
- 1823: Edward Jenner, engleschen Dokter an Immunolog.
- 1824: Théodore Géricault, franséische Moler.
- 1853: François Auguste Tinant, lëtzebuergesche Botaniker.
- 1855: Gérard de Nerval, franséische Schrëftsteller.
- 1891: Nikolaus Otto, däitsche Maschinnebauingenieur an Erfinder.
- 1932: William Wrigley Jr. US-amerikanesche Knätschgummisfabrikant.
- 1947: Berthe Gheude, belsch Exploratrice a Feministin.
- 1973: Edward G. Robinson, US-amerikanesche Schauspiller.
- 1980: Harry Hemley Plaskett, kanadeschen Astronom.
[änneren] Feierdeeg
| Méint |
| Januar | Februar | Mäerz | Abrëll | Mee | Juni | Juli | August | September | Oktober | November | Dezember |
| Commons: 26 January – Biller, Videoen oder Audiodateien |