Podgorica
| Dëse Geographiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
| Подгорица Podgorica |
||
|---|---|---|
| Land: | ||
| Koordinaten: | 42° 26' 23" N 19° 15' 58" E |
|
| Fläch: | 225 km² | |
| Awunner: | 150.977 (2011) | |
| Bevëlkerungsdicht: | 671 Aw./km² | |
| Héicht: | 45 m | |
| Zäitzon: | UTC+1 | |
| Autoskennzeechen: | PG | |
| Buergermeeschter: | Miomir Mugoša (DPS) | |
Podgorica (kyr. Подгорица) ass mat ronn 150.000 Awunner (2011) d'Haaptstad vum Montenegro. Si läit an enger wäiter Glecht op där Plaz wou d'Zeta an d'Morača leeft.
Vun 1946 bis 1992 housch d'Stad Titograd. Den aktuellen Numm Podgorica bedeit esouvill wéi ënnert dem Hiwwel.
Geschicht [änneren]
Am Joer 1326 gouf Podgorica fir d'éischte Kéier als kleng Siidlung ernimmt a stoung laang am Schied vu Skutari, Medun an de Küstestiedt Bar a Budva, spéider dann och vun Cetinje. Si huet Mëtt vum 14. Joerhonnert zum serbesche Räich vum Zar Stefan Dušan gehéiert, duerno zu de Firschtentëmer vun de Balšić (bis 1421), Lazarević/Branković (1421–1439/1444–1452) an den Crnojević (bis 1466). Kuerzzäiteg stoung d'Stad och ënnert venezianescher Herrschaft. Vu 1466 u war Podgorica Deel vum Osmanesche Räich. D'Osmanen hunn hei eng grouss Festung gebaut, fir sech géint Ugrëff vun de fräie montenegrinesche Stämm aus de Bierger ze schützen. Mat der Festung ass déi strategesch Bedeitung vu Podgorica gewues. Um Berliner Kongress (1878) gouf Podgorica Montenegro zougesprach, deem seng Haaptstad zu där Zäit Cetinje war. D'Resultater vum Kongress hunn d'Enn vu 4 Joerhonnerten osmanesch Herrschaft bruecht. Podgorica ass zënter dëser Zäit déi gréisst Stad vum Land an déi wichtegsten Handelsplaz.
Am Éischte Weltkrich stoung Podgorica vun 1916 bis 1918 ënnert éisterräichescher Besatzung. 1918 koum d'Stad mat Montenegro zu Jugoslawien. Am Zweete Weltkrich koumen no den italienesche Besatzer (1941–1943) déi Däitsch (1943–1944). D'Stad war während dem Krich enge 70 Loftugrëff ausgesat, déi se bal ganz zerstéiert hunn. Am Dezember 1944 gouf se duerch d'jugoslawesch Partisane befreit. 1946 gouf d'Stad zu Éiere vum jugoslawesche Ministerpresident Josip Broz Tito an Titograd ëmbenannt a gläichzäiteg zur Haaptstad vun der jugoslawescher Deelrepublik Montenegro erkläert. Zënter dem 2. Abrëll 1992 heescht se nees Podgorica. Nom Onofhängegkeetsreferendum 2006 gouf Podgorica d'Haaptstad vum neie Staat Montenegro.
Fotosalbum vun der Stad [änneren]
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Podgorica – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Amsterdam - Andorra la Vella - Athen - Belgrad - Berlin - Bern - Bratislava - Bréissel - Budapest - Bukarest - Chişinău - Dublin - Eriwan - Helsinki - Kiew - Kopenhagen - Lissabon - Ljubljana - Lëtzebuerg - London - Madrid - Minsk - Moskau - Nikosia - Oslo - Paräis - Podgorica - Prag - Reykjavík - Riga - Roum - Sarajevo - Skopje - Sofia - Stockholm - Tallinn - Tiflis - Tirana - Vaduz - Valletta - Vilnius - Warschau - Wien - Zagreb