Álftanes
| Álftanes | |
|---|---|
| Land | |
| Regioun: | Höfuðborgarsvæði |
| Koordinaten: | 64°06′N 22°00′W |
| Fläch: | 5 km² |
| Awunner: | 2.183 (2006) |
| Bevëlkerungsdicht: | 436,6 / km² |
| Héicht: | 0 m i. NN |
| Buergermeeschter: | Sigurður Magnússon |
Álftanes (mam vollstännegen Numm op islännesch Sveitarfélagið Álftanes) ass eng Gemeng an der Haaptstadregioun an islans, mat 2.183 Awunner.
Álftanes läit am Südweste vu Reykjavík, op enger Hallefinsel. Den Numm heescht iwwersat op Lëtzebuergesch Schwane-Bucht (Swan's Cove). Álftanes läit ca. 1 Stonn ewech vum Zentrum vu Reykjavík, an zéng oder fofzéng Minutte vu Hafnarfjörður.
Bessastaðir [änneren]
Zu Álftanes ass d'Residenz vum President vun Island, dem Ólafur Ragnar Grímsson. Dësen Domaine, Bessastaðir, gehéiert dem islännesche Staat.
Geschicht vun Álftanes [änneren]
Den Ingólfur Arnasson, den éischte Siidler vun Island, hat zu Álftanes en Terrain. Säi Koseng, den Ásbjörn Össurarson, huet d'Land duerno vum Ingólfur iwwerholl. 1878 huet den Álftanes den Terrain an zwee gedeelt, an zwar an Bessastaðahreppur an a Garðahreppur. Am 19. Joerhonnert war d'Fëscherei déi wichtegst Industrie fir d'Awunner vun Álftanes. No 1940 ass d'Awunnerzuel vun Álftanes staark an d'Luucht gaangen; a mat hir d'Zuel vun de Gebaier.
Um Spaweck [änneren]
Sveitarfélagið Álftanes | Garðabær | Hafnarfjarðarkaupstaður | Kjósarhreppur | Kópavogsbær | Mosfellsbær | Reykjavíkurborg | Seltjarnarnesbær