Biergerkrich

Vu Wikipedia
E Prisong am Finnesche Biergerkrich (Januar-Mee 1918) zu Helsinki.

E Biergerkrich ass e bewaffente Konflikt um Gebitt vun engem eenzege Staat tëscht Gruppen aus dem eegene Land, och wa sech heefeg auslännesch Muechten amëschen.

D'Ausernanersetzunge kommen entweeder tëscht der Regierung an enger oder méi organiséierte Gruppe un Opstänneschen zustan (Rebellen, Guerilla), oder dës Gruppe bekämpfe sech géigesäiteg. D'Grënn heifir kënne vu politescher, nationaler, reliéiser oder och sozialer Natur sinn. A verschiddene Fäll war d'Zil vun den Opstänneschen, d'Muecht am Land u sech ze rappen, oder awer och d'Autonomie fir en Deel vum Gebitt z'erreechen. E Biergerkrich hëlt heefeg d'Form vun engem ongereegelte Krich un, deen ouni Rücksicht op vëlkerrechtlech Reegele gefouert gëtt.

Heefeg Ursaache fir Biergerkricher sinn e gewaltsame Regierungswiessel, wéi z. B. nodeem en Diktator gestierzt gouf, Putschversich oder Revolutiounen an Autonomie- respektiv Sezessiounswënsch vun ethneschen oder nationale Minoritéiten.

D'Gefor vun engem Atomkrich, déi zanter dem Zweete Weltkrich entstanen ass, an d'Verbuet vun der Gewalt bei tëschestaatleche Bezéiunge vun de Vereenten Natiounen huet d'Groussmuechten dacks dozou bruecht, Biergerkrichsparteien z'ënnerstëtzen, fir sou hir eege Positioun ze verstäerken. D'Zuel vun de Biergerkricher ass weltwäit an der zweeter Hallschent vum 20. Joerhonnert an d'Luucht gaangen, an de Biergerkrich gouf zu engem Ersatz fir den tëschestaatleche Krich.

Biergerkricher an der Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Reliéis Konflikter[änneren | Quelltext änneren]

Biergerkricher, déi d'Relioun als zentrale Grond haten, sinn éischter a monotheistesche Kulturen opgetrueden; eng Erklärung dofir ass, datt déi polytheistesch Relioune méi "flexibel" an hirem Dogma waren. An Europa am Mëttelalter war d'Chrëschtentum vun der Bevëlkerung staark duerch d'Heedentum beaflosst. D'grouss Majoritéit vun de Leit konnt net liesen, a sou war d'Bibel och net fir jiddwereen zougänglech. Dëst huet zu engem Synkretismus tëscht chrëschtlechen an heedneschen Traditioune gefouert. Periodesch koum et zu Heresien, wéi déi vun den Albigenser, mä Historiker hunn an dësen Häresie seelen den Haaptgrond vun engem Biergerkrich gesinn.

Massaker vun der Baartelméisnuecht an de franséische Reliounskricher 1572.

Wéi d'Relioune méi staark definéiert a vun hiren Unhänger verstane goufen, hu sech och d'Spannungen tëscht den eenzele Relioune vergréissert. Wéi den Islam opkomm ass, koum et dacks zu Opstänn géint net-islamesch Herrscher. D'islamesch Geschicht zielt eng Partie Biergerkricher, déi zum gréissten Deel duerch d'Oppositioun tëscht Schiitten a Sunitte komm sinn. An Europa hat d'Protestantesch Reformatioun en änlechen Effekt, an et koum zu Biergerkricher an internationale Kricher duerch d'Relioun. Biergerkricher tëscht Katholicken a Protestanten hu Frankräich wärend de Reliounskricher bal en halleft Joerhonnert beschäftegt, an Holland koum et zum Achtzegjärege Krich an Däitschland war am Drëssegjärege Krich beschäftegt. E méi rezente Biergerkrich ass den Nordirlandkonflikt. Reliéis Streidereien ënner Protestanten hunn och am Englesche Biergerkrich eng grouss Roll gespillt, wärend eng Verfollgung vun engem Deel vun de Katholicke wärend der Franséischer Revolutioun ee vu ville Grënn fir de Krich an der Vendée war. A China huet e Versuch vun enger reliéiser Revolutioun zum Taiping-Opstand gefouert.

Revolutiounen[änneren | Quelltext änneren]

Eng Revolutioun gëtt generell als e Biergerkrich mat ideologeschen Ursaachen ugesinn, wéi d'Muecht soll organiséiert ginn. Dat klassescht Beispill vun enger Revolutioun ass d'Franséisch Revolutioun vu 1789, déi d'Mëttelklass an d'Bourgeoisie géint den Adel an d'Monarchie gestallt huet. Verschidden Historiker no si Revolutiounen nëmmen eng Fortsetzung vu ländleche Revolten aus der Vergaangenheet. Am Géigesaz zu Bauerenopstänn goufe Revolutiounen awer meeschtens vu Membere vun de gebilte Klasse geleet, déi d'Vollek fir hir Iddie begeeschtere konnten. Fir sech duerchzesetzen, koum et bei de meeschte Revolutiounen zu bewaffente Konflikter, déi och dacks a Biergerkricher iwwergaange sinn, wéi dëst am Chineesesche Biergerkrich de Fall war. Bei verschiddene Revolutiounen, wéi a Frankräich an a Russland, koum et zwar séier zu engem Muechtwiessel, mä duerch eng staark Géigerevolutioun dach zu engem Biergerkrich, well net ëmmer jiddweree mat den neien Iddien averstane war.

Separatistesch Revolten[änneren | Quelltext änneren]

Ee vun den heefegste Grënn fir e Biergerkrich, virun allem an der Welt nom Kale Krich, ass d'separatistesch Gewalt. Wéi d'Relioun an d'Ideologie kann den Nationalismus als Krichsausléiser ugesi ginn, och wann et net den eigentleche Problem war, deen zu engem Konflikt gefouert huet. Beispill heifir ass zum Beispill de Konflikt an Ex-Jugoslawien.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Lëscht vu Biergerkricher.

Literatur zum Theema[änneren | Quelltext änneren]

  • Aldo Virgilio Lombardi, Bürgerkrieg und Völkerrecht, Berlin, 1976. (ISBN 3-428-03809-6)
  • Dieter Schindler, "Bürgerkrieg" in: Staatslexikon - Recht, Wirtschaft, Gesellschaft Band 1, 7. Oplo, 1985. (ISBN 3-451-23772-5)
  • Rudolf Bindschedler, "Die völkerrechtliche Reegelung nichtinternationaler bewaffneter Konflikte" in: Festschrift F.A. v.d. Heydte, Berlin, 1977.
  • Stephan Maninger, "Ethnische Konflikte entlang der Entwicklungsperipherie" in: Ordo Inter Nationes, Nr. 6, Juni 1998.
  • Karl Josef Partsch, "Humanität im Bürgerkrieg" in: Festschrift für Hans-Jürgen Schlochauer, Berlin, 1981.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Biergerkrich – Biller, Videoen oder Audiodateien