Island
| Dëse Geographiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
| Lýðveldið Ísland | |||||
|
|||||
| National Devise: keng | |||||
| Offiziell Sprooch: | Islännesch | ||||
| Haaptstad: | Reykjavík | ||||
| • Awunner: | 117 898 (3. Abrëll 2008) | ||||
| • Koordinaten: | 64°08'N, 21°56'W | ||||
| Staatsform: | |||||
| • President: | Ólafur Ragnar Grímsson | ||||
| • Ministerpresident: | Jóhanna Sigurðardóttir | ||||
| Fläch: | 103 000 km² (104.) | ||||
| • Dovu Waasser: | 2,7% % | ||||
| Bevëlkerung: | 313 376 (1. Januar 2008) (169.) | ||||
| • Bevëlkerungsdicht: | 2,9/km² | ||||
| Nationalfeierdag: | 17. Juni | ||||
| Nationalhymn: | Ó Guð Vors Lands Lauschtert | ||||
| Währung: | Krónur | ||||
| Zäitzon: | UTC +0 | ||||
| Internet TLD: | .is | ||||
| Internationalen Telefonsprefix: |
+354 | ||||
Island ass en Inselstaat am Norde vum europäesche Kontinent, an no England deen zweetgréissten Inselstaat vun Europa.
Island läit am Nordatlantik a bësse südlech vum nërdleche Polarkrees.
Inhaltsverzeechnes |
Politik [änneren]
Island gouf den 1. Januar 1918 souverän, blouf awer a Personalunioun mat der "dänescher Kroun". De 17. Juni 1944 huet et déi Unioun gekënnegt an d'Republik ausgeruff. Am Parlament, dem Althing, sinn 63 Deputéierten. All véier Joer gëtt gewielt.
Island huet besonnesch staark ënnert der Finanzkris 2007/2008 ze leiden. An deem Zesummenhank ass och d'Demande ze gesinn, der Europäescher Unioun bäizetrieden, déi de 16. Juli 2009 vum Althing guttgeheescht gouf.
Bevëlkerung [änneren]
Dem Statistesche Büro vun Island no [1] hunn den 3. Abrëll 2008 313.376 Leit op der Insel gelieft, dovunner waren der 291.942 Islänner.
Am Géigesaz zu villen anere westleche Staaten ass d'Bevëlkerungszuel an Island, wéi och zu Lëtzebuerg, an de leschte Joren ëmmer méi grouss ginn, an an de leschte 5 Joer ass déi souguer nach méi séier erop gaang. Den Trend gëtt ënnerstëtzt duerch den Ustig vum Auslännerundeel, dee sech selwer duerchschnëttlech ëm circa 1,5 % all Joer tëscht 1950–1990 an ëm 3,5 % am Joer 2003 vergréissert huet.
2008 si 6,83 Prozent vun der islännescher Bevëlkerung Auslänner.
An der Bevëlkerung ginn et ënnert anerem 2,7 % Polen, 0,3 % Dänen, 0,2 % Philippinos a 0,3 Däitscher.
Stied [änneren]
Eng 93 % vun der Bevëlkerung lieft a Stied. Déi gréisste sinn:
- Reykjavík: 117.898 [2]
- Kópavogur: 28.665 [3]
- Hafnarfjörður: 24.895 [4]
- Akureyri: 17.278 [5]
- Reykjanesbær: 13.282 [6]
- Garðabær: 9.931 [7]
D'Awunnerzuel bezitt sech jeeweils op den 3. Abrëll 2008 an déi ganz Gemeng (Municipality)
Kuckeswäertes [änneren]
- Reykjavík
- Akureyri, déi véiertgréisst Stad an Island, mam Myvatn (Méckeséi) an dem Goðafoss (Gëtterwaasserfall);
- d'Hallefinsel Reykjanes mat der Bláa Lonið (Blo Lagun), engem Thermalbad, gespeist vum waarme Waasser aus der Geothermescher Statioun ;
- Þingvellir, den traditionelle Versammlungsuert vum Althing, gouf 1928 Nationalpark an ass 2004 zu enger Weltkulturierfschaft erkläert ginn;
- Gullfoss (gëllene Waasserfall);
- Haukadalur mat senge Geysiren (bekannteste Geysir as de Strokkur);
- Vatnajökull, dee gréisste Gletscher an Europa mat 8.100 km2, ronn 8 % vun Island;
- Vestmannaeyjar, eng Inselgrupp mat vulkanartegem Ursprong am Süde vun Island.
Um Spaweck [änneren]
Albanien - Belsch - Bulgarien - Däitschland - Dänemark - Estland - Frankräich - Griicheland - Groussbritannien - Holland - Island - Italien - Kanada - Kroatien - Lettland - Litauen - Lëtzebuerg - Norwegen - Polen - Portugal - Rumänien - Slowakei - Slowenien - Spuenien - Tierkei -
Tschechesch Republik - Ungarn - USA
Referenzen [änneren]
| Commons: Iceland – Biller, Videoen oder Audiodateien |