Chrëschtentum
| Dësen Artikel iwwer de Chrëschtentum ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Chrëschtentum ass eng Weltrelioun déi virun ongeféier 2000 Joer am réimesch besatene Palestina entstanen ass, an aus dem deemools do presente Juddentum ervirgaangen ass. Seng Unhänger beruffe sech op de Jesus vun Nazaret, deen ëm d'Joer 30 als Wanderpriedeger am deemolege Palestina opgetrueden ass a sech selwer zum jiddesche Glawe bekannt huet, an dee kengesfalls virhat eng aner Relioun ze grënnen, wat sech dunn awer spéider anescht eraus kristalliséiere sollt. Esou kënnt et datt d'Chrëschtentum eng monotheistesch a gestëft Relioun ass.
De Begrëff Chrëschtentum (aus dem griicheschen Χριστιανισμός, Christianismós) gëtt eng éischte Kéier an engem Bréif vum syresche Bëschof Ignatius vun Antiochien († ca. 107-110) ernimmt. Et kënnt dohier datt d'Unhänger vum Chrëschtentum Chrëschte genannt goufen, a sech spéider och selwer esou genannt hunn, wëll si am Jesus dee vum Juddentum erwaarte Messias (op Griichesch christos - de Gesaleften) an de Jong vu Gott gesinn hunn.
Haut ziele mir ongeféier 2,2 Milliarde Chrëschten op der Welt. Am Joer 2011 war t'Halschent dovu kathoulesch, 37% protestantesch an 12% waren orthodoxesch Chrëschten. Se sinn op ongeféier 33 000 verschidde Konfessioune verdeelt[1].
Inhaltsverzeechnes |
Chrëschtlech Léier [änneren]
Der chrëschtlecher Léier no, déi op de bibleschen Schrëfte baséiert, huet sech Gott an der Persoun vun Jesus Christus der sëndeger Mënschheet ugeholl. Den Doud vu Jesus Christus um Kräiz gëtt deemno als erléisend Dot vu Gott verstanen a riicht sech un all Mënschen, Fraen a Männer, vun alle Natiounen an alle soziale Schichten. Duerch dem Jesus seng Kräizegung sinn esou all mënschlech Sënnen a Schold opgehuewe ginn.
Als Initialfonken vum chrëschtleche Glawe gëllt d'Erfarung vun Ouschteren, vun der Operstéiung vu Jesus Christus, um drëtten Dag no senger Hiriichtung um Kräiz. Seng Botschaft a seng Liewensweis ass fir déi éischt Chrëschten esou vu Gott bestätegt ginn. Doraus wiisst nom Joer 30 vun eiser Zäitrechnung lues a lues déi chrëschtlech Gemeinschaft. Bis um Enn vum 1. Joerhonnert entstinn d'Schrëfte vum Neien Testament. Zesumme mat der jiddescher Bibel (Aalt Testament) bilden si d'Grondlag vun der chrëschtlecher Léier. Am Laf vun den éischten Joerhonnert wiisst den typesch chrëschtleche Glawen un deen eenzege Gott als eng Dräifaltegkeet, Gott verstanen als Papp, Jong an Hellege Geescht. Zënter dem Ufank vum 2. Joerhonnert gëtt déi chrëschtlech Léier an der Form vum Apostolesche Glawensbekenntnis beschriwwen[2].
Kulturellen Afloss [änneren]
D'Chrëschtentum huet bis haut e groussen Afloss op déi westlech Kultur a Konscht. Vill Gesetzer, Traditiounen oder soss Eegeschaften, déi mir haut kennen, stamen aus dem Chrëschtentum. Wuel mat de gréissten Afloss hat de chrëschtleche Glawen am Beräich vun de Sproochen. De Grond dozou ass deen, dass vill Sproochen, déi a méi klenge Sproocheraim geschwat goufen, virun der Bibeliwwersetzung keng fest Rechtschreiwung kannt hunn. D'Bibel, als dat Wierk wat de Weltrekord an der Unzuel vun Iwwersetzungen hält, huet soumat dank hiren Iwwersetzungen an déi verschidde Sproochen erméiglecht, dass endlech eng gesetzlech Rechtschreiwung festgeluecht ginn ass. En zweete groussen Afloss hat d'Chrëschtentum op d'Musek. Ëmmer rëm hu bedeitent a bekannte Museker Stécker fir d'Kierch geschriwwen. Doraus ass d'Kierchemusek mat all hire Richtungen entstanen. Net nëmme gouf d'Musik mat Instrumenter gespillt, mä de chrëschtleche Gesang huet sech och bis haut duerchgesat kritt.
Konfessiounen [änneren]
D'Chrëschtentum huet sech esouwuel ënnert Unhänger vum Juddentum ewéi och ënnert Unhänger vun der réimescher Relioun verbreet. Trotz der Ënnerdréckung duerch de réimesche Staat huet et sech organiséiert a méi a méi Unhänger kritt. 313 gouf et am Edikt vu Mailand vum réimesche Staat unerkannt an toleréiert a schliisslech 380 zur Staatsrelioun gemaach. Mat enger ëmmer méi grousser Unhängerschaft koum et och ëmmer erëm zu Streidereien an Ofsplécke vu verschiddene Gruppen. Vill vun deene Gruppe sinn nees verschwonnen, anerer hu sech zu Konfessiounen entwéckelt, déi et haut nach ginn.
- 1054 trenne sech d'Ost- an d'Westkierch, déi orthodox Kierch am Osten an déi kathoulesch Kierch am Westen (Schisma).
- 1457 huet sech an Béimen d'Unitas fratrum (ltz. Bridder Unitéit) gebild, no hirer Verdreiwung duerch d'kathoulesch Kierch, hu si sech 1722 ënnert dem Nikolaus Ludwig Grof vun Zinzendorf zu Sachsen neigrënnt an sin haut och ënnert dem Numm Herrnhuter Brüdergemeine bekannt. Hiren éischten Bëschof war den bekannten Schoulpädagog Johann Amos Comenius. Si brengen all Joers, an Zesummaarbecht mat den anere chrëschtleche Kierchen, d'Lousungsbiicher an iwwer 50 Sproochen eraus an sinn och wéinst den Herrnhuter Stären weltweit bekannt.
- 1517 versichen den däitschen Martin Luther an seng Unhänger d'kathoulesch Kierch zu reforméieren an trennen sech leschtenenns vun der Mammekierch. Si bilden haut déi evangelesch Konfessioun. Zu där Zäit trenne sech och nach aner Gruppen of, wéi déi Schwäizer ëm den Johannes Calvin an den Ulrich Zwingli. Zesumme mat den aneren evangelesche Konfessioune bilde si de Protestantismus an dowéinst nennt d'kathoulesch Kierch si Protestantesch Kierch.
- 1534 trennt sech an England ënnert dem Henry VIII. déi spéider Anglikanesch Kierch vun der kathoulescher.
- Am 19. Joerhonnert, awer och schonns virdrun, entsti vill nei Konfessiounen weltweit; z. B. Baptisten, Mennoniten, Pfingsler, Pietisten, etc.
- 1870 trenne sech d'Alkatholike vun der kathoulescher Kierch well si d'Beschlëss vum Éischte vatikanesche Konzil net unhuelen.
- Haut maachen sech och ëmmer méi Sekten, mat zousätzlechen Schrëften niewen der Bibel, breed; z. B.: Zeugen Jehovas, Mormonen, Scientology, etc.
Chrëschteverfolgungen hautdesdaags [änneren]
Obwuel d'Chrëschtentum déi meeschten Unhänger weltwäit huet, sinn och am 20. an 21. Joerhonnert nach ëmmer Chrëschte verfollegt ginn. Nom Hëllefswierk "Open Doors" [3] ginn an iwwer 50 Länner op d'mannst 100 Millioune Chrëschte, wéinst hirem Glawen, verfollegt, mësshandelt, an de Prisong gestach oder souguer ëmbruecht. Am 20. Joerhonnert si méi Chrëschten ëmkomm wéi an deene leschten 19 Jorhonnerten zesummen. Esou zielt d'Chrëschtentum als déi am meeschten verfollegt Relioun.
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Chrëschtentum – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen [änneren]
- ↑ Global Christianity
- ↑ Jean-Louis Gindt, Wie entstanden die alten kirchlichen Glaubenbekenntnisse?
- ↑ Open Doors, im Dienst der verfolgten Christen weltweit