Synagog
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Eng Synagog (vum gr. συνάγω synago; [sech] versammelen) ass e reliéist Gebai, an deem sech déi Leit, déi sech zur jiddescher Relioun bekennen, versammele fir ze bieden a reliéis Schrëften ze studéieren. Op Hebräesch heescht eng Synagog „Beth knesset“ (בית כנסת Versammlungshaus), och mol Beth Tefila (Gebietshaus) an op jiddesch och „Schul“.
Synagogen zu Lëtzebuerg [änneren]
Zu Lëtzebuerg stinn haut zwou Synagogen, déi aktiv benotzt ginn, eng an der Stad Lëtzebuerg an eng zu Esch.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: D'Synagogen zu Lëtzebuerg ![]()
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Synagogues – Biller, Videoen oder Audiodateien |