1937
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
1932 | 1933 | 1934 | 1935 | 1936 | 1937 | 1938 | 1939 | 1940 | 1941 | 1942
Dës Säit befaasst sech mam Joer 1937.
Inhaltsverzeechnes |
Evenementer [änneren]
Europa [änneren]
Däitschland [änneren]
Lëtzebuerg [änneren]
- 23. Abrëll: Dat sou genannte Maulkuerfgesetz gëtt mat grousser Majoritéit, 34 dofir, 19 dogéint, 1 Enthalung, an der Chamber gestëmmt.
- 6. Juni: Referendum zu Lëtzebuerg iwwer d' Maulkuerfgesetz.
- 5. November: D'Regierung Dupong-Krier gëtt vereedegt.
Afrika [änneren]
Amerika [änneren]
USA [änneren]
Südamerika [änneren]
Asien [änneren]
- 5. Juli: China dat an engem Biergerkrich tëscht Nationalisten a Kommunisten ass, huet duerch Vermëttlung vum Chou En-lai den Chiang Kai-chek an de Mao Tse-tung mat engem gemeinsamen Zil vereenegt: d’Japaner aus China ze verdreiwen.
- 7. Juli: Japan a China rutschen ëmmer méi séier an de Krich. Speziell duerch den Tëschefall bei der Marco Polo-Bréck kennt et zu Krichshandlungen tëscht den zwee Länner déi op laang Siicht zum Pazifikkrich mat de Vereenegt Staate vun Amerika an hiren Alliéierten féiert.
- 28. Juli: Japanesch Loftsträitkräft bombardéieren dräi chinesesch Stied a japanesch Buedemtruppen hu Peking ugegraff. Domat ass den Pazifikkrich ugaang.
- 13. Dezember: japanesch Truppen besetzen d’Haaptstad vu China, Nanking (Pazfikkrich)
Ozeanien & Pazifik [änneren]
Arabesch Welt [änneren]
Konscht & Kultur [änneren]
Molerei [änneren]
- Pablo Picasso: Guernica
Literatur [änneren]
- J. R. R. Tolkien: The Hobbit: or There and Back Again
Musek [änneren]
Wëssenschaft & Technik [änneren]
Sport [änneren]
- 21. Februar: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe gewënnt zu Dijon 1:0 géint Frankräich. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Léon Mart geschoss.[1]
- 21. Mäerz: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg 2:3 géint Däitschland. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn den Oscar Stamet a Gusty Kemp geschoss.[2]
- 11. Abrëll: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Esch-Uelzecht 1:5 géint Belsch. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Gusty Kemp geschoss.[3]
- 25. Abrëll: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe gewënnt an der Stad Lëtzebuerg 3:2 géint Italien. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn de Gusty Kemp, Emile Everard a Léon Mart geschoss.[4]
- 6. Mee: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Arel 0:3 géint Belsch.[5]
- 28. November: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Rotterdam, Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1938, 0:4 géint Holland.[6]
Gebuer [änneren]
- ?: Carmen Pereira, Politikerin aus Guinea-Bissau.
- 1. Januar: Paul-Henri Meyers, lëtzebuergesche Politiker.
- 6. Januar: Paolo Conte, italienesche Chansonsänger, Jazzmuseker a Komponist.
- 7. Januar: Ali Soilih, komoranesche President.
- 8. Januar: Shirley Bassey, britesch Popsängerin.
- 12. Januar: Marie Dubois, franséisch Schauspillerin.
- 13. Januar: René Hübsch, lëtzebuergesche Politiker.
- 18. Januar: John Hume, nordiresche Politiker, Friddensnobelpräisdréier (1998)
- 22. Januar: Paul Ries, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 23. Januar: Romain Kies, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 26. Januar: Joseph Saidu Momoh, Militär- a Staatschef vu Sierra Leone.
- 30. Januar: Vanessa Redgrave, britesche Theater- a Filmschauspillerin.
- 31. Januar: Philip Glass, amerikanesche Komponist.
- 31. Januar: Wil Lofy, lëtzebuergesche Sculpteur a Moler.
- 31. Januar: Suzanne Pleshette, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 3. Februar: Jacques Barrot, franséische Politiker an EU-Commissaire.
- 8. Februar: Manfred Krug, däitsche Schauspiller a Sänger.
- 13. Februar: Sigmund Jähn, ostdäitsche Kosmonaut.
- 21. Februar: Harald V., Kinnek vun Norwegen.
- 26. Februar: Val Langehegermann, lëtzebuergesche Sportler.
- 1. Mäerz: Boris Andrejewitsch Uspenski, russesche Philolog, Semiotiker a Mythograph.
- 2. Mäerz: Abd al-Aziz Bouteflika, President vun Algerien.
- 5. Mäerz: Olusegun Obasanjo, nigerianesche Politiker (Staatspresident).
- 6. Mäerz: Walentina Wladimirowna Tereschkowa, russesch Kosmonautin, éischt Fra am Weltall.
- 7. Mäerz: François Sowa, lëtzebuergesche Boxer.
- 8. Mäerz: Juvénal Habyarimana, President vu Ruanda.
- 9. Mäerz: Paul Roettgers, lëtzebuergesche Moler.
- 19. Mäerz: Egon Krenz, DDR-Politiker.
- 22. Mäerz: Angelo Badalamenti, italienesche Komponist.
- 23. Mäerz: Robert Charles Gallo, US-amerikanesche Mikrobiolog.
- 30. Mäerz: Warren Beatty, amerikanesche Schauspiller a Filmregisseur.
- 31. Mäerz: Raymond Schummer, lëtzebuergesche Ringer.
- 1. Abrëll: Yılmaz Güney, kurdesche Schauspiller a Regisseur.
- 11. Abrëll: Marianne Steichen, lëtzebuergesch Kënschtlerin.
- 16. Abrëll: Colette Flesch, lëtzebuergesch Politikerin.
- 17. Abrëll: Marcel Glesener, lëtzebuergesche Politiker.
- 20. Abrëll: Jiří Dienstbier, tschecheschen Dissident a Politiker.
- 20. Abrëll: Théo Stendebach, lëtzebuergesche Foussballspiller a Politiker.
- 22. Abrëll: Jack Nicholson, amerikanesche Schauspiller.
- 28. Abrëll: Saddam Hussein, President vum Irak 1979-2003.
- 5. Mee: Trần Đức Lương, President vu Vietnam.
- 7. Mee: Pierre Schintgen, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 12. Mee: George Carlin, US-amerikanesche Schauspiller a Komiker.
- 12. Mee: Susan Hampshire, britesch Schauspillerin.
- 18. Mee: Jacques Santer, lëtzebuergesche Politiker.
- 24. Mee: Archie Shepp, US-amerikaneschen Jazzmuseker a -komponist.
- 1. Juni: Morgan Freeman, US-amerikanesche Schauspiller.
- 2. Juni: Jean Nelissen, hollännesche Sportsjournalist.
- 7. Juni: Roberto Blanco, däitsche Schlagersänger.
- 16. Juni: Simeon Sakskoburggotski, leschte bulgareschen Zar, Politiker.
- 25. Juni: Ben Fayot, lëtzebuergesche Politiker.
- 23. Juni: Martti Ahtisaari, finneschen Diplomat a Politiker.
- 9. Juli: David Hockney, britesche Kënschtler.
- 12. Juli: Bill Cosby, US-amerikanesche Schauspiller.
- 12. Juli: Lionel Jospin, franséische Politiker.
- 18. Juli: Hunter S. Thompson, US-amerikanesche Schrëftsteller a Reporter.
- 26. Juli: Peter Fleischmann, däitsche Filmregisseur.
- 28. Juli: Francis Veber, franséische Journalist, Dréibuchauteur, Filmregisseur a -Produzent.
- 30. Juli: Mady Molitor, lëtzebuergesch Biologin.
- 4. August: Joseph Kunnert, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 5. August: Brian Marsden, briteschen Astronom.
- 6. August: Baden Powell de Aquino, brasilianesche Museker.
- 8. August: Dustin Hoffman, US-amerikanesche Schauspiller.
- 10. August: Annette Krier, lëtzebuergesch Turnerin.
- 20. August: Georg Thoma, däitsche Schileefer.
- 5. September: Dick Clement, briteschen Dréibuchauteur a Filmregisseur.
- 14. September: Renzo Piano, italieneschen Architekt.
- 15. September: Fernando de la Rúa, argentinesche Politiker, President vun Argentinien.
- 18. September: Geert Müller-Gerbes, deutscher Journalist a Speaker.
- 25. September: Roby Rausch, lëtzebuergesche Boxer.
- 27. September: Georges Penning, lëtzebuergeschen Auteur, Economiste an Enseignant.
- 9. Oktober: Gaston Vogel, lëtzebuergeschen Affekot an Auteur.
- 17. Oktober: Peter Nilson, schwedeschen Astronom an Auteur.
- 20. Oktober: Liliane Welch, lëtzebuergesch Schrëftstellerin.
- 21. Oktober: Édith Scob, franséisch Schauspillerin.
- 22. Oktober: Gilbert Schmartz, lëtzebuergesche Vëlossportler.
- 25. Oktober: Armando Bausch, lëtzebuergeschen Auteur, Journalist a Schlagersänger.
- 27. Oktober: Jim Hoffstetter, lëtzebuergesche Foussballspiller a Sportsjournalist.
- 29. Oktober: Jef Claerhout, belsche Sculpteur.
- 29. Oktober: Pol Tousch, lëtzebuergeschen Auteur an Editeur.
- 30. Oktober: Claude Lelouch, franséische Schauspiller, Filmproduzent, Dréibuchauteur a Filmregisseur.
- 2. November: Aloys Jousten, belsche Geeschtlechen a Bëschof vu Léck.
- 2. November: Ferny Nicklaus-Faber, lëtzebuergesch Politikerin.
- 3. November: F. K. Waechter, däitsche Schrëftsteller a Graphiker.
- 13. November: Nelly Stein, lëtzebuergesch Politikerin.
- 15. November: Margot Guion, lëtzebuergesch Molerin.
- 20. November: René Kollo, däitschen Tenorsänger.
- 21. November: Bernard Bot, hollännesche Politiker.
- 30. November: Ridley Scott, englesche Filmregisseur.
- 30. November: Tom Simpson, englesche Vëlosportler.
- 1. Dezember: Vaira Vīķe-Freiberga, Presidentin vu Lettland.
- 6. Dezember: Jiří Kodet, tschechesche Schauspiller.
- 8. Dezember: Margot Werner, éisträichesch Balletdänzerin Schauspillerin a Chansonsängerin.
- 10. Dezember: Karl zu Schwarzenberg, tschechesche Politiker.
- 13. Dezember: Robert Gernhardt, däitsche Schrëftsteller.
- 21. Dezember: Jane Fonda, amerikanesch Schauspillerin.
- 22. Dezember: Pierre Cao, lëtzebuergesche Museker a Komponist.
- 25. Dezember: Jeannot Heinen, lëtzebuergesche Komponist.
- 29. Dezember: Dieter Thomas Heck, däitschen Entertainer.
- 29. Dezember: Babara Steele, britesch Schauspiller.
- 31. Dezember: Anthony Hopkins, englesche Schauspiller.
Gestuerwen [änneren]
- Reginald Joseph Mitchell, engleschen Ingenieur an industriellen Designer.
- Theodoor Hendrik van de Velde, hollänneschen Dokter a Gynecologue.
- 8. Januar: Richard Anschütz, däitsche Chemiker.
- 19. Januar: André Salentiny, lëtzebuergeschen Notär.
- 10. Mäerz: Corneille Lentz, lëtzebuergesche Moler an Olympionik.
- 15. Mäerz: Paul Kutter, schwäizer-lëtzebuergesche Fotograf.
- 29. Abrëll : Wallace Hume Carothers, US-amerikanesche Chemiker, Erfinder vum Nylon.
- 8. Juni: Jean Harlow, amerikanesch Schauspillerin
- 2. Juli: Amelia Earhart, amerikanesch Pilotin, an éischt Fra déi eleng iwwer den Atlantik geflunn ass.
- 11. Juli: George Gershwin, amerikanesche Komponist.
- 20. Juli: Guglielmo Marconi, italienesche Physiker.
- 2. August: Léon Jean Namur, lëtzebuergeschen Apdikter.
- 2. September: Pierre de Coubertin, franséische Sportspedagog an éischte President vum Internationalen Olympesche Komitee.
- 26. September: Bessie Smith, US-amerikanesch Blues-Sängerin.
- 16. Oktober: Arthur Lewin-Funcke, däitsche Sculpteur.
- 19. Oktober: Ernest Rutherford, britesche Physiker.
- 2. November: Félix Gaffiot, franséische Romanist.
- 2. Dezember: Josep Comas i Solà, spueneschen Astronom.
- 19. Dezember: Étienne Schmit, lëtzebuergesche Politiker.
- 28. Dezember: Maurice Ravel franséische Komponist.
| Commons: 1937 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen [änneren]
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Frankräich-Lëtzebuerg den 21. Februar 1937 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Däitschland den 21. Mäerz 1937 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Belsch den 11. Abrëll 1937 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Italien de 25. Abrëll 1937 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Belsch-Lëtzebuerg de 6. Mee 1937 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Holland-Lëtzebuerg den 28. November 1937 um Site European Football