Moskau

Vu Wikipedia
Moskau
Land Russland
Regioun Stad mat Subjekstatus Moskau
Gegrënnt 1147
Awunner 12.455.682 (1. Januar 2021)
Fläch 2.562 km²
Koordinaten 55°45'21"N, 37°37'4"O
Zäitzon UTC+3
Telefonszon 495
Postcode 101001–135999
Websäit https://www.mos.ru/


Moskau (russ.: Москва [mɐ'skva]) ass d'Haaptstad vu Russland a mat 12.455.682 Awunner (Stand 1. Januar 2021) déi gréisst Stad an Europa. Si ass de politeschen a wirtschaftlechen Zentrum vum Land mat der Lomonossow-Universitéit, Héichschoulen a Fachschoulen, an och kulturell gesi bestécht Moskau duerch eng Abberzuel vu Kierchen, Theateren, Muséeën, Galerien an de 577 Meter héije Fernseetuerm. De Kreml an déi Rout Plaz am Zentrum vu Moskau stinn zanter 1990 op der UNESCO-Lëscht vun de Weltkulturierwen. Mat néng Kappgaren, véier grousse Fluchhäfen an dräi Bannenhäfen ass d'Stad dee wichtegste Verkéiersknuet an déi gréisst Industriestad vu Russland.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Geographesch Lag[änneren | Quelltext änneren]

Foto vu Moskau a sengem Perimeter (NASA Satellit Landsat 7)
Klimadiagramm vu Moskau

Moskau läit am europäeschen Deel vu Russland an am Duerchschnëtt 156 Meter iwwer dem Mier, am Hiwwelland tëscht de Flëss Oka a Wolga, an un den zum Deel géien Ufere vun der Moskwa, engem Niewefloss von der Oka, déi an d'Wolga leeft.

D'Moskwa dréint a kéiert sech queesch duerch d'Stad vun Nordwest no Südost. Am Stadgebitt ass hir Längt zirka 80 Kilometer an hir Breet 120 bis 200 Meter. Den 126 Kilometer laange Moskau-Wolga-Kanal, deen 1937 fäerdeg gouf, suergt fir d'Schëffbarkeet vum Floss. Ongeféier 120 kleng Flëss stréimen an d'Moskwa. Ausser 14 Stéck goufe se all an ënnerierdesch Rouersystemer verluecht.

D'Stadgrenze gi vun engem 109 Kilometer laangen Autobunnsrank gebilt, deen 1962 gebaut gouf. D'Stadgebitt huet eng Fläch vun 878,7 Quadratkilometer. D'Gréngfläche maachen ongeféier een Drëttel vum Stadgebitt aus. Dozou gehéieren zirka 100 Parken an iwwer 800 gefleegt Anlagen, beräichert mat ongeféier 500 Weieren. Ëm d'Stad zitt sech eng 30 bis 40 Kilometer laang Bëschparkzone mat enger Abberzuel vun Erhuelungs- an Ameséierariichtungen. D'Fläch vun deem Bëschpark ass 1.725 Quadratkilometer.

Klima[änneren | Quelltext änneren]

D'Haaptstad läit an der kontinentaler Klimazon. Déi duerchschnëttlech Jorestemperatur ass 5 Grad Celsius, Ree fält es iwwer d'Joer am Duerchschnëtt 688 Millimeter. Dee meeschte Ree fält am Juli mat 92 Millimeter am Mount, dee mannsten am Mäerz mat 34 Millimeter. De Wand bléist net iwwerméisseg, d'Loft ass dréchen. De Wandchill-Faktor (d. h. déi gefillt Temperatur) ass dowéinst relativ niddreg, a grousse Frascht ass also verhältnisméisseg liicht z'erdroen.

Dacks ginn d'Wantertemperaturen zu Moskau erof bis ëm déi -12 bis -15 Grad Celsius, deelweis gi souguer Temperature bis ënner -20 Grad Celsius gemooss. Mä et kann am Contraire awer och grad sou séier alles nees opdeeën, wéi et virdru gefruer war. Wat d'Duerchschnëttstemperaturen am Wanter ugeet, déi leien am Dezember bei -6,1°, am Januar bei -9,3° an am Februar bei -7,7° Celsius. Am Fréijoer klëmmt de Quecksëlwer lues a lues an de Plusberäich: Mäerz -2,2°, Abrëll 5,8° a Mee 12,9° Celsius am Duerchschnëtt. De Summer ass an der Haaptstad an der Reegel agreabel waarm a sonneg, heinansdo awer och immens gliddeg. An de Summerméint läit d'Temperatur am Duerchschnëtt am Juni bei 16,6°, am Juli bei 18,1° an am August bei 16,4° Celsius. Am Hierscht ginn d'Duerchschnëttstemperature rapid an de Keller: September 10,9°, Oktober 5° an November -1,1° Celsius.

De Schnéi an der Stad fänkt no de Berechnunge vun de Moskauer Phenologen ëm de 16. Mäerz u mat entdeeën, den Äisbroch um Moskwa-Floss ass ëm den 12. Abrëll fälleg, mam Optriede vun den éischte Wiederen ass ëm den 2. Mee ze rechnen, mam éischten Nuetsfrascht ëm de 14. September a mam éischte Schnéi ëm den 28. Oktober. De Moskwa-Floss fréiert ëm den 18. November zou. Eng fest Couche Schnéi bilt sech ëm den 23. November.

Am risege Moskau kann ee ganz aner Klimaverhältnesser feststellen, jee nodeem op een an der Bannestad, an engem vun de Faubourgen oder an der Ëmgéigend lieft. Am Zentrum ass et méi dréchen a méi waarm, woubäi d'Temperatur an der Banlieue gutt a gär ëm déi zwéi bis dräi Grad Celsius méi niddreg läit.

Rout Plaz, Kreml a Lenin-Mausoleum (an der Mëtt)
De Lenin-Mausoleum op der Rouder Plaz
Lomonossow-Universitéit
Moskwa-City (Enn 2015)

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Moskau gëtt 1147 fir d'alleréischt ernimmt, a schonn e puer Joer drop, 1156, ass ënner dem Fierscht Juri Dolgoruki (1090-1157) déi éischt, nach hëlze Wieranlag vum Kreml entstanen, bannent där sech aus engem klenge Kaff lues a lues eng beuechtenswäert Siidlung entwéckelt huet. Dozou bäigedroen huet och, datt Moskau op der Handelsroute laanscht d'Moskwa läit, vun där d'Stad iwwregends den Numm krut. Den Iwan III., dee gemenkerhand als Eeneger vu Russland ugesi gëtt, huet am 15. Joerhonnert d'Kathedral vum Kreml baue gelooss a Moskau zur Haaptstad vu sengem neie Kinnekräich erkläert. Am 18. Joerhonnert huet de Péiter de Groussen d'Haaptstad op St. Petersburg verluecht, wou se och praktesch déi ganz Zäit bliwwen ass, bis datt d'Bolschewiken de Regierungssëtz 1918 erëm zeréck op Moskau bruecht hunn.

Iwwer d'Joren ass d'Stad dacks uerg geplëmmt a bis op d'Grondmaueren niddergebrannt ginn, vun Tataren, Polen an och vun de Fransousen. Mä wéinst dem zéie Geescht vun der russescher Bevëlkerung ass d'Stad ëmmer nees opgebaut ginn, grad sou vital, wann net souguer méi wéi virdrun.

Hautdesdaags ass d'Stad geneesou kapitalistesch agestallt wéi London oder New York, an et kritt een do alles ze kafe wat et gëtt, vum BigMac bis zu BMWen.

Politik[änneren | Quelltext änneren]

D'Stad Moskau ass a Russland en eegestännege Federatiounssujet. Moskau ass donieft nach d'Haaptstad vum Federatiounskrees Zentralrussland am Oblast Moskau (dat ass de Groussraum Moskau ouns d'Stad selwer). D'Oblast gliddert sech an 39 Rajonen (Kreesser) an d'Stad selwer an zéng Bezierker an 125 Uertsdeeler. D'Stadbezierker vu Moskau sinn déi heiten:

  • Norden (Sewerny)
  • Nordosten (Sewerowostotschny)
  • Nordwesten (Sewerosapadny)
  • Osten (Wostotschny)
  • Süden (Jujny)
  • Südosten (Jugowostotschny)
  • Südwesten (Jugosapadny)
  • Westen (Sapadny)
  • Selenograd
  • Zentrum (Zentralny)
Basilius-Kathedral

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

Sech net entgoe loosse sollt ee sech déi follgend Muséeën, Bauwierker, Monumenter, etc.:

Ekonomie an Infrastruktur[änneren | Quelltext änneren]

De GUM Akafszenter
Akafszenter bannen

Moskau spillt eng Schlësselroll an der Ekonomie vu Russland. Den Undeel vun der Stad um Bruttoinlandsprodukt vum Land bedréit 12,5 Prozent. Ongeféier ee Véirel vun der Industrieproduktioun vu Moskau geet op de Kont vum Maschinnebau, deem seng Haaptbranchen Handwierksgeschierbau, Elektroindustrie, Lagerfäerdegung, Autoindustrie a Gerätebau sinn. Weider wichteg Industriebranche sinn d'Schmelzen, Liicht-, Baustoff-, Chimie- a petrocheemesch Industrie. D'Stad ass och e grousst Zentrum vum Militär-Industrie-Komplex.

Zu Moskau si zirka 80 Prozent vum Finanzpotenzial vum Land konzentréiert. Zwee Drëttel vun allen auslänneschen Investitiounen an d'Ekonomie vu Russland ginn an d'Haaptstad.

An der Stad gëtt et ongeféier 18.500 Handels-, Hôtellerie- an Déngschtleeschtungsbetriber, 9.000 Klenghandelsbetriber an ëm déi 150 Mäert, an deenen zirka eng Millioun Persoune beschäftegt sinn.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Schaeder Hildegard, Moskau, das dritte Rom, Darmstadt 1957.
  • Rüthers Monica, Moskau, Köln 2003.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Moskau – Biller, Videoen oder Audiodateien