Laténgesch Grammaire

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

D'laténgesch Grammaire huet e puer Elementer aus dem Indogermaneschen iwwerholl, wéi zum Beispill d'Deklinatioun. D'Wierder ginn a sechs Fäll deklinéiert, déi d'Funktioun vum Wuert am Saz definéieren. De System vun de Verben huet sech dogéint ganz ëmgeännert. E baséiert sech net méi op Aspekter, wéi am Aalgriicheschen, mä op Zäitverhältnesser.

Nomen[änneren | Quelltext änneren]

D'laténgescht Nomen huet dräi Geschlechter (genera) (männlech m. fir masculinum), weiblech (f. fir femininum) a sächlech (n. fir neutrum) an zwou Zuelen (numeri) (Eenzuel a Méizuel) a sechs Fäll (casus).

D'Nome verdeele sech op fënnef Deklinatiounen, dat heescht Formen, wéi en Nomen déklinéiert gëtt an de sechs Fäll:

  • Éischt Deklinatioun: Nomen op -a, Genitiv op -ae
  • Zweet Deklinatioun: Nomen op -us, -er an -um, Genitiv op -i
  • Drëtt Deklinatioun: Nomen mat Konsonant am Auslaut oder 'i' am Wuertstamm, Genitiv op -is
  • Véiert Deklinatioun: Nomen op -us, Genitiv op -ūs
  • Fënneft Deklinatioun: Nomen op -es, Genitiv op -ei

D'Nome ginn ëmmer folgendermossen zitéiert: Nominativ Eenzuel, Genitiv Eenzuel, Genus

Beispill: lux, lucis f. (Liicht)

Éischt Deklinatioun (a-Deklinatioun)[änneren | Quelltext änneren]

rosa, ae f. (Rous)

Fall Eenzuel Méizuel
Nominativ rosa rosae
Vokativ rosa rosae
Akkusativ rosam rosās
Genitiv rosae rosārum
Dativ rosae rosīs
Ablativ rosā rosīs


Donieft gëtt et nach e puer al Formen , déi awer nëmme nach a festen Expressiounen existéieren.

  • pater familias (Papp vun der Famill, vum Haus)
  • mater familias (Mam vun der Famill, vum Haus)
  • dis et deabus (Dativ Méizuel) (de Götter an de Göttinnen)
  • filiis et filiabus (Dativ Méizuel) (de Jongen en den Duechteren)

De Lokativ huet déiselwecht Endung, wéi de Genetiv Eenzuel Romae (zu Roum).

Zweet Deklinatioun (o-Deklinatioun)[änneren | Quelltext änneren]

  • Nomen op -us/-i

dominus, i m. (Här)

Fall Eenzuel Méizuel
Nominativ dominus domini
Vokativ domine domini
Akkusativ dominum dominos
Genitiv domini dominorum
Dativ domino dominis
Ablativ domino dominis


  • Nomen op -er: Dës Nome behalen den -e- vun der Endung oder verléieren en.

puer, i m. (Jong)

Fall Eenzuel Méizuel
Nominativ puer pueri
Vokativ puer pueri
Akkusativ puerum pueros
Genitiv pueri puerorum
Dativ puero pueris
Ablativ puero pueris


ager, agri m. (Feld)

Fall Eenzuel Méizuel
Nominativ ager agri
Vokativ ager agri
Akkusativ agrum agros
Genitiv agri agrorum
Dativ agro agris
Ablativ agro agris


  • Nomen op -um

donum, i n. (Kado)

Fall Eenzuel Méizuel
Nominativ donum dona
Vokativ donum dona
Akkusativ donum dona
Genitiv doni donorum
Dativ dono donis
Ablativ dono donis


Drëtt Deklinatioun[änneren | Quelltext änneren]

Typ 1: ongläichsilbeg Nomen

  • männlech a weiblech Nomen:

consul, is m. (Konsul)

Fall Eenzuel Méizuel
Nominativ consul consules
Vokativ consul consules
Akkusativ consulem consules
Genitiv consulis consulum
Dativ consuli consulibus
Ablativ consule consulibus


Folgend gläichsilbeg Nomen ginn och nom Modell consul deklinéiert: mater, matris f. (Mamm), pater, patris m. (Papp), frater, fratris m. (Brudder), senex, senis m. (ale Mann), juvenis, juvenis m. (jonge Mann), canis, canis m. (Hond).

  • sächlech Nomen

corpus, corporis n. (Kierper)

Fall Eenzuel Méizuel
Nominativ corpus corpora
Vokativ corpus corpora
Akkusativ corpus corpora
Genitiv corporis corporum
Dativ corpori corporibus
Ablativ corpore corporibus


Typ 2: Fir gläichsilbeg männlech a weiblech Nomen op -is, -es an -er an deene mat duebelem Konsonant am Genitiv Eenzuel ("Duebelkonsonantesch") urbs, urbis f. (Stad)

  • männlech a weiblech nomen

navis, is f. (Boot)

Fall Eenzuel Méizuel
Nominativ navis naves
Vokativ navis naves
Akkusativ navem naves
Genitiv navis navium
Dativ navi navibus
Ablativ nave navibus


  • sächlech Nomen op -ar, -e an -al

animal,is n. (Déier)

Fall Eenzuel Méizuel
Nominativ animal animalia
Vokativ animal animalia
Akkusativ animal animalia
Genitiv animalis animalium
Dativ animali animalibus
Ablativ animali animalibus


Véiert Deklinatioun[änneren | Quelltext änneren]

  • Nomen op -us/ūs

manus, ūs f. (Hand)

Fall Eenzuel Méizuel
Nominativ manus manūs
Vokativ manus manūs
Akkusativ manum manūs
Genitiv manūs manuum
Dativ man manibus
Ablativ manū manibus


  • sächlech Nomen op -u/ūs (n.)

genu, ūs n. (Knéi)

Fall Eenzuel Méizuel
Nominativ genu genua
Vokativ genu genua
Akkusativ genu genua
Genitiv genūs genuum
Dativ gen genibus
Ablativ genū genibus


Fënneft Deklinatioun[änneren | Quelltext änneren]

res, ei f. (Saach)

Fall Eenzuel Méizuel
Nominativ res res
Vokativ res res
Akkusativ rem res
Genitiv rei rerum
Dativ rei rebus
Ablativ re rebus


Genus vun den Nomen[änneren | Quelltext änneren]

De Genus vun den Nome gëtt engersäits duerch dat natierlecht Geschlecht vun deem bezeechente Wiese bestëmmt (dës Regel huet de Virtrëtt) an anerersäits duerch d'Deklinatioun zu där et gehéiert (et gëtt och eng Rei Ausnamen):

  • Weiblech Persoune si weiblech, männlech Persoune si männlech.
  • Beem si weiblech, Flëss si männlech.
  • D'Nomen op -a vun der 1. Deklinatioun si weiblech z. B. ara, ae f. (Altor), ausser déi déi männlech Persoune bezeechenen, z B. nauta, ae m. (Matrous).
  • D'Nomen op -us an -er vun der 2. Deklinatioun si männlech z. B. hortus, i m. (Gaart), magister, magistri m. (Schoulmeeschter).
  • D'Nomen op -um vun der 2. Deklinatioun si sächlech z. B. bellum, i n. (Krich).
  • D'Nome vun der 3. Deklinatioun si, jee no der Endung vum Nominativ oder Genetiv Eenzuel:
    • männlech: just Typ 1 op -os/oris an -or/oris ausser soror, oris f. (Schwëster), uxor, oris f. (bestuete Fra) an arbor, oris f. (Bam)
    • weiblech:
    • Typ 1: -as/atis, -es/etis, -us/utis, -us/udis, -o/onis, -o/inis, -x/c/gis, Konsonant+s, ausser ordo, inis m. (Rei, Uerdnung), sermo, onis m. (Gespréich), grex, gregis m. (Häerd)
    • all vum Typ 2 ausser mons, montis m. (Bierg), pons, pontis m. (Breck), fons, ontis m. (Quell), imber, imbris m. (Reen), piscis, is m. (Fësch), finis, is m. (Enn), orbis, is M. (Äerdkrees), collis, is m. (Hiwwel), mensis, is m. (Mount), ignis, is m. (Feier), fascis, is m. (Fäsch, Bëndel)
    • sächlech:
      • Typ 1: -us/oris, -us/eris, -en/inis a caput, itis n. (Kapp), cor, cordis n. (Häerz), os, oris n. (Mond)
      • Typ2: -ar/aris, -al/alis an -e/is

Adjektiver[änneren | Quelltext änneren]

Éischt Grupp[änneren | Quelltext änneren]

D'Ajektiver vun der éischter Grupp ginn nom Modell dominus, rosa an donum deklinéiert. Am Nominativ Eenzuel hu si d'Endungen -us/a/um, -er/ra/rum oder -er/era/erum.

bonus, a, um (gut)

Eenzuel Méizuel
Fall Männlech Sächlech Weiblech Männlech Sächlech Weiblech
Nominativ bonus bona bonum boni bonae bona
Vokativ bone bona bonum boni bonae bona
Akkusativ bonum bonam bonum bonos bonas bona
Genitiv boni bonae boni bonorum bonarum bonorum
Dativ bono bonae bono bonis bonis bonis
Ablativ bono bonā bono bonis bonis bonis


pulcher, ra, rum (schéin)

Eenzuel Méizuel
Fall Männlech Sächlech Weiblech Männlech Sächlech Weiblech
Nominativ pulcher pulchra pulchrum pulchri pulchrae pulchra
Vokativ pulcher pulchra pulchrum pulchri pulchrae pulchra
Akkusativ pulchrum pulchram pulchrum pulchros pulchras pulchra
Genitiv pulchri pulchrae pulchri pulchrorum pulchrarum pulchrorum
Dativ pulchro pulchrae pulchro pulchris pulchris pulchris
Ablativ pulchro pulchrā pulchro pulchris pulchris pulchris


mortifer, era, erum (wat den Doud bréngt)

Eenzuel Méizuel
Fall Männlech Sächlech Weiblech Männlech Sächlech Weiblech
Nominativ mortifer mortifera mortiferum mortiferi mortiferae mortifera
Vokativ mortifer mortifera mortiferum mortiferi mortiferae mortifera
Akkusativ mortiferum mortiferam mortiferum mortiferos mortiferas mortifera
Genitiv mortiferi mortiferae mortiferi mortiferorum mortiferarum mortiferorum
Dativ mortifero mortiferae mortifero mortiferis mortiferis mortiferis
Ablativ mortifero mortiferā mortifero mortiferis mortiferis mortiferis


Zweet Grupp[änneren | Quelltext änneren]

D'Adjektiver vun der zweeter Grupp ginn nom Modell vun der drëtter Deklinatioun deklinéiert.

fortis, e (kéng)

Eenzuel Méizuel
Fall Männlech Sächlech Weiblech Männlech Sächlech Weiblech
Nominativ fortis fortis forte fortes fortes fortia
Vokativ fortis fortis forte fortes fortes fortia
Akkusativ fortem fortem forte fortes fortes fortia
Genitiv fortis fortis fortis fortium fortium fortium
Dativ forti forti forti fortibus fortibus fortibus
Ablativ forti forti forti fortibus fortibus fortibus


acer, acris, acre (lieweg, vif)

Eenzuel Méizuel
Fall Männlech Sächlech Weiblech Männlech Sächlech Weiblech
Nominativ acer acris acre acres acres acria
Vokativ acer acris acre acres acres acria
Akkusativ acrem acrem acre acres acres acria
Genitiv acris acris acris acrium acrium acrium
Dativ acri acri acri acribus acribus acribus
Ablativ acri acri acri acribus acribus acribus


Pronomen[änneren | Quelltext änneren]

Demonstrativpronomen[änneren | Quelltext änneren]

is, ea, id (dëse, déi, dës)

Eenzuel Méizuel
Fall Männlech Sächlech Weiblech Männlech Sächlech Weiblech
Nominativ is ea id ii (ei) eae ea
Akkusativ eum eam id eos eas ea
Genitiv eius eius eius eorum earum eorum
Dativ ei ei ei iis (eis) iis (eis) iis (eis)
Ablativ eo eā eo iis (eis) iis (eis) iis (eis)


iste, ista, istud (dësen...do, déi...do, dës...do)

Eenzuel Méizuel
Fall Männlech Sächlech Weiblech Männlech Sächlech Weiblech
Nominativ iste ista istud isti istae ista
Akkusativ istum istam istud istos istas ista
Genitiv istius istius istius istorum istarum istorum
Dativ isti isti isti istis istis istis
Ablativ isto istā isto istis istis istis


ille, illa, illud (dësen...dohannen, déi...dohannen, dës...dohannen)

Eenzuel Méizuel
Fall Männlech Sächlech Weiblech Männlech Sächlech Weiblech
Nominativ ille illa illud illi illae illa
Akkusativ illum illam illud illos illas illa
Genitiv illius illius illius illorum illarum illorum
Dativ illi illi illi illis illis illis
Ablativ illo illā illo illis illis illis


Verben[änneren | Quelltext änneren]

Bei de Verben ënnerscheet een tëscht finiten an infinite Formen:

  • finit: d'Verb gëtt de Persounen an den Numeri no konjugéiert
  • inifinit: d'Verb gëtt net konjugéiert

Dat finit laténgscht Verb huet dräi Persounen, zwee Numeri (Eenzuel a Méizuel), dräi Modi, sechs Tempora an zwee Genera (Aktiv a Passiv).

Modi:

  • Indikativ
  • Imperativ
  • Konjunktiv (subjonctif)

Tempora:

  • Present
  • Perfekt
  • Imperfekt
  • Futur I (futur simple)
  • Futur II (futur antérieur)
  • Plusquamperfekt

Déi infinit Verbforme sinn den Infinitiv, de Partizip, de Gerundium, de Gerundivum an de Supinum.

D'Verbe verdeele sech op véier Konjugatiounen. Donieft gëtt et nach verschidden onregelméisseg Verben. Fir Verben ze zitéirien an ze léiere geet et folgendermoossen: 1. Pers Sg Ind Präs, 2. Pers Sg Ind Präs, Inifinitiv, 1. Pers Sg Ind Perfekt, Supinum

  • 1. Konjugatioun: Verben op -are: amo, amas, amare, amavi, amatum (gär hunn)
  • 2. Konjugatioun: Verben op -ere: moneo, mones, monere, monui, monitum (warnen)
  • 3. Konjugatioun: Verben op -ĕre:
    • Typ 1: lego, legis, legĕre, lēgi, lectum (liesen)
    • Typ 2: Verbe vun dësem Typ hun en -i- an der der Endung vun der éischter Persoun Eenzuel Indikativ Präsens Aktiv: capio, capis , capĕre, cēpi, captum (huelen)
  • 4. Konjugatioun: Verben op -ire: audio, audis, audire, audivi, auditum (héieren)


Paradigma amo, amas, amare, amavi, amatum[änneren | Quelltext änneren]

AKTIV Indikativ Konjunktiv Imperativ Participe Infinitiv Supinum Gerundium
Present amo
amas
amat
amamus
amate
amant
amem
ames
amet
amemus
amete
ament
2. Pers Sing ama
2. Pers Plu amate
amans, antis amare Akk amatum
Dat amatui
Abl amatu
Nom amare
Akk amandum
Gen amandi
Dat amando
Abl amando
Imperfekt amabam
amabas
amabat
amabamus
amabate
amabant
amarem
amares
amaret
amaremus
amarete
amarent
Perfekt amavi
amavisti
amavit
amavimus
amavistis
amaverunt
amaverim
amaveris
amaverit
amaverimus
amaveritis
amaverint
amavisse
Plusuamperfekt amaveram
amaveras
amaverat
amaveramus
amaveratis
amaverant
amavissem
amavisses
amavisset
amavissemus
amavissetis
amavissent
Futur I amabo
amabis
amabit
amabimus
amabite
amabunt
2. Pers Sing amato
3. Pers Sing amato
2. Pers Plu amatote
3. Pers Plu amanto
amaturus, a, um amaturum esse
Futur II amavero
amaveris
amaverit
amaverimus
amaveritis
amaverunt
PASSIV Indikativ Konjunktiv Imperativ Participe Infinitiv Verbaladjektiv
Present amor
amaris
amatur
amamur
amamini
amantur
amer
ameris
ametur
amemur
amemini
amentur
2. Pers Sing amare
2. Pers Plu amamini
amari amandus, a, um
Imperfekt amabar
amabaris
amabatur
amabamur
amabamini
amabantur
amarer
amareris
amaretur
amaremur
amaremini
amarentur
Perfekt amatus sum
amatus es
amatus est
amati sumus
amati estis
amati sunt
amatus sim
amatus sis
amatus sit
amati simus
amati sitis
amati sint
amatus, a, um amatum esse
Plusuamperfekt amatus eram
amatus eras
amatus erat
amati eramus
amati eratis
amati erant
amatus essem
amatus esses
amatus esset
amati essemus
amati essetis
amati essent
Futur I amabor
amaberis
amabitur
amabimur
amabimini
amabuntur
2. Pers Sing amator
3. Pers Sing amator
3. Pers Plu amantor
amatum iri
Futur II amatus ero
amatus eris
amatus erit
amati erimus
amati eritis
amati erunt

Paradigma moneo, mones, monēre, monui, monitum[änneren | Quelltext änneren]

AKTIV Indikativ Konjunktiv Imperativ Participe Infinitiv Supinum Gerundium
Present moneo
mones
monet
monemus
monete
monent
moneam
moneas
moneat
moneamus
moneate
moneant
2. Pers Sing mone
2. Pers Plu monete
monens, entis monēre Akk monitum
Dat monitui
Abl monitu
Nom monēre
Akk monendum
Gen monendi
Dat monendo
Abl monendo
Imperfekt monebam
monebas
monebat
monebamus
monebate
monebant
monerem
moneres
moneret
moneremus
monerete
monerent
Perfekt monui
monuisti
monuit
monuimus
monuistis
monuerunt
monuerim
monueris
monuerit
monuerimus
monueritis
monuerint
monuisse
Plusuamperfekt monueram
monueras
monuerat
monueramus
monueratis
monuerant
monuissem
monuisses
monuisset
monuissemus
monuissetis
monuissent
Futur I monuebo
monuebis
monuebit
monuebimus
monuebite
monuebunt
2. Pers Sing moneto
3. Pers Sing moneto
2. Pers Plu monetote
3. Pers Plu monento
moniturus, a, um moniturum esse
Futur II monuero
monueris
monuerit
monuerimus
monueritis
monuerunt
PASSIV Indikativ Konjunktiv Imperativ Participe Infinitiv Verbaladjektiv
Present moneor
moneris
monetur
monemur
monemini
monentur
monear
monearis
moneatur
moneamur
moneamini
moneantur
2. Pers Sing monere
2. Pers Plu moneamini
moneri monendus, a, um
Imperfekt monebar
monebaris
monebatur
monebamur
monebamini
monebantur
monerer
monereris
moneretur
moneremur
moneremini
monerentur
Perfekt monitus sum
monitus es
monitus est
moniti sumus
moniti estis
moniti sunt
monitus sim
monitus sis
monitus sit
moniti simus
moniti sitis
moniti sint
monitus, a, um monitum esse
Plusuamperfekt monitus eram
monitus eras
monitus erat
moniti eramus
moniti eratis
moniti erant
monitus essem
monitus esses
monitus esset
moniti essemus
moniti essetis
moniti essent
Futur I monebor
moneberis
monebitur
monebimur
monebimini
monebuntur
2. Pers Sing monetor
3. Pers Sing monetor
3. Pers Plu monentor
monitum iri
Futur II monitus ero
monitus eris
monitus erit
moniti erimus
moniti eritis
moniti erunt

Funktioune vun de Fäll[änneren | Quelltext änneren]

  • Nominativ: Gëtt fir de Sujet oder d'Attribut gebraucht
  • Vocativ: Uriedform
  • Akkusativ: Form fir de Complément d'objet direct
  • Genitiv: Gëtt gebraucht fir duerzestellen, wiem eppes gehéiert resp. zu wat eppes gehéiert.
  • Dativ : Form fir den Complément d'objet indirect
  • Ablativ: Form fir Emstandsbeschreiwungen (Zäit, Uert, Manéier, Ursaach, Moyen, etc.)
  • Locativ: d'Plaz wou ee grad ass, dëse Fall gëtt et just nach fir e puer Nomina

Niewesätz[änneren | Quelltext änneren]

Infinitivsätz[änneren | Quelltext änneren]

Am Latäin gëtt et Niewesätz deenen hiert Verb am Infinitiv steet. De Sujet vun dem Verb ass am Akkusativ (AcI, accusativus cum infinitivo) oder, méi rar, am Nominativ (NcI, nominativus cum infinitivo).

No Verben, déi d'Bedeitung vun hoffen, wëssen, soen, wuerhuelen hunn souwéi no de Verbe vum Wëllen (velle, nolle, malle, cupere wëllen, net wëllen, léiwer hunn, wënschen) ausdrecke steet AcI.

Beispiller:

  • Spero matrem tuam valere. Ech hoffen, denger Mamm geet et gutt.
  • Vides me beatum esse. Du gesäiss, datt ech frou sinn.

Fir Aussoen déi sech op eng Persoun oder Saach bezéien benotzt een en NcI:

  • Caesar dicitur optimus dux esse. Vum Cesar gëtt gesot hi wier de beschte Chef.


Consecutio Temporum[änneren | Quelltext änneren]