Vestmannaeyjar

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Gnome-globe.svg Dëse Geographiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
Vestmannaeyjar (Hafen an Uertschaft vun Heimaey), geknipst vun den Häng vum Bierg Háhá. Bjarnarey läit hannert dem Lavafeld riets, an Heimaklettur heescht de Bierg lénks
Haaptinsel nom Vulkanausbroch 1973

D'Vestmannaeyjar (iwwersat: Westmännerinselen) sinn eng Inselgrupp déi eng vulkanesch Origine hunn a südlech vun Island leien. Si bestinn aus 14 Inselen, 30 Schären an 30 Fielsen.

Heimaey [ˈhɛi̯maɛi̯] ass mat Ofstand déi gréisst an déi eenzeg Insel, déi stänneg bewunnt ass. Op hir läit eng Uertschaft mat 4.227 Awunner (Dezember 2004), déi deselwechten Numm huet. Si huet Enn Januar 1973 an aller Vitesse missen evakuéiert ginn, well e neie Vulkan, den Eldfell, direkt bei der Uertschaft ausgebrach ass. Glécklecherweis ass kee Mënsch zu Schued kom, well déi ganz Fëschereiflott wéinst engem Stuerm am Hafen bliww war.

De Visiteur vun Heimaey spiert haut nach op de Lavasteng d'Hëtzt ënnert sengen Fousssuelen. Lo ginn déi duerch de Vulkanausbroch verschotten Haiser rëm ausgegruewen, an zwar ënnert der Bezeechnung; Pompei Norðursins (Pompeji vum Norden).

D'Uertschaft lieft och haut nach haaptsächlech vun der Fëscherei a gehéiert zu de räichsten Gemengen an Island. D'Insele sinn um Loftwee oder mat enger Pont z'erreechen.

Die eenzel Inselen heeschen:

  • Heimaey (13,4 km²)
  • Surtsey (1,9 km² / eréischt 1963 bei engem Vulkanausbroch entstan.)
  • Elliðaey (0,45 km²)
  • Bjarnarey (0,32 km²)
  • Álsey (0,25 km²)
  • Suðurey (0,20 km²)
  • Brandur (0,1 km²)
  • Hellisey (0,1 km²)
  • Súlnasker (0,03 km²)
  • Geldungur (0,02 km²)
  • Geirfuglasker (0,02 km²)
  • d'Inselen Hani, Hæna an Hrauney, grad wéi d'Schär Grasleysa, droen den Numm Smáeyjar (Klenginselen).

Um Spaweck [änneren]

Commons: Vestmannaeyjar – Biller, Videoen oder Audiodateien