Arthur Herchen

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

De Charles Joseph Philippe Herchen, meeschtens Arthur Herchen oder Karl Arthur Herchen, gebuer de 24. Januar 1850 a Clausen an do gestuerwen den 2. November 1931, war e lëtzebuergesche Pedagog an Historiker.

Den Arthur Herchen huet no senger Première am Kolléisch, tëscht 1869 an 1873 Geschicht an Alphilologie an der Stad Lëtzebuerg, zu Léiwen, Bonn a Berlin studéiert. Dono war e bis 1920 Geschichtsprofesser am Kolléisch an och op de Cours supérieurs.[1] Hie war och de Privatenseignant vun der Prinzessin Marie-Adélaïde vu Lëtzebuerg, der spéiderer Groussherzogin.

Hie war Matgrënner vun der Zäitschrëft "Ons Hémecht". Vun 1921 bis 1931 war hie President vun der Section historique vum Institut grand-ducal a vun 1910 u President vun der Université populaire catholique.

Den Arthur Herchen war virun allem fir seng Geschichts- a Geographiebicher fir d'Primär- a Secondaireschoule bekannt, déi och no sengem Doud zum Deel alt bis an d'1970er um Programm stoungen. Besonnesch säi Manuel d'histoire nationale, dat 1918 erauskoum, a bis 1972 an de Schoulen am Gebrauch war, huet d'Geschichtsbild vu ganze Generatiounen zu Lëtzebuerg geprägt. Besonnesch seng Theorie vun de "véier Periode vu Friemherrschafte vu Lëtzebuerg" a vum Verknëppe vum mëttlelalterlechen Herzogtum mam modernen Nationalstaat huet nohalteg och aner Historiker beaflosst. Dës teleologesch Vue vun der Geschicht gëllt haut als iwwerholl.[2]

Wierk [änneren]

  • Apologie de la poésie, 1870
  • Henri l'Aveugle, comte de Namur & de Luxembourg, 1884
  • Dom Miguel I, König von Portugal, sein Leben und seine Regierung. Luxemburg: Huss, 1908
  • Geschichte des Herzogtums Luxemburg während des XVIII Jahrhunderts, 1910
  • Manuel d'histoire nationale 1913.

Literatur [änneren]

  • Albert Steffen: Professor K. Arthur Herchen †, in: Ons Hémecht, 37 (1931), H.4, S.5.
  • Tony Kellen: Die luxemburgische Geschichtsschreibung: ein Rückblick und ein Ausblick, in: Jonghémecht. Blätter für heimatliches Schrift- und Volkstum 7 (1933), S.159.
  • Michel Margue: Nationale Identitätskonstruktionen durch fiktive Kontinuität. Einige Bemerkungen zum 'nationalen' Vergangenheitsbild. In: forum 271 (2007), S. 33-36.
  • Pit Peporté: Narrating the Past. in: Inventing Luxembourg. Representations of the Past, Space and Language from the Nineteenth to the Twenty-First Century. Leiden, Boston: Brill 2010, S.25-128, iwwer den Herchen besonnesch S.31-64 ("The master narrative of Luxembourg's History").

Referenzen [änneren]

  1. Cf. S. 256 in: Goetzinger, Germaine & Claude D. Conter, zusammen mit Gast Mannes, Pierre Marson, Roger Muller, Nicole Sahl, Sandra Schmit und Frank Wilhelm, 2007. Luxemburger Autorenlexikon. 687 S. Publications nationales du Ministère de la culture. Centre national de littérature, Mersch. ISBN 978-2-919903-06-1.
  2. cf. Peporté, 2010 a Michel Margue, 2007