Latäin

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Wiesselen op: Navigatioun, Sich
Latäin (')
Gëtt geschwat an : Vatikanstad
Regioun : {{{Regioun}}}
Gëtt geschwat vun: Nëmmen als zweet Sprooch
Klassement :
Klassifikatioun no Famill : Indogermanesch
Offizielle Status
Offiziell Sprooch vun : Vatikanstad
Reglementéiert vun : {{{Akademie}}}
Sproochcoden
ISO 639-1 la
ISO 639-2 lat
SIL LTN

Inhaltsverzeechnis

[Änneren] Haaptgedanken

Als Latäin resp. Laténgesch (lat. lingua Latina) bezeechent een déi Sprooch, déi ursprénglech vum Volleksstamm vun de Latiner geschwat gouf, déi och der Regioun Latium mat Roum als Zentrum hiren Numm ginn hunn. Latäin gehéiert domadder zu den italesche Sproochen, déi zu den Centum-Sprooche gehéieren, déi hirersäits zur indogermanescher resp. indoeuropäescher Sproochfamill gezielt ginn. Dat Laténgescht stellt d'Grondlag fir all heiteg romanesch Sproochen duer.

[Änneren] Grammatik

Kuckt den Artikel Laténgesch Grammatik.

[Änneren] Bekannten Auteuren, di op Latäi geschriwwen hunn

[Änneren] Latäin an der Schoul zu Lëtzebuerg

Zu Lëtzebuerg huet een zum Schluss vun der Septième d'orientation, dem éischte Joer am Lycée classique, d'Méiglechkeet tëscht der klassecher Sektioun (Latäin) an der moderner Sektioun (Englesch) ze wielen. An deenen éischten dräi Joer Latäin gëtt Grammatik gemaach, mee och scho vill iwwersaat. Op 3ième kann ee, wann ee wëll, nach viru maache mam Latäin. An deenen dräi folgende Jore gëtt bal nëmmen nach iwwersat, a Grammatik sou gutt wéi keng méi gemaach.

rigt
rigt

Währenddeems een am Engleschen éischter alldeeglech Situatiounen an di do derbäi passend Dialoger léiert, gëtt engem op der klassecher Sektioun d'Latäi mat Hëllef vun Texter iwwert d'Réimesch Geschicht bäibruecht.

[Änneren] Virdeeler vum Latäin an eiser Zäit

Wann ee Latäi léiert, gëtt engem domat och automatesch am Franséiche gehollef, sou wéi an deenen aneren romanesche Sproochen. Dacks kann een och erausfanne wat e Wuert heescht, ouni Dictionnaire, mee mat Hëllef vun der Etymologie.

[Änneren] Bicher zum Thema

  • Gason a Lambert: Invitation au latin 4e, d'Enée à César
  • Gason a Lambert: Invitation au latin 3e, de César à Marc Aurèle

[Änneren] Um Spaweck

Laténgesch Versioun vum Wikipedia

Perséinlech Tools