Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De 14. Oktober ass den 287. Dag (288. am Schaltjoer) vum Joer am Gregorianesche Kalenner.
- 1066: Schluecht vun Hastings.
- 1872: A Japan geet déi éischt Eisebunnsstréck tëschent Tokio a Yokohama op.
- 1899 Am geheime Vertrag vu Windsor tëscht Groussbritannien a Portugal erkennen déi zwou Natioune géigesäiteg hir Propriétéiten an Afrika un.
- 1910: Den englesche Fligerpilot Claude Grahame-White lant mat sengem Farman III-Doppeldecker op der deemoleger Executive Avenue zu Washington D.C. net wäit ewech vum Wäissen Haus. De Pilot gouf festeholl an d'Press huet eng Sensatioun draus gemaach.
- 1912: Dat ëmstriddent Schoulgesetz trëtt zu Lëtzebuerg a Kraaft.
- 1947: Den Chuck Yeager durchbrécht als éischte Pilot d' Schallmauer mat enger Bell X-1 op enger Héicht vu 15.000 Meter.
- 1956: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe gewënnt an der Stad Lëtzebuerg 6:4 géint Belsch. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn den Henri Cirelli, ee belsche Spiller (Selbstgol), Léon Letsch, Albert Schaack (2) an Nicolas Kettel geschoss.[1]
- 1962: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg 0:2 géint Belsch.[2]
- 1964:
- 1969: Den Olof Palme gëtt schwedesche Premierminister.
- 1970: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 1972 0:2 géint Jugoslawien.[3]
- 1981: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Valencia 0:3 géint Spuenien.[4]
- 1986: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 1988, 0:6 géint Belsch.[5]
- 1998: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 2000, 0:3 géint England.[6]
- 2009: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Athen, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 2010, 1:2 géint Griicheland. Och de Gol fir d'Lëtzebuerger gouf vun engem griichesche Spiller geschoss (Selbstgol).[7]
- 1563: Jodocus Hondius, flamännesche Karthograph, Editeur a Globusfabrikant.
- 1809: Nicolas Liez, Moler a Lithograph.
- 1856: Louis-Gustave Binger, franséischen Offizéier, Explorateur a Gouverneur.
- 1861: Joseph Dahlmann, däitsche Jesuitepater an Orientalist.
- 1890: Dwight D. Eisenhower, US-amerikanesche Generol a Politiker.
- 1890: Louis Delluc, Novellist, Kritiker a Filmregisseur.
- 1891: Alphonse Weicker, lëtzebuergesche Jurist, Economist a Foussballspiller.
- 1894: E. E. Cummings, US-amerikanesche Schrëftsteller.
- 1901: Georges Lampin, franséische Schauspiller, Dréibuchauteur, Filmproduzent a Filmregisseur.
- 1904: Henri Koch, lëtzebuergesche Bobfuerer.
- 1906: Hannah Arendt, däitsch-US-amerikanesch Politologin.
- 1907: Paul Elvinger, lëtzebuergesche Politiker.
- 1925: Georges Erasme Muller, lëtzebuergeschen Neurolog an Auteur.
- 1927: Roger Moore, britesche Schauspiller.
- 1928: Edmond Jacobs, lëtzebuergesche Vëlossportler.
- 1930: Carlo Hury, lëtzebuergeschen Historiker an Archivar.
- 1930: Mobutu Sese Seko, President vum Zaire.
- 1931: Fabrizio Cocchia, italieneschen Architekt.
- 1946: François Bozizé, Zentralafrikanesche President.
- 1958: Benny Reiter, lëtzebuergesch Foussballspiller a Foussballtrainer.
- 1971: Frédéric Guesdon, franséische Vëlossportler.
- 1971: Jyrki Katainen, finnesche Politiker.
- 1987: Claudio Lombardelli, lëtzebuergesche Fousssballspiller.
- 1066: Harold II., Kinnek vun England.
- 1831: Jean-Louis Pons, franséischen Astronom.
- 1944: Erwin Rommel, däitsche Generolfelmarschall
- 1959: Errol Flynn, US-amerikanesche Schauspiller.
- 1967: Marcel Aymé, franséische Schrëftsteller.
- 1977: Bing Crosby, US-amerikanesche Sänger a Schauspiller.
- 1980: Jean-François Adam, franséische Schauspiller a Regisseur.
- 1990: Leonard Bernstein, US-amerikanesche Komponist an Dirigent.
- 1990: Mars Schmit, lëtzebuergesche Konschtprofesser a Moler
- 1994: Gab Weis, lëtzebuergesche Comiczeechner
- 2006: Freddy Fender, US-amerikanesche Countrysänger
- 2010: Benoît Mandelbrot, franséisch-US-amerikanesche Mathematiker.