Bertolt Brecht

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Wiesselen op: Navigatioun, Sich
De Berthold Brecht 1948

De Bertolt Brecht war en däitsche Schrëftsteller a Regisseur. Hien ass den 10. Februar 1898 zu Augsburg gebuer an de 14. August 1956 zu Berlin gestuerwen.

Inhaltsverzeechnes

[änneren] Säi Liewen

Dem Bertolt Brecht säi Studium vun de Naturwëssenschaften, der Medezin a virun allem der Literatur gouf 1918 duerch säin Déngscht als Sanitätszaldot an engem Lazarett ënnerbrach. Während dëser Zäit gouf de Bertolt Brecht e fervente Krichsgéigner.

1918 huet de Bertolt Brecht säin éischt Wierk Baal, een anarchistescht-nihilistescht an expressionistescht Drama, geschriwwen.

1922 gouf Baal zu München, wou de Bertolt Brecht als Dramaturg geschafft huet, fir d'éischt gespillt. Mat dësem Stéck huet de Bertolt Brecht seng Renommée als Dramaturg kritt.

1924 bis 1926 huet de Bertolt Brecht als Dramaturg zu Berlin geschafft an de Marxismus intensiv studéiert.

1933 ass de Bertolt Brecht, den an der Tëschenzäit en iwwerzeechte Sozialist gi war, zesummen mat senger Fra Helene Weigel aus Däitschland geflücht, an no Tëschestatiounen (ënner anerem zu Moskau (1935-1939)), 1941 an den USA ukomm.

Nodem Zweete Weltkrich ass de Brecht, dem déi Alliéiert d'Arees an d'Westzone verweigert hunn op Ost-Berlin geplënnert.

1949 huet de Bertolt Brecht zesumme mat senger Fra de Berliner Ensemble gegrënnt. Dësen war eng wichteg Experimentéierbühn an Europa.

D'Resignatioun am Bertolt Brecht senge Wierker déi nom Bau vun der Berliner Mauer entstane sinn ass onverkennbar.

[änneren] Säi Wierk

[änneren] Stécker (chronologesch)

[änneren] Eenakter:

DPAG1998-BertoltBrecht.jpg
  • Die Kleinbürgerhochzeit,
  • Der Bettler oder Der tote Hund,
  • Er treibt einen Teufel aus,
  • Lux in Tenebris,
  • Der Fischzug,
  • Dansen,
  • Was kostet das Eisen?,
  • Die sieben Todsünden der Kleinbürger

[änneren] Lyrik

Die Hauspostille,

ausgewielte Gedichter a Lidder:

Choral vom Manne Baal, Ballade von den Seeräubern, Die Legende vom toten Soldaten, Der Schneider von Ulm, An die Nachgeborenen, Die Lösung, Mein Bruder war ein Flieger, Fragen eines lesenden Arbeiters, Erinnerung an die Marie A., Schlechte Zeit für Lyrik

[änneren] Prosa

  • Bargan läßt es sein,
  • Geschichten vom Herrn Keuner,
  • Dreigroschenroman,
  • Flüchtlingsgespräche,
  • Kalendergeschichten,
  • Kinderkreuzzug,
  • Die Geschäfte des Herrn Julius Cäsar
Commons: Bertolt Brecht – Biller, Videoen oder Audiodateien
Perséinlech Tools