Martin Luther
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Martin Luther, gebuer den 10. November 1483 zu Eisleben, an do gestuerwen den 18. Februar 1546, war een däitsche reliéise Reformer.
De Martin Luther huet op Wonsch vu sengem Papp ugefaangen, Droit zu Erfurt ze studéieren. No 2 Méint huet hien dee Studium ofgebrach an ass an den Augustineruerden agetratt. 1507 gouf hien zum Geeschtleche geweit an huet Theologie studéiert.
Vu 1508 un huet hie Virliesungen a gouf no senger Promotioun 1512 Professer op der Universitéit vu Wittenberg.
Op enger Reess op Roum 1510 ass him d'Verweltlechung vun der chrëschtlecher Léier bewosst ginn.
Besonnesch huet hien Ustouss fonnt un dem sougenanten Handel iwwer d'Noloosse vun de Sënnen zugonschte vum Neibau vun der Péiterskierch zu Roum, dee besonnesch vum Dominikaner Tetzel bedriwwe gouf.
Den 31. Oktober 1517 verëffentlecht de Martin Luther seng 95 These géint d'Bousspraxis vun der (kathoulescher) Kierch. Dës Thesen déi als Grondlag fir eng wëssentschaftlech Diskussioun geduecht ware verbreede sech ganz séier a féieren (ouni datt dat dem Luther seng Absicht war) zur Reformatioun a leeden d'Splécke vum Chrëschtentum an.
Bäi engem Stréitgespréich 1518 zu Heidelberg refuséiert de Luther seng Thesen zréckzezéien.
1519 huet hien an enger weiderer Diskussioun d'Onfeelbarkeet vum Poopst a vun de Konziler grondsätzlech a Fro gestallt.
1520 huet hien dës 3 Grondwierker vun der Reformatioun verfaasst:
- "An den christliche Adel deutscher Nation"
- "Von der babylonischen Gefangenschaft der Kirche" an
- "Von der Freiheit eines Christenmenschen"
De 1521 géint de Luther ausgeschwate Kierchebann blouf wéint dem senge villen Unhänger an der Bevëlkerung ouni Wierkung. A virun der Reichsacht, déi zu Worms géint hien ausgeschwat gi war huet säi Landesfürst de Friederich der Weise, hien a Schutz geholl, andeems hien de Luther als "Junker Jörg" op d'Wartburg bruecht huet. Do huet hie bannert 10 Méint dat Neit Testament op däitsch iwwersat.
1525 huet de Luther sech mat der fréierer Nonn Katharina von Bora bestuet an huet mat hir zesumme 6 Kanner kritt.
[änneren] Editiounen
- D. Martin Luthers Werke, Kritische Gesamtausgabe, Weimarer Lutherausgabe, an 120 Bänn. Dovun
- Tischreden, 6 Bänn
- Deutsche Bibel, 15 Bänn
- Briefwechsel, 18 Bänn
- Schriften, Werke, 81 Bänn
[änneren] Linken
[änneren] Um Spaweck