1956
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
1951 | 1952 | 1953 | 1954 | 1955 | 1956 | 1957 | 1958 | 1959 | 1960 | 1961
Dës Säit befaasst sech mam Joer 1956.
Inhaltsverzeechnes |
Evenementer [änneren]
Europa [änneren]
- 1. Februar: De Guy Mollet gëtt Premierminister a Frankräich (bis den 21. Mee 1957).
- 13. Mee: Parlamentswalen an Éisträich, d'ÖVP mam Bundeskanzler Julius Raab kritt déi meeschte Stëmmen.
- 28. Juni: Opstand zu Poznán a Polen.
- 1. August: D'Belsch féiert - als lescht europäescht Land - d'Führerschäin-Pflicht an.
- 8. August: Bei engem Feier an der Kuelegrouf um Bois du Cazier zu Marcinelle, an der Belsch, stierwen 262 Grouwenaarbechter.
- 19. Oktober: De Wladislaw Gomulka gëtt Éischte Sekretär vun der Vereenter Polnescher Aarbechterpartei.
- 23. Oktober: An Ungarn fänkt de Volleksopstand un.
- 27. Oktober: Am Lëtzebuerger Traité gëtt festgehalen, datt d'Saarland den 1. Januar 1957 der Bundesrepublik Däitschland bäitrëtt.
- 1. November: Ungarn erkläert ënnert der revolutionärer Regierung vum Imre Nagy säin Austrëtt aus dem Warschauer Pakt.
- 5. November: Sowjetesch Panzere falen an Ungarn an a fänken un, den Ungaresche Volleksopstand nidderzeschloen.
- 22. November: Den ofgesaten ungaresche Ministerpresident Imre Nagy gëtt vum sowjetesche KGB verhaft an a Rumänien verschleeft.
Afrika [änneren]
- 1. Januar: Sudan gëtt onofhängeg vu Groussbritannien an Egypten.
- 2. Mäerz: Marokko gëtt vu Frankräich onofhängeg.
- 20. Mäerz: Tunesien gëtt vu Frankräich onofhängeg.
Amerika [änneren]
USA [änneren]
- 6. November: Den US-President Dwight David Eisenhower gëtt mat iwwer 57 % vun de Stëmmen géint den Demokrat Adlai Ewing Stevenson erëmgewielt.
- 13. November: Dat Iewescht Geriicht vun den USA erkläert Rassen-Segregatioun a Busser als net konform zu der Verfassug.
Südamerika [änneren]
- 31. Januar: De Juscelino Kubitschek de Oliveira gëtt President a Brasilien.
- 28. Juli: De Manuel Prado Ugarteche gëtt President am Peru (bis 1962).
- 6. August: Den Hernán Siles Zuazo gëtt President a Bolivien (bis 1960).
- 1. September: De Camilo Ponce Enríquezgëtt President an Ecuador (bis 1960).
Asien [änneren]
- 23. Mäerz: Pakistan proklaméiert d'islamesch Republik.
Ozeanien & Pazifik [änneren]
Arabesch Welt an Noen Osten [änneren]
- 31. Oktober – 6. November: Suezkris: Britesch-franséisch Loftoffensive géint Egypten, iwwerdeems israelesche Truppen op Sinai-Hallefinsel viruginn.
Konscht & Kultur [änneren]
Molerei [änneren]
Literatur [änneren]
Musek [änneren]
- 24. Mee: D'Lys Assia gewënnt fir d'Schwäiz mam Lidd Refrain den 1. Eurovision Song Contest zu Lugano.
Wëssenschaft & Technik [änneren]
Sport [änneren]
- 25. Mäerz: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Esch-Uelzecht 0:2 géint Frankräich.[1]
- 30. September: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Wien, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1958 0:7 géint Éisträich.[2]
- 14. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe gewënnt an der Stad Lëtzebuerg 6:4 géint Belsch. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn den Henri Cirelli, ee belsche Spiller (Selbstgol), Léon Letsch, Albert Schaack (2) an Nicolas Kettel geschoss.[3]
- 11. November: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe gewënnt zu Esch-Uelzecht 4:1 géint Schwäiz. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn den Henri Cirelli, Léon Letsch, François Konter a Johny Halsdorf (2) geschoss.[4]
- 22. November bis 8. Dezember: XVI. Olympesch Summerspiller zu Melbourne, Australien
- 23. Dezember: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Kortrijk 0:1 géint Belsch.[5]
Gebuer [änneren]
- Eben Moglen, Unisprofesser a Matgrënner vun der GNU General Public License.
- Robert McNaught, australeschen Astronom.
- 1. Januar: Sergei Wassiljewitsch Awdejew, russesche Kosmonaut.
- 3. Januar: Mel Gibson, australesche Schauspiller.
- 22. Januar: Jean-Claude Finck, lëtzebuergeschen Economist.
- 26. Januar: Lis Prüssen, lëtzebuergesch Molerin.
- 31. Januar: Carlo Schneider, lëtzebuergesche Karikaturist.
- 1. Februar: Marc Romersa, lëtzebuergesche Liichtathlet.
- 8. Februar: Antoinette Lorang, lëtzebuergesch Konschthistorikerin.
- 14. Februar: Martin Crimp, engleschen Theaterschrëftsteller.
- 18. Februar: Bidsina Iwanischwili, georgesch-franséische Geschäftsmann a Politiker.
- 19. Februar: Romain Fehlen, lëtzebuergesche Radiosspeaker.
- 26. Februar: Milan Babić, serbesche Politiker.
- 1. Mäerz: Dalia Grybauskaitė, litauesch Politikerin.
- 7. Mäerz: Félix Steichen, lëtzebuergesche Paschtouer.
- 8. Mäerz: Jean-Claude Muller, lëtzebuergesche Linguist a Kulturwëssenschaftler.
- 10. Mäerz: Gérard Claude, lëtzebuergesche Moler a Sculpteur.
- 15. Mäerz: Marco Serafini, lëtzebuergesche Filmregisseur.
- 20. Mäerz: Catherine Ashton, britesch Politikerin.
- 22. Mäerz: Maria Teresa Mestre, Fra vum Groussherzog Henri; Grande-Duchesse vu Lëtzebuerg.
- 23. Mäerz: José Manuel Barroso, portugisesche Politiker.
- 24. Mäerz: Francis Kremer, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 28. Mäerz: Evelin Jahl, däitsch Diskuswërferin.
- 5. Abrëll: Danièle Wagener, lëtzebuergesch Konschthistorikerin a Conservatrice.
- 7. Abrëll: Ralph Hoffelt, lëtzebuergesche Moler a Sculpteur.
- 12. Abrëll: Herbert Grönemeyer, däitsche Museker a Schauspiller.
- 12. Abrëll: Andy Garcia, US-amerikanesche Schauspiller.
- 18. Abrëll: Henry Wickens, engleschen Iwwersetzer.
- 30. Abrëll: Lars von Trier, dänesche Filmregisseur.
- 30. Abrëll: Danielle Grosbusch, lëtzebuergesch Graveuse a Molerin.
- 7. Mee: Jan Peter Balkenende, hollännesche Politiker, Ministerpresident.
- 15. Mee: Mirek Topolánek, tschechesche Politiker.
- 6. Juni: Björn Borg, schwedeschen Tennis-Spiller.
- 10. Juni: Rolandas Paksas, President vu Litauen.
- 22. Juni: Jean-Paul Defrang, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 28. Juni: Marie-Paule Schroeder, lëtzebuergesch Molerin a Professesch.
- 29. Juni: Pedro Santana Lopes, portugisesche Politiker, Premierminister.
- 29. Juni: Claire Lesbros, Choreographin, Dänzerin a Fotografin.
- 9. Juli: Tom Hanks, US-amerikanesche Schauspiller.
- 13. Juli: Günther Jauch, däitschen Televisiounsjournalist a -moderator.
- 31. Juli: Patricia Lippert, lëtzebuergesch Kënschtlerin.
- 12. August: Georges Hellinghausen, lëtzebuergesche Geeschtlechen, Theolog a Kierchenhistoriker.
- 19. August: Nico Ney, lëtzebuergesche Vëlossportler.
- 13. August: Gast Waltzing, lëtzebuergesche Museksprofesser, Trompettist, Dirigent a Komponist.
- 30. August: Martine Mergen, lëtzebuergesch Politikerin.
- 5. September: Marianne Majerus, lëtzebuergesch Fotografin.
- 13. September: Lucien Lux, lëtzebuergesche Politiker.
- 14. September: Kostas Karamanlis, griichesche Politiker, Ministerpresident.
- 16. September: David Copperfield, US-amerikaneschen Zauberkënschtler.
- 28. September: Camille Neumann, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 1. Oktober: Andrus Ansip, estesche Politiker.
- 1. Oktober: Albert Graff, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 6. Oktober: Adrien Koster, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 16. Oktober: François Bausch, lëtzebuergesche Politiker.
- 18. Oktober: Martina Navrátilová, Tennisspillerin.
- 20. Oktober: Danny Boyle, britesche Regisseur.
- 23. Oktober: Katrin Saß, däitsch Schauspillerin.
- 28. Oktober: Mahmud Ahmadinedschad, iranesche Politiker.
- 3. November: Emilio Garcia, spuenesche Boxer
- 6. November: Marc Dutroux, belsche Seriemäerder.
- 15. November: Linda Musin, belsch Politikerin.
- 17. November: Angelika Machinek, däitsch Seegelfligerpilotin
- 1. Dezember: Germain Wagner, lëtzebuergesche Schauspiller.
- 6. Dezember: Randy Rhoads, US-amerikanesche Gittarist.
- 7. Dezember: Iveta Radičová, slowakesch Politikerin.
- 18. Dezember: Schelte John Bus, US-amerikaneschen Astronom.
- 21. Dezember: Bady Minck, Kënschtlerin.
- 22. Dezember: Philippe Harel, franséische Filmregisseur, Dréibuchauteur a Schauspiller.
Gestuerwen [änneren]
- 5. Januar: Mistinguett (Jeanne Bourgeois), franséisch Sängerin an Dänzerin.
- 13. Januar: Lyonel Feininger, Zeechner a Moler.
- 31. Januar: Alan Alexander Milne, englesche Schrëftsteller.
- 13. Mäerz: Albert Simon, lëtzebuergesche Cartoonist a Karikaturist.
- 16. Mäerz: Pierre Braun, lëtzebuergesche Jurist a Politiker.
- 23. Mäerz: Adolf Berens, lëtzebuergesche Schrëftsteller.
- 13. Abrëll: Emil Nolde, däitschen expressionistesche Moler.
- 11. Mee: Walter Sydney Adams, US-amerikaneschen Astronom.
- 5. August: Franz Binsfeld, lëtzebuergeschen Auteur an Enseignant.
- 8. August: August Donnen, lëtzebuergesche Schauspiller, Regisseur an Auteur.
- 11. August: Jackson Pollock, US-amerikanesche Moler.
- 14. August: Bertolt Brecht, däitsche Schrëftsteller.
- 23. September: Max Duchscher, lëtzebuergeschen Auteur an Industriellen.
- 1. Oktober: Stan Ockers, belsche Vëlosportler.
- 6. Oktober: Josy Imdahl, lëtzebuergeschen Theaterschrëftsteller.
- 10. Oktober: David Seymour, Fotograf.
- 21. Oktober: Joseph Laurent Philippe, lëtzebuergesche Geeschtlechen a Bëschof.
- 21. Oktober: Marcel Reuland, lëtzebuergesche Schrëftsteller.
- 30. Oktober: Pío Baroja, spueneschen Auteur.
- 5. November: Art Tatum, US-amerikaneschen Jazz-Pianist.
- 11. Dezember: Nicolas Braunshausen, lëtzebuergesche Professer fir Psychologie a Politiker.
- 26. Dezember: Preston Tucker, US-amerikaneschen Autosdesigner a -fabrikant.
Jack Müller, lëtzebuergeschen Erfinder, Entreprener a Moler.
Um Spaweck [änneren]
| Commons: 1956 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen [änneren]
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Frankräich de 25. Mäerz 1956 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Éisträich-Lëtzebuerg den 30. September 1956 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Belsch de 14. Oktober 1956 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Schwäiz den 11. November 1956 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Belsch-Lëtzebuerg den 23. Dezember 1956 um Site European Football