Natioun

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Eng Natioun (virum 14. Joerhonnert aus dem lat. natio „Gebuert; Hierkonft; Vollek“ iwwerholl) ass e Konzept vun der Kategoriséierung vu Mënschen a Gruppen a Kollektiven iwwer ausgewielt - dacks "objektiv" gesat - Charakteristike wéi: Sprooch, Traditioun, Ofstamung, asw. Dës Markéierunge gi bei vëlkesche Konzeptioune vum Begrëff vun der Natioun als déi national Charaktere vun engem Vollek oder enger Volleksgemeinschaft ugesinn. Dëst entsprécht der Natioun als anthropologescht Konzept, wat sech an de Begrëffer vun der sougenannter "Kulturnatioun" oder ethnescher Natioun mam vëlkeschen Nationalismus weist.

Heibäi muss ee bei der virbiergerlecher Benotzung vum Begrëff "Natioun" ënnerscheeden, mat deem virrangeg d'Judden als Natioun ernimmt goufen, an der Entwécklung vum Konzept vun der Natioun mam Ufank vum Biergertum an der Zäitgeschicht, wat d'Begrëffer Staat an Natioun matenee verbënnt.

Fir politesch Kollektiver, déi sech wéi an der Franséischer Revolutioun an der Nationalversammlung zu enger Natioun als Staat mat enger Konstitutioun zesummefonnt hunn, gëtt et och d'Begrëffer Wëllensnatioun oder Staatsnatioun. Staat an Natioun ginn hei als Synonymer benotzt.

Bei der klassescher Wëllensnatioun mat engem Staatsvollek handelt et sech ëm e Villvëlkerstaat, wéi zum Beispill d'Schwäiz, déi aus däitschen, franséischen, italieneschen a rätoromanesche Bevëlkerungsgruppe besteet. Eng ethnesch Natioun oder Kulturnatioun dogéint ass meeschtens en iwwerstaatleche Kulturraum (zum Beispill: arabesche Sprooch- a Kulturraum).

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Am Laténgesche steet Natio fir eng Gemeinschaft vu Mënschen, déi vun derselwechter Plaz hierkommen, an domat eng duerch eng gemeinsam Sprooch an Traditioun kenntlech Gemeinschaft. Am réimesche Sproochgebrauch gouf de Begrëff Natio ufanks als Friembezeechnung fir en agewandert Vollek benotzt, wat sech mat der Bevëlkerung vermëscht huet.

Am chrëschtleche Latäin sinn d'„nationes“ oder „gentes“ an éischter Linn déi netjiddesch Heedevëlker, déi mat de jiddesche Chrëschten d'Evangelium ugeholl hunn, a mat hinnen zesummen d'Gemeinschaft vun der Kierch bilden.

Un der mëttelalterlecher Universitéit hu sech d'Studente no hire Länner an „nationes“ mat eegene Statuten a Prokuratoren ageschriwwen, woubäi déi véier Universitéitsnatioune meeschtens keng Länner am enke Sënn, mä éischter Himmelsrichtunge waren. Op der Sorbonne gouf tëscht nationes gallicorum, normannorum, picardorum an anglicorum ënnerscheet, woubäi zu de galleschen Natiounen och d'Italiener, Spuenier, Griichen an Oriental gezielt hunn, an zu den engleschen Natiounen och déi Däitsch an hir nërdlech an ëstlech Nopeschvëlker. Un der Prager Universitéit hunn zu der "polnescher Natioun" och d'Preisen, Schlesier an Däitsch aus polneschem Gebitt gezielt, an der "béimescher Natioun" waren d'Tschechen, Ungaren a Südslaven, an der "bayerescher Natioun" d'Bayern, Schwaben, Franken, Hessen, Rhäinländer a Westfalen, an an der "sächsescher Natioun" d'Norddäitsch, Dänen, Schweden a Finnen.

Als Bezeechnung fir e Vollek mat politesch-staatlecher Eenheet an enger Eegenaart duerch eng gemeinsam Geschicht, krut de Befrëff "Natioun" am Franséischen zanter dem 16. Joerhonnert eng méi grouss Bedeitung, déi sech am 18. Joerhonnert da mat der Franséischer Revolutioun ënner der Betounung op der Souveränitéit vum Staatsvollek an den aneren europäesche Sprooche verbreet huet. D'Iddi vun der Natioun als Gesamtstaat huet eng grouss Dynamik entwéckelt, déi ufanks géint Feudalismus an Autokratie (Frankräich, Däitsch Staaten), géint wirtschaftlech a politesch Klengstaaterei (däitsch Fürstestaate bzw. däitsche Sprooch- a Kulturraum), oder awer géint imperial Friemherrschaft (Villvëlkerstaate Russland, Éisträich-Ungarn) geriicht war.

Sozialwëssenschaftlech[änneren | Quelltext änneren]

Am sozialwëssenschaftleche Kontext gëtt de Begrëff op eng ënnerschiddlech Aart a Weis benotzt, sou z. B. als virgestallte Gemeinschaft (Benedict Anderson), als eng Grupp, déi op primordiale Bindunge berout (Clifford Geertz), als historesch kontingente Konzept (Rogers Brubaker) oder och als Kombinatioun vun dëse Begrëffer (Anthony D. Smith).

Literatur zum Thema[änneren | Quelltext änneren]

Klassiker

  • Johann Gottlieb Fichte, "Reden an die deutsche Nation" in: Philosophische Bibliothek, Bd. 204, Meiner, Hamburg, 1978.
  • Friedrich Meinecke, Weltbürgertum und Nationalstaat. Studien zur Genesis des deutschen Nationalstaates, Oldenbourg, München, 1907.
  • Ernest Renan, Qu´est-ce qu´une nation?, Paräis, 1882.
  • Carl Schmitt, Der Begriff des Politischen, Duncker & Humblodt, Berlin, 1932.

Nei Literatur

  • Rolf-Ulrich Kunze, Nationalismus. Geschichte - Formen - Folgen, München, 2005.
  • Reinhart Koselleck, "Volk, Nation, Nationalismus, Masse" in: Geschichtliche Grundbegriffe, Bd. 7, 1972.
  • Benedict Anderson, Imagined Communities: Reflections on the Origin and Spread of Nationalism, 1983. (ISBN 0-86091329-5)
  • Etienne Balibar, "Die Nation-Form: Geschichte und Ideologie" in: Rasse, Klasse, Nation. Ambivalente Identitäten, Argument, Hamburg, 1990. (ISBN 3-88619-386-1)
  • Karl W. Deutsch, Nationenbildung, Nationalstaat, Integration, Düsseldorf, 1972.
  • Ernest Gellner, Nationalismus und Moderne, Rotbuch, Berlin, 1991. (ISBN 3-88022-358-0)
  • Eric Hobsbawm, Nationen und Nationalismus, Mythos und Realität seit 1780, Campus, Frankfurt, 1991. (ISBN 3-89331-646-9)
  • Otto Dann, Nation und Nationalismus in Deutschland 1770-1990, München, 1993. (ISBN 3-40-634086-5)
  • Karlheinz Weißmann, Nation?, Edition Antaios, Bad Vilbel, 2001. (ISBN 3-935063-21-0)
  • Roger Griffin, "Völkischer Nationalismus als Wegbereiter und Fortsetzer des Faschismus: Ein angelsächsischer Blick auf ein nicht nur deutsches Phänomen" in: Völkische Bande. Dekadenz und Wiedergeburt – Analysen rechter Ideologie, Münster, 2005. (ISBN 3-89771-737-9)
  • Patrick J. Geary, Europäische Völker im frühen Mittelalter. Zur Legende vom Werden der Nationen. (ISBN 3-596-60111-8)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]