1973
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
1968 | 1969 | 1970 | 1971 | 1972 | 1973 | 1974 | 1975 | 1976 | 1977 | 1978
Dës Säit befaasst sech mam Joer 1973
Inhaltsverzeechnes |
Evenementer [änneren]
Europa [änneren]
- 1. Januar: Dänemark, Groussbritannien an Irland trieden der EG bäi.
- 26. Januar: Den Edmond Leburton gëtt Premierminister an der Belsch.
- 8. Mäerz: Bei engem Referendum an Nordlirland stëmmt eng Majoritéit vu 57,4 Prozent dofir, Deel vumVereenegte Kinnekräich ze bleiwen. Vill Katholike boykottéieren de Referendum.
- 4.-11. Mäerz: Parlamentswalen a Frankräich gi vun der Droite gewonnen.
- 5. Abrëll: De Pierre Messmer gëtt op en neies Premierminister a Frankräich an der Regierung Messmer 2
- 1. Juni: De griicheschen Diktator Georgios Papadopoulos rifft d'Republik aus.
- 3. bis 7. Juli: Éischt Konferenz iwwer Sécherheet an Zusammenaarbecht an Europa (KSZE).
- 7. Juli: Récktrëtt vum italienesche Conseilspresident Giulio Andreotti. De Mariano Rumor iwwerhëlt.
- 11. Juli: Eng brasilianesch Boeing 707 fält wéinst Feier bei Orly erof; 122 Mënsche stierwen, just 11 iwwerliewen.
- 15. September: Duerch den Doud vum Kinnek Gustav VI. Adolf gëtt de Carl XVI. Gustaf neie Staatschef a Schweden.
- 18. September: Déi zwee Däitschlanden, d'Bundesrepublik an d'DDR, gi Member vun der UNO.
- 3. Oktober: De President vum DDR-Ministerrot Willi Stoph gëtt zum Staatsrotspresident (Ministerpresident) vu sengem Land gewielt.
- 17. November: A Griicheland gëtt d'Revolt vun de Studenten um Athener Polytechnikum géint d'Militärdiktatur bluddeg niddergeschloen.
- 25. November: De griichesche President, de Generol Georgios Papadopoulos gëtt duerch d'Militär gestierzt; neie President gëtt de Generol Phaidon Gizikis.
- 20. Dezember: De spuenesche Ministerpresident Luis Carrero Blanco gëtt bei engem Bommenattentat vun der ETA ëmbruecht, de Carlos Arias Navarro gëtt säin Nofolger.
Lëtzebuerg [änneren]
- 9. Januar: D'Gebai vum Europäesche Geriichtshaff um Kierchbierg gëtt a Betrib geholl.
- 3. Juni: D'Nei Bréck an der Stad Lëtzeuerg gëtt Einbahn.
- 9. Oktober: Generalstreik zu Lëtzebuerg.
- 25. November: Éischten autofräie Sonndeg zu Lëtzebuerg wéinst der Petrolskris
Afrika [änneren]
- Grouss Hongesnout an der Sudan-Sahel-Zon bis an Ethiopien (1973-1975).
- 5. Juli: An Ruanda putscht sech d'Militär un d'Muecht.
- 24. September: Guinea-Bissau erkläert sech vu Portugal onofhängeg (endgülteg: 10. September 1974).
Amerika [änneren]
USA [änneren]
- 30. Januar: Watergate-Affär: Dem President Richard Nixon seng Mataarbechter Gordon Liddy an James W. McCord, Jr. gi viru geriicht wéinst Abroch veruerteelt.
- 4. Abrëll: D'World Trade Center zu New York City geet op.
- Juni: Offiziell Visite vum Leonid Breschnew an de Vereenegte Staaten.
Mëttel- a Südamerika [änneren]
- 27. Juni: Staatsstreech an Uruguay, de President Juan María Bordaberry hëlt, mat Hëllef vun der Arméi, all Pouvoirën u sech.
- 1. Juli: Chile rifft den Ausnamezoustand aus.
- 10. Juli: D'Bahamas gi vu Groussbritannien onofhängeg.
- 11. September: D'chilenescht Militär putscht ënnert dem Generol Augusto Pinochet; de Staatspresident Salvador Allende hëlt sech d'Liewen.
- An Argentinien gëtt den Juan Perón zum Staatspresident gewielt, seng Fra Isabel Perón gëtt Vizepresidentin.
Asien [änneren]
- 27 Januar: An de Friddensaccorde vu Paräis gëtt e Waffestëllstand an de Réckzuch vun den US-Truppen aus dem Vietnam decidéiert.
- 29. Mäerz: Déi lescht US-amerikanesch Zaldote verloosse Vietnam.
- 17. Juli: An Afghanistan putscht den Mohammad Daud Khan a rifft d'Republik aus. Hie gëtt deen Dag drop zum President proclaméiert; de Kinnek Mohammed Sahir Schah vun Afghanistan dankt de 24. August of.
- 14. Oktober: An Thailand trëtt no Onrouen d'Militärregierung zréck; de Sanya Dharmasakti gëtt neie Premierminister.
Ozeanien & Pazifik [änneren]
- 20. Oktober: D'Oper vu Sidney gëtt duerch d'Kinnigin Elisabeth II. ageweit.
- 1. Dezember: Papua-Neiginea gëtt onofhängeg.
- Déi australesch Aborigines kréien d'Walrecht.
Noen Osten an Arabesch Welt [änneren]
- 6. Oktober: Ufank vum Jom-Kippur-Krich: Egypten a Syrien attackéieren op de Golanhéichten a beim Sueskanal déi israelesch Front.
- 16. Oktober: D'OPEC decidéiert, de Präis vum Pëtrol ëm 70% ze hécken; Ufank vun der éischter Pëtrolskris
Konscht & Kultur [änneren]
Molerei [änneren]
Literatur [änneren]
- De Nobelpräis fir Literatur geet un den australeschen Romanauteur Patrick White.
- Edmond Dune, Poèmes en prose.
- Edmond Dune, Les puits de Fuentes.
- Edmond Dune, L'anneau de Moebius.
Musek [änneren]
- 7. Abrëll: D'Anne-Marie David gewënnt fir Lëtzebuerg mam Lidd Tu te reconnaîtras den 18. Eurovision Song Contest zu Lëtzebuerg.
Kino [änneren]
Wëssenschaft & Technik [änneren]
- 6. Abrëll: Start vun der Raumsond Pioneer 11.
- 14. Mee: Start vun der Raumstatioun Skylab.
- 4. Juni: De Geldautomat gëtt patentéiert.
- 26. Oktober: éischte Fluch vum däitsch-franséische Militärfliger Alpha Jet.
- 3. Dezember: Pioneer 10 erreecht de Planéit Jupiter.
Sport [änneren]
- 28. Februar: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Mulhouse 1:3 géint Frankräich. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Jean-Pierre Hoffmann geschoss.[1]
- 31. Mäerz: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Genua, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1974, 0:5 géint Italien.[2]
- 8. Abrëll: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1974, 0:1 géint Schwäiz.[3]
- 26. September: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Luzern, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1974, 0:1 géint Schwäiz.[4]
- 7. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg 0:2 géint Kanada.[5]
- 28. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Libramont-Chevigny 0:6 géint Belsch.[6]
- 4. November: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe gewënnt an der Stad Lëtzebuerg 2:1 géint Norwegen. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn de Vinicio Monacelli a Pierrot Langers geschoss.[7]
Gebuer [änneren]
- 3. Januar: Mikhail Zaritskiy, russesch-lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 12. Januar: Hande Yener, tierkesch Popsängerin a Songwriterin.
- 13. Januar: Giancarlo Fisichella, F1-Pilot.
- 20. Januar: Mathilde d'Udekem d'Acoz, Fra vum belsche Krounprënz Philippe.
- 20. Januar: Benjamin Biolay, franséische Sänger, Songwriter a Komponist.
- 29. Januar: Su-Mei Tse, lëtzebuergesch Musekerin a Kënschtlerin.
- 2. Mäerz: Valérie Donzelli, franséisch Schauspillerin a Regisseurin.
- 3. Mäerz: Xavier Bettel, lëtzebuergesche Politiker.
- 24. Mäerz: Jim Parsons, US-amerikanesche Schauspiller.
- 12. Abrëll: Judith Lecuit, lëtzebuergesch Cellistin.
- 18. Abrëll: Haile Gebrselassie, ethiopesche Laangstreckeleefer.
- 24. Mee: Ruslana Lyjytschko, ukrainesch Sängerin.
- 28. Mee: Paolo Amodio, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 1. Juni: Anna Thalbach,däitsch Schauspillerin.
- 17. Mee: Tim Battin, lëtzebuergesche Fotograf.
- 31. Mee: Tom Alesch, lëtzebuergesche Filmregisseur.
- 7. Juli: Roland Schaack, lëtzebuergesche Foussballtrainer a fréiere Foussballspiller.
- 25. August: Fatih Akin, däitsch-tierkesche Filmregisseur.
- 5. November: Christian Alverdi, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 14. November: Marc Meyers, lëtzebuergeschen Trombone-Spiller.
- 22. November: Chad Trujillo, US-amerikaneschen Astronom.
- 8. Dezember: Corey Taylor, US-amerikanesche Museker.
Gestuerwen [änneren]
- Abd ar-Rahman al-Bazzaz, irakesche Regierungsbeamten a Politiker.
- Alfred Schmitt, franséischen Astronom.
- 20. Januar: Amílcar Cabral, capverdianesche Politiker.
- 22. Januar: Lyndon B. Johnson, 36. President vun den USA.
- 26. Januar: Edward G. Robinson, US-amerikanesche Schauspiller.
- 6. Februar: Ira Sprague Bowen, US-amerikaneschen Astronom an Astrophysiker.
- 14. Februar: Émile Reuter, lëtzebuergesche Politiker.
- 5. Mäerz: Robert C. O'Brien, US-amerikanesche Schrëftsteller a Journalist.
- 6. Mäerz: Pearl S. Buck US-amerikanesch Schrëftstellerin.
- 10. Mäerz: Robert Siodmak, US-amerikanesche Filmregisseur.
- 25. Mäerz: Edward Steichen, US-amerikaneschen Fotograph, gebuer zu Lëtzebuerg.
- 23. Mäerz: Nicolas Kinsch, lëtzebuergesche kathoulesche Bëschof.
- 30. Mäerz: William J. Kroll, lëtzebuergesche Fuerscher an Erfinder.
- 2. Abrëll: Joseph Hess, lëtzebuergesche Professer.
- 8. Abrëll: Pablo Picasso, spuenesche Moler, Sculpteur a Graphiker.
- 9. Abrëll: Henri Schnadt, lëtzebuergeschen Ingenieur.
- 13. Abrëll: René Hartmann, lëtzebuergesche Gewerkschaftler, Politiker a Foussballspiller.
- 1. Mee: Jules Mersch, lëtzebuergesche Publizist.
- 11. Juni: Folke Rogard, schwedesche Schachfonctionnaire a -schiedsriichter.
- 26. Juni: John Cranko, südafrikaneschen Choreograph.
- 3. Juli: Karel Ancerl, tschecheschen Dirigent.
- 7. Juli: Veronica Lake, US-amerikanesch Filmschauspillerin.
- 13. Juli: Willy Fritsch, däitsche Schauspiller.
- 26. Juli: Hans Albert Einstein, Schwäizer Ingenieur an eelste Jong vum Albert Einstein.
- 28. Juli: Émile Konter, lëtzebuergesche Boxer.
- 1. August: John Ford, US-amerikanesche Filmregisseur.
- 1. August: Walter Ulbricht, ost-däitschen Staatsmann.
- 2. August: Jean-Pierre Melville, franséische Filmregisseur, Filmproduzent a Schauspiller.
- 4. August: Eddie Condon, Jazz-Gitarist a Grënner vum "Chicago style"-Jazz.
- 6. August: Fulgencio Batista Y Zaldívar, kubaneschen Politiker.
- 2. September: John Ronald Reuel Tolkien, engleschen Schrëftsteller a Philolog.
- 11. September: Salvador Allende Gossens, chileneschen Politiker.
- 17. September: Jean Fohrmann, lëtzebuergesche Gewerkschaftler a Politiker.
- 22. September: Paul van Zeeland, belschen Diplomat a Politiker.
- 23. September: Pablo Neruda, chileneschen Dichter an Diplomat.
- 28. September: Wystan Hugh Auden. Naturaliséierten US-amerikaneschen Dichter.
- 16. Oktober: Gene Krupa, US-amerikanesche Jazz-Batteur.
- 22. Oktober: Pablo Casals, katalaneschen Cellist.
- 25. Oktober: Abebe Bikila ethiopeschen Laangstreckeleefer.
- 3. November: Marc Allégret, Filmregisseur.
- 17. November: Lou Koster, lëtzebuergesch Komponistin a Pianistin.
- 18. November: Catherine Kill, lëtzebuergesch Politikerin a Fraerechtlerin.
- 1. Dezember: David Ben-Gurion, israelesche Staatsmann.
- 17. Dezember: Charles Greeley Abbot, engleschen Astronom.
- 23. Dezember: Gerard Peter Kuiper, US-amerikaneschen Astronom.
| Commons: 1973 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen [änneren]
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Frankräich-Lëtzebuerg den 28. Februar 1973 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Frankräich-Lëtzebuerg den 31. Mäerz 1973 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Schwäiz den 8. Abrëll 1973 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Schwäiz-Lëtzebuerg de 26. September 1973 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Kanada de 7. Oktober 1973 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Belsch-Lëtzebuerg den 28. Oktober 1973 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Norwegen de 4. November 1973 um Site European Football
