Reykjavík

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
EU Insignia.svg Dëse Geographiesartikel iwwer Europa ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
Reykjavík
Reykjavikurborg map.png
Land Flag of Iceland.svg Island
Regioun: Höfuðborgarsvæði
Koordinaten: 64°08' N, 21°56' W
Fläch: 274,5 km²
Awunner: 118.820 (2006)
Bevëlkerungsdicht: 430 / km²
Héicht: 0 m i. NN
Buergermeeschter: Ólafur F. Magnússon

Reykjavík (IPA:[ˈreiːcaˌviːk]) (isl. Dampbucht) ass d'Haapstad vun Island an déi nërdlechst Haaptstad vu Westeuropa (Breetegrad 64° 08' N, net wäit vum Nërdleche Polarkrees ewech, dee bei der bei 66° 33' N läit). Am Wanter huet Reykjavík nëmme 4 Stonnen Dagesluut, am Summer sinn d'Nuechte bal esou hell ewéi den Dag.

D'islännesch Bezeechnung Dampbucht kënnt warscheinlech vun den Dämp vun de waarme Quellen aus der Ëmgéigend a gëtt engem Mëssverständnis vum éische Bewunner Ingólfur Arnarson zougeschriwwen.

Reykjavík ass mat 118.820 Awunner déi gréisste Stad an Island, hei wunnen zirka 41% vun der Gesamtbevëlkerung vun der Insel. D'Stad läit um Atlantik, méi genee un der Faxaflói-Bucht ënner dem zirka 900 m héijen Hausbierg Esja.

An der Stad sinn déi meescht Fakultéite vun der Universitéit vum Land, a verschidden aner Héichschoulen, Theater, Muséeën a Kulturariichtungen souwéi en Héichséihafen. Matzen an der Stad läit e klenge Séi, den Tjörnin. Dëse Séi ass zugläich och eng vun de gréisste Brutplaze fir Wasservullen am Südweste vun Island.

Inhaltsverzeechnes

[änneren] Geographie

D'Stad vum Tuerm vun der Hallgrímskirkja, d'"Kierch vum Hallgrímur" aus gekuckt

Reykjavík läit am Südweste vun der Insel Island um Ufank vun der Hallefinsel Reykjanesskagi. D'Zon vun der plakkentektonescher Verschibung, déi an Island vu Südwesten no Nordoste leeft, féiert och iwwert dës Hallefinsel. Dohir gëtt et ëmmer nees Erdbiewen, déi allerdéngs meeschtens net allze staark sinn.

[änneren] Geschicht

[änneren] Bevëlkerung

[änneren] Politik

[änneren] Kuckeswäertes

Reykjavík

[änneren] Economie a Verkéier

Panorama vu Reykjavík vun Örfirisey aus

[änneren] Berühmte Perséinlechkeete vu Reykjavík

[änneren] Um Spaweck

Commons: Reykjavík – Biller, Videoen oder Audiodateien


Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen