Lëtzebuerg (Stad)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
|
|||||||
|---|---|---|---|---|---|---|---|
| Détailer | |||||||
| An anere Sproochen: |
fr: Luxembourg de: Luxemburg |
||||||
| Land: | |||||||
| Distrikt: | Lëtzebuerg | ||||||
| Kanton: | Lëtzebuerg | ||||||
| Buergermeeschter: | Paul Helminger (DP) | ||||||
| Awunner Gemeng: | 88.600 (Juli 2006) |
||||||
| Fläch Gemeng: | 5.124 ha | ||||||
| Koordinaten: | 49° 36’ 39’’ N 06° 07’ 51’’ O |
||||||
|
D'Gemeng Lëtzebuerg (orange) am Kanton Lëtzebuerg (rout) |
|||||||
| Uertschaften - Gemengen - Stied | |||||||
Lëtzebuerg ass eng vun den 12 lëtzebuergesche Stied, an d'Haaptstad vum Land mam selwechten Numm. D'Gemeng Lëtzebuerg ass eng vun den 116 lëtzebuergesche Gemengen.
Am Volleksmond gëtt Lëtzebuerg dacks just "d'Stad" genannt.
[änneren] Uertschaften an der Gemeng
Duerch Fusioune sinn ugaangs 1920 déi fréier Gemengen Eech, Hollerech an Dummeldeng opgeholl ginn.
[änneren] Geographie
Den historeschen Zentrum vun der Stad, d'Alstad, ass no Norden, Osten a Süden hi vun 30-50 m déiwen Däller ëmginn, déi duerch d'Péitruss an d'Uelzecht an de Sandsteen gegruewe goufen.
D'Quartieren an der sougenannter Ënnerstad sinn de Gronn, Clausen an de Pafendall. No Westen hin erstreckt sech hannert dem Stadpark, deen op der Plaz vun de Festungsmaueren ugeluecht gouf, e Plateau, deen iwwert de Glacis an de Lampertsbierg iwwergeet.
Weider westlech kënnt een an de Quartier Belair, Märel an a süd-westlecher Richtung leien Hollerech an Zéisseng . No Süden, déisäit dem Péitrussdall, dee vun der Adolphe-Bréck an der Aler Bréck iwwerspaant gëtt, leien d'Quartiere Gare a Bouneweg.
Weider südlech leie Gaasperech an den Houwald. Ëstlech vum Zentrum, déisäit der Uelzecht, ass de Plateau vum Kierchbierg, och Europäesche Quartier genannt. E bësse méi südlech dovunner leien d'Neiduerf, den Zens an Hamm. Am Norde leien, dem Laf vun der Uelzecht no, Eech, Weimeschkierch, Dummeldeng a Beggen.
[änneren] Geschicht
Schonn zu Réimerzäite sinn do, wou haut d'Stad Lëtzebuerg ass, zwou Réimerstroossen, déi vun Arel op Tréier an déi vu Metz op Tréier, zesummekomm. E befestegten Tuerm huet dës Kräizung bewaacht. Duerch en Tosch mat der Tréierer Abtei St. Maximin huet den Ardennergrof Siegfried I. 963 Lännereien zu Lëtzebuerg getosch. Hien huet säi Schlass um Bockfiels gebaut, dat Lucilinburhuc ("Kleng Buerg") genannt gouf, an eng éischte Kéier am Tosch-Traité ernimmt ginn ass.
987, huet den Äerzbeschof vun Tréier, den Egbert (977-993), fënnef Alteeër an der Erléiserkierch (haut Méchelskierch) geweit. Op der Kräizung vun de Réimerweeër bei der Kierch ass e Maart entstanen (den haitege Fëschmaart), ronderëm deen sech eng Uertschaft entwéckelt huet.
Wéinst hirer Lag, souwuel geopolitesch wéi topographesch gesinn, hat d'Stad Lëtzebuerg zënter hirem Bestoen eng wichteg militärstrategesch Bedeitung. Am 10. Joerhonnert gouf schonn déi éischt Festungsmauer gebaut. Um Enn vum 12. Joerhonnert, wéi d'Stad sech ëmmer méi no Westen hin ausgebreet huet, koum eng 2. Festungsmauer dobäi (D'"Rue du Fossé" war de Festungsgruef zu deeër Mauer). D'Stad war ongeféier 5 Hektar grouss.
Géint 1340, ënnert dem Jang de Blannen, sinn nei Festunge gebaut ginn, déi zum Deel bis 1867 stoungen. Déi verschidden Hären a Meeschteren (Burgunder, Spuenier, Habsburger, Fransousen a Preisen) hunn an de Joerhonnerten dono d'Festung ëmmer méi ausgebaut an se zu enger vun deene stäerksten an Europa gemaach.
Méi doriwwer am Artikel Festung Lëtzebuergan den Artikelen [[{{{2}}}]] a(n) [[{{{3}}}]]an den Artikelen [[{{{4}}}]], [[{{{5}}}]] a(n) [[{{{6}}}]]an den Artikelen [[{{{7}}}]], [[{{{8}}}]], [[{{{9}}}]] a(n) [[{{{10}}}]]. ![]()
Am 17. Joerhonnert hunn d'Spuenier déi éischt Kasematte gebaut. Se goufen ënnert dem Vauban ausgebaut a 1730-1740 vun den Éisträicher nach eng Kéier vergréissert.
1795, ass Lëtzebuerg vu Frankräich annexéiert ginn, d'Stad gouf Préfecture vum Département des Forêts. 1815 gouf d'Stad zu enger "Bundesfestung", an deeër preisesch Truppe stationéiert goufen. Gläichzäiteg gouf d'Land pro forma als Groussherzogtum nei erschafen, mam Wëllem I. vun Holland als Groussherzog.
Nom Traité vu London vun 1867 huet d'Festung missen ofgerappt an dem Buedem gläich gemaach ginn. Et huet 16 Joer gedauert, bis dës Aarbechte méi oder manner ofgeschloss waren. Se hunn 1,5 Millioune Goldfrang kascht. Op en Deel vun de fréiere Festungsanlagen sinn nei breet Stroossen (Boulevard Royal, Boulevard du Prince Henri) an de Stater Park ugeluecht ginn. Elo kunnt d'Stad sech no alle Säiten ausbreeden. De Plateau Bourbon, mat der Alstad iwwer d'Nei Bréck (gebaut 1900-1903) verbonnen, war ee vun den éischte neie Quartieren, déi esou entstane sinn.
1920 hunn d'Gemengen Eech, Hamm, Hollerech a Rollengergronn mat der Stad Lëtzebuerg fusionéiert.
1952 gouf d'Stad Lëtzebuerg, laang Zäit just provisoresch, Sëtz vun der Europäescher Communautéit fir Kuel a Stol. Bis 1981 goufen do och verschidden Deel-Sessioune vum Europäesche Parlament ofgehalen. D'Stad ass weiderhi Sëtz vum Sekretariat vum Europaparlament, vum Europäesche Geriichtshaff, dem Europäesche Rechnungshaff, an der Europäescher Investitiounsbank.
Méi doriwwer am Artikel Sëtz vun den europäeschen Institutiounenan den Artikelen [[{{{2}}}]] a(n) [[{{{3}}}]]an den Artikelen [[{{{4}}}]], [[{{{5}}}]] a(n) [[{{{6}}}]]an den Artikelen [[{{{7}}}]], [[{{{8}}}]], [[{{{9}}}]] a(n) [[{{{10}}}]]. ![]()
[änneren] D'Quartiere vun der Stad
D'Stad ass a 24 Quartieren agedeelt:
|
[änneren] Politik
[änneren] Gemeng Lëtzebuerg
De Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg huet 27 Memberen. Et gi 5 Schäffen. Aktuelle Buergermeeschter ass de Paul Helminger (DP), deem seng Partei zënter 2005 an enger Koalitioun mat deene Gréngen d'Majoritéit am Gemengerot huet. Déi Legislaturperiod virdru war den Helminger Buergermeeschter ënner enger Koalitioun tëscht DP an CSV.
[änneren] Haaptstad vum Land
Als Haaptstad vum Land hunn och all konstitutionell Organer a vill staatlech Administratiounen hire Sëtz: d'Chamber, de Staatsrot, de Groussherzog (Groussherzogleche Palais), d'Regierung an déi verschidde Ministèren, d'Justizorganer (an der Cité judiciaire).
[änneren] Economie
D'Economie vun der Stad Lëtzebuerg berout virun allem op de Servicer. Eng besonnesch Roll spillt se als international Finanzplaz: Iwwer 150 Banken a soss Finanzinstituter sinn do aktiv.
Méi doriwwer am Artikel Finanzplaz Lëtzebuergan den Artikelen [[{{{2}}}]] a(n) [[{{{3}}}]]an den Artikelen [[{{{4}}}]], [[{{{5}}}]] a(n) [[{{{6}}}]]an den Artikelen [[{{{7}}}]], [[{{{8}}}]], [[{{{9}}}]] a(n) [[{{{10}}}]]. ![]()
Zu deene bekanntsten international aktive Firme mat Sëtz an der Stad Lëtzebuerg zielen Arcelor Mittal an d'RTL Group. Och den Handel spillt eng wichteg Roll.
[änneren] Verkéier
Als Haaptstad a gréisste Stad am Land huet d'Stad Lëtzebuerg och verkéierstechnesch eng zentral Roll.
[änneren] Loftverkéier
De Fluchhafe Lëtzebuerg läit um Findel, an der Gemeng Sandweiler, 6 km vun der Stad ewech. Als internationale Fluchhafe bestinn direkt Linne mat diversen europäesche Stied.
[änneren] Stroosseverkéier
8 Nationalstroosse gi stärefërmeg vun der Stad aus fort: d'N1, d'N2, d'N3, d'N4, d'N5, d'N6, d'N7 an d'N11. D'Autobunnen A1, A3, A4 an A6 féieren an d'Stad, respektiv sinn Deel vum Contournement vun der Stad. Si sinn, ausser d'A4, un d'Autobunnsnetz vun den 3 Nopeschlänner ugebonnen.
[änneren] Ëffentlechen Transport
[änneren] Eisebunn
An der Stater Gare lafe verschidden Eisebunnslinnen zesummen:
- Lëtzebuerg - Ettelbréck - (belsch Grenz) - Gouvy - Léck
- Lëtzebuerg – Betebuerg – (franséisch Grenz) – Thionville – Metz
- Lëtzebuerg – Klengetteng – (belsch Grenz) – Arel – Bréissel
- Lëtzebuerg – Péiteng – Rodange – (belsch/franséisch Grenz)
- Lëtzebuerg – Waasserbëlleg – (däitsch Grenz) – Tréier
- Lëtzebuerg – Alzeng – Éiter
Iwwer déi Linnen huet d'Stater Gare Uschloss un d'Linn 35 vum däitschen InterCity-Netz, déi vun Tréier bis an den Hafe vun Norddeich an Ostfriesland féiert, un eng Direkt Linn op Berlin iwwer déi Lénks Rhäinstreck, un d'TGV-Netz vun der franséischer SNCF mat enger direkter Verbindung op Paräis, op Léck mat dem InterRegio m, op Bruxelles-Midi mat dem EC 96, op Dijon iwwer d'Linn Lëtzebuerg - Dijon, op Nanzeg mat dem RE 37671, an op Nice mat dem NZ 4239.
Ausser der Haaptgare ginn et nach e puer méi kleng Garen um stater Territoire: déi vun Hollerech, Dummeldeng an Zens-Hamm.
Et besti Pläng, eng grouss nei Gare bei Zéisseng ze bauen, déi virun allem den internationale Verkéier ophuelen an d'Haaptgare entlaaschte soll.
[änneren] Bussen
D'Stad Lëtzebuerg bedreift, mat hirer Gesellschaft Autobus de la Ville de Luxembourg, en eegent Busnetz, bei deem eng 150 Bussen op 25 Linnen déi verschidde Quartieren ofdecken. Ausserdeem fuere ronn 120 Linne vum RGTR d'Stad Lëtzebuerg un.
[änneren] Soss
Bis 1964 gouf et en Tram an der Stad. Wéinst dem ëmmer méi héijen Autoverkéier ginn et zënter den 1990er Joere Pläng, en nees anzeféieren. Deen éischte Projet, deen Trams- an Zuchreseau hätt sollen uneneen uschléissen, fir esou e méi grousst Anzuchsgebitt ofzedecken[1] ass uganks 2000 op Äis geluet ginn. Zënter Joeren gëtt un enger méi klenger Léisung laboréiert, déi d'Gare mam Kierchbierg soll verbannen.
Zënter dem Mäerz 2008 gëtt et en Vëlo-Locatiounssystem, Vel'oH! genannt, dat vun enger privater Firma ënner Konzessioun bedriwwe gëtt, a bei deem een op ronn 50 verschiddene Plazen e Vëlo ausléinen an op enger anerer nees ofstelle kann.
[änneren] Konscht a Kultur
An der Stad Lëtzebuerg ginn et eng sëlleche Muséeën an Ausstellungen: Der Stad ënnerstallt sinn d'Villa Vauban an de Geschichtsmusée vun der Stad Lëtzebuerg. Staatlech Muséeën um Territoire vun der Stad sinn den Nationalmusée fir Geschicht a Konscht, den Nationalmusée fir Naturgeschicht, de MUDAM an, sollt en eng Kéier fäerdeg ginn, de Festungsmusée. Z'ernimme sief och nach d'Galerie Am Tunnel, déi vun der Spuerkeess bedriwwe gëtt an de Casino Stad Lëtzebuerg.
D'Stad Lëtzebuerg bedreift zwéi Theateren: de Groussen Theater vun der Stad Lëtzeburg an de Kapuzinertheater. Weider Theatersäll, déi de jeweilegen Ensemble gehéieren, sinn de Kasemattentheater, den Théâtre du Centaure an den TOL.
Zu de Concertssäll um Territoire vun der Stad Lëtzebuerg zielen d'Philharmonie, de Conservatoire vun der Stad Lëtzebuerg an Den Atelier.
Vill Kinoen an der Stad hunn an deene leschte Joerzéngten zougemaach, haut gëtt et nach den "Artplex" Utopia um Lampertsbierg an de Multiplex Utopolis um Kierchbierg, déi allebéid vum Utopia Group bedriwwe ginn, an d'Cinemathéik vun der Stad Lëtzebuerg, déi der Stad ënnersteet.
Zu de weidere Kulturariichtungen an der Stad ze ziele sinn d'Nationalbibliothéik an Nationalarchiv, zwou staatlech Institutiounen, an och d'Archiv, d'Bibliothéik an d'Fotothéik vun der Stad Lëtzebuerg, souwéi eng Rëtsch privat Galerien, net ze vergiessen Lokalitéite wéi d'Coque, de Centre culturel de rencontre Abbaye de Neumünster oder de Carré Rotondes, wou regelméisseg kulturell Evenementer opgefouert ginn.
[änneren] Kuckeswäertes
- D'Alstad mat de Reschter vun der Festung (Weltkulturierfschaft)
- D'Kathedral Notre-Dame
- D'Greinskapell
- De Groussherzogleche Palais
- D'Chamber
- De Péitruss-Dall
- De Quartier Gronn
- De Kierchbierg
- De Bockfiels
- D'Dräi Eechelen, mam Mudam a mam Festungsmusée
- De Fëschmaart
- D'Gare
- D'Gëlle Fra
- D'Groussgaass (Stad Lëtzebuerg)
- D'Corniche
- D'Kasematten
- Den Tunnel ënner der Stad
- D'Rumm
- D'Spuenesch Tiermercher
- D'Neimënster-Abtei mat der Gehaanskierch
- De Knuedler
- D'Plëss d'Arem mam Cercle
- D'Adolphe-Bréck
- D'Clairefontainesplaz mam Monument fir d'Groussherzogin Charlotte
- D'Méchelskierch
- D'Rout Bréck
- De Kanounenhiwwel mam Monument vun der nationaler Solidaritéit
- D'Quirinuskapell
- D'Graf vum "Hauptmann von Köpenick" um Nikloskierfecht.
- Bemierkenswäert Beem:
-
- Buch am Péitrusdall
- Bluttbuch bei der Méchelskierch
- Käschtebam op dem Square Robert Brasseur
- Bam vum Prënz Jean
- Nëssert am Konviktsgaart
- Hobuch op der Kinnekswiss
- Sequoiaen am Amaliepark
[änneren] Literatur
- Guy Thewes, 2008. La silhouette de la ville. In: Lieux de mémoire au Luxembourg. Erinnerungsorte in Luxemburg. 2. Editioun, S. 253-258. S. Kmec, B. Majerus, M. Margue, P. Peporte, éditeurs. éditions saint-paul, Lëtzebuerg. ISBN 978-2-87963-705-1.
- Sonja Kmec, 2008. Gibraltar des Nordens. In: Lieux de mémoire au Luxembourg. Erinnerungsorte in Luxemburg. 2. Editioun, S. 267-272. S. Kmec, B. Majerus, M. Margue, P. Peporte, éditeurs. éditions saint-paul, Lëtzebuerg. ISBN 978-2-87963-705-1.
[änneren] Fotoalbum vun der Stad Lëtzebuerg
[änneren] Linken
[änneren] Kuckt och
- ons stad, e Périodique iwwer d'Stad Lëtzebuerg
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Gemengen
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Stied
- Entwécklung vun der Gemengenzuel zu Lëtzebuerg
- Aner Bedeitunge vum Wuert Lëtzebuerg
[änneren] Um Spaweck
- Offiziell Säit vun der Stad Lëtzebuerg
- Syvicol
- D'Nimm vun de Quartierën
- Eng däitsch Famill trëppelt 2003 mam Fotoapparat duerch d'Stad a schreift hir Impressiounen op
Amsterdam - Andorra la Vella - Athen - Belgrad - Berlin - Bern - Bratislava - Bréissel - Budapest - Bukarest - Chişinău - Dublin - Eriwan - Helsinki - Kiew - Kopenhagen - Lissabon - Ljubljana - Lëtzebuerg - London - Madrid - Minsk - Moskau - Nikosia - Oslo - Paräis - Prag - Reykjavík - Riga - Roum - Sarajevo - Skopje - Sofia - Stockholm - Tallinn - Tiflis - Tirana - Vaduz - Valletta - Vilnius - Warschau - Wien - Zagreb
Bartreng | Hesper | Konter | Lëtzebuerg | Nidderaanwen | Sandweiler | Schëtter | Steesel | Stroossen | Walfer | Weiler-la-Tour
[änneren] Referenzen
- ↑ D'LuxTraffic-Etude gouf am November 1994 virgestallt, vgl.Michel Pauly: "Wann kommt BahnHybrid?" forum Nr. 166/Mäerz 1996, S.27-30.