Tanach

Vu Wikipedia

Den Tanach, déi hellegst Schrëft am Juddentum, ass déi hebräesch Bibel (gr. τα βιβλια - Bicher). Se besteet aus dräi Haaptdeeler: Tora, Nevi’m a Ketuvim, deenen hir Ufanksbuschtawen den Akronym "Tanakh" erginn. Den Tanach gouf ëm dat 10. Joerhonnert viru Christus an 22 oder 24 Bicher agedeelt a kanoniséiert.

Den Tanach gëtt reegelméisseg am jiddesche Gottesdéngscht um Schabbat an der Synagog fir Virliesunge gebraucht.

Den Tanach ass eng Sammlung vu jiddesch-reliéise Schrëften déi 250 viru Christus fäerdeg gouf an op Griichesch iwwersat gouf. Ëm d'Joer 90 huet de Flavius Josephus den Tanach an 22 Bicher agedeelt, well d'hebräescht Alphabet och 22 Buschtawen huet. Am Joer 100 gouf d'Andeelung definitiv fixéiert.

Den Tanach erzielt d'Geschicht vun der Schëpfung a vum Vollek Israel iwwer en Zäitraum vun ongeféier 1300 Joer.