Rīga

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Riga)
Riga
Rīga
Wopen Lokalisatiounskaart
Land: Lettland
Landschaft: Livland
Koordinaten: 56° 57' 00" N
24° 06' 00" E
Fläch: 307,17 km²
Awunner: 699.203 (1. Jan. 2012)
Bevëlkerungsdicht: 2.276 Aw./km²
Héicht: 7 m
Zäitzon: UTC+2

Riga (op Lettesch Rīga) ass d'Haaptstad vu Lettland. Et ass mat ronn 700.000 Awunner déi gréisst Stad vum Baltikum a politeschen, ekonomeschen a kulturellen Zentrum vum Land. 45 % vun den Awunner si Letten a 44 % Russen.

D'Stad läit um Uwänner vun der Daugava, just ier déi an d'Baltescht Mier (Golf vu Riga) leeft.

Jugendstilfaçade (Detail)

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Riga gouf op der Plaz vun enger liwescher Siidlung gegrënnt, do wou de Riga-Floss (deen et haut net méi gëtt) an d'Daugava gelaf ass. Däitsch Händler hunn do am 12. Jh. en Handelsposten opgemaach, soudatt Riga e wirtschaftlechen Zentrum vun der Géigend gouf. 1201 gouf den Albert von Buxthoeven zum Bëschof vu Letland ernimmt an huet zu Riga säi Sëtz etabléiert. Den Uerde vun de Schwäertbridder huet sech do niddergelooss, a Riga krut Stadsrechter. Als Paart vu Russland an de Baltesche Länner zum Baltesche Mier gouf Riga 1282 Member vun der Hanse, et huet awer ëmmer nees misse seng wirtschaftlech dominant Positioun géint polnesch oder litauesch Hafestied verdeedegen.

1522 goufen déi Baltesch Länner reforméiert. Nom Drëssegjärege Krich si se 1621 ënner schweedeschen Afloss komm. 1710 huet de Péiter de Groussen d'Géigend eruewert, Letland an Estland goufen Deel vu Russland. Déi däitschsproocheg Elite (Adel, Groussgrondbesëtzer a Biergertum) huet awer weiderhin eng wichteg Roll gespillt. Géint dem Enn vum 19. Joerhonnert huet sech d'Russifizéierungspolitik vu Moskau aus awer ëmmer méi staark gemaach, Riga gouf (nieft Sankt Petersburg) en Hafe vun der Russescher Flott an ass schëtzeg gewuess. An dës Wuesstemsperiod ëm d'Joertwenn 19./20. Jh. goufen zu Riga eng ganz Rëtsch bemierkenswäert Haiser am Jugendstil opgeriicht.

1918, geméiss dem Traité vu Brest-Litowsk goufen d'Baltesch Staaten onofängeg, a Riga d'Haaptstad vu Lettland. Am Zweete Weltkrich gouf ë. a. déi historesch Alstag uerg zerstéiert. Wéi Lettland nom Zweete Weltkrich Deel vun der Sowjetunioun gouf, huet sech dat och op Riga ausgewierkt, wat d'Bausubstanz ubelaangt. 1986 gouf de chartakteristesche Radios- an Telvisiounstuerm ageweit.

2001 huet Riga, nodeem d'Land 1991 nees onofhängeg gi war, seng 800 Joer gefeiert.

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

D'Alstad an den Zentrum (mat de Jugendstilgebaier) gouf op d'Unesco-Lëscht vun de Kultur-Weltierwe gesat.

Vue op Riga, iwwer d'Daugava ewech

Kuckeswäert sinn, an der Alstad:

  • D'Péiterskierch,
  • d'Kathedral
  • de Musée vun den Occupatiounen 1940-1991
  • d'Stadhaus
  • d'Haus vun de Schwaarze Käpp
  • d'Fräiheetsmonument
  • d'Schlass vu Riga

a soss doruechter:

  • d'Universitéit vu Lettland
  • d'Jugendstilhaiser am Quartier
  • de Radios-an Televisiounstuerm

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Riga – Biller, Videoen oder Audiodateien