Helsinki

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Helsingfors
Helsinki
Wopen Localisatiounskaart
Land: Flag of Finland.svg Finnland
Provënz: Etelä-Suomen läänin vaakuna.svg Südfinnland
Regioun: Uusimaa.vaakuna.svg Uusimaa
Lokal Verwaltungseenheet: Helsinki
Koordinaten: 60° 10' 11" N
24° 56' 18" E
Fläch: 213,88 km²
Awunner: 576.632 (2009[1])
Bevëlkerungsdicht: 2.696 Aw./km²
Zäitzon: UTC+2
D'Festung Suomenlinna vum Mier aus gesinn
Kaart vun Helsinki (Ufanks vum 20. Joerhonnert)

Helsinki (finn., schwed. Helsingfors) ass d'Haaptstad vu Finnland. D'Stad läit am Süde vum Land, direkt un der Küst vum Ostmier. Zesumme mat de Nopeschstied Espoo, Vantaa an Kauniainen huet d'Haaptstadregioun Helsinki (finn. Pääkaupunkiseutu, schwed. Huvudstadsregionen) ronn 1,2 Milliounen Awunner.

Nodeems ca. 6% vun der Bevëlkerung schwedesch als Mammesprooch hunn, ass d'Stad, no finneschem Gesetz, offiziell zweesproocheg.

Inhaltsverzeechnes

Geschicht [änneren]

Helsinki gouf 1550 op Uerder vum schwedesche Kinnek Gustav Vasa I. gegrënnt fir der - deemools russescher - Hafestad Reval (haut Tallinn) Konkurrenz op den hollännesch-russeschen Handelsrouten an der Ostmierregioun ze maachen. Nodeems d'Schweden awer schonn e puer Joer drop (1561) Estland, an domat och Reval, ënnert hir Kontroll kruten, hat de Projet Helsinki zënterhier keng Prioritéit méi fir d'schwedescht Kinnekshaus.

Ongënschteg fir d'Entwécklung vun de Siidlunge war och hir geographesch Lag. 1640 gouf Helsinki op Decisioun vum schwedesche Verwalter dofir kuerzerhand méi no un d'Mier, bei d'Mündung vum Floss Vantaa, geréckelt. Nodeems d'Russen am Laf vum 18. Joerhonnert zweemol d'Stad ageholl haten, gouf 1748 d'Festung Suomenlinna opgeriicht. All déi Zäit war Helsinki awer ni méi wéi eng kleng Provenzstiedchen an nach ufanks vum 19. Joerhonnert hat d'Stad nëmmen ëm déi 4.000 Awunner.

1808 gouf Finnland vum russeschen Zar Alexander I. eruewert. Fir de schwedeschen Afloss an der Regioun nach weider ze reduzéieren, huet den Zar d'Haaptstad 1812 - vum elo russesche Groussherzogtem Finnland - vun der traditionell schwedesch dominéierter Stad Turku op Helsinki verleeë gelooss. Helsinki hat en plus de Virdeel, datt et méi no bei Sankt Petersburg luch. Nodeems d'Stad 1809 zu zwee Drëttel duerch e grousst Feier zerstéiert gi war, hunn d'Russen den Zentrum vun Helsinki komplett nei, am monumental-klassizisteschem Stil, opbaue gelooss. Eng ganz Rei Gebaier, wéi z. B. den Doum, goufen deemools no Pläng vum däitschen Architekt Carl Ludvig Engel realiséiert.

1819 gouf de Sëtz vum finnesche Senat op Helsinki geplënnert an zënter 1918 ass et d'Haaptstad vun der onofhängeger Republik Finnland.

Helsinki war 1952 Organisateur vun den Olympesche Summerspiller.

Bevëlkerungsentwécklung [änneren]

Nom Zweete Weltkrich ass Helsinki séier gewuess. D'Groussstad ass haut d'Zentrum vun enger Agglomeratioun an där em déi 1,2 Millioune Leit wunnen.

1700 bis 1925 1940 bis 1987 1990 bis 2004
  • 1700 –    1.700
  • 1810 –    4.065
  • 1830 –   11.100
  • 1850 –   20.745
  • 1860 –   22.228
  • 1884 –   49.146
  • 1890 –   61.530
  • 1900 –   91.216
  • 1925 – 209.800

Kuckeswäertes [änneren]

Den Doum vun Helsinki

Monumenter a Gebaier [änneren]

Muséeën [änneren]

  • Kiasma - Musée fir modern Konscht

Um Spaweck [änneren]

Referenzen [änneren]


Commons: Helsinki – Biller, Videoen oder Audiodateien