Dräifaltegkeet

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

De Gott präsentéiert sech nom Verständnis vum Chrëschtentum als Dräifaltegkeet (Trinitéit), bzw. Dräieenegkeet. D.h. den eenzege Gott - déi eng gëttlech Natur (et ass ëmmer nach eng monotheistesch Relioun) besteet aus dräi verschiddene "Persounen":

  • Gott Papp, de Schöpfer vun Himmel an Äerd;
  • Gott Sohn, de gëttleche Logos, dee sech a Jesus Christus inkarnéiert huet;
  • Gott hellege Geescht, deen an der Welt wierkt.

Vun dëser Konzeptioun steet näischt explizit an der Bibel, awer schonns an der Urkierch setzt sech de Glawen un d'Dräifaltegkeet duerch, och wann d'Spekulatiounen iwwert de "geneeën interne Fonktionnement" vun dëser zu vill Streidereie gefouert hunn.

Klassesche Schema vun der Dräifaltegkeet

Problematesch ass besonnesch d'Ried vun den dräi "Persounen". Eist heitegt Persouneverständnis ass gekennzeechent duerch Individualitéit an Autonomie. An dësem Sënn wir ee Gott an dräi Persounen net ee Gott, mä dräi Gëtter (Tritheismus). Fir dëser Gefor aus dem Wee ze goen, hunn aner Theologe proposéiert, net méi vun dräi Persounen ze schwätzen, mä vun dräi "Seinsweisen" oder "Subsistenzweisen". Des Theologen kruten anerersäits Modalismus virgeworf: Si géife Gott verstoen als just eng Persoun, déi sech emol am Modus vum Papp, emol am Modus vum Jong, an eng aner Kéier am Modus vum hellege Geescht géif manifestéieren. De Sträit tëscht der modalistescher an der tritheistescher Tendenz wäert wuel ni geléist ginn. Vläicht sollt een sech zréckbesënnen op d'Aussointentioun vun dëser Léier: Gott ass keng einsam Monade, mä a sech Bezéiung. Dofir ass Bezéiung gëttlech, an och de Mënsch, deen als Ofbild vu Gott gesi gëtt, ass Bezéiung a soll Bezéiung sinn.

Den Islam refuséiert d'Konzeptioun vum dräifaltege Gott.

Commons: Dräifaltegkeet – Biller, Videoen oder Audiodateien
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen