Olaus Petri

Vu Wikipedia
Olaus Petri
Gebuertsnumm Olof Pettersson
Gebuer 6. Januar 1493 jul.
Gestuerwen 19. Abrëll 1552
Nationalitéit Schweden
Educatioun Universitéit Uppsala
Aktivitéit Iwwersetzer, Riichter, Theolog, Bibeliwwersetzer, Historiker, Schrëftsteller, Priister
Famill
Geschwëster Laurentius Petri
Statu bei der Strokykran zu Stockholm

Den Olaus Petri, och mol Olavus Petri, eigentlech Olav Persson, gebuer de 6. Januar 1493 zu Örebro a gestuerwen den 19. Abrëll 1552 zu Stockholm, war ee schweedeschen Theolog, Iwwersetzer a Reformator.

Liewen a Wierk[änneren | Quelltext änneren]

Nieft sengem Brudder Laurentius Petri an dem Laurentius Andreae gëllt den Olaus Petri als de Reformator vum Kinnekräich Schweden. Als Jong vun engem Schmadd huet hien d'éischt zu Uppsala an dunn zu Wittenberg (1516-1518) studéiert. Zu Wittenberg hat hien ë. a. de Martin Luther als Professer, an hie war dobäi wéi dee 1517 seng 95 Theesen un d'Paart vun der Schlasskierch festgemaach huet.

Zeréck a Schwede gouf hien Diakon (1520) an zu Strängnäs ugestallt. Duerno koum hien op Stockholm, wou e Sekretär vun der Stadverwaltung a Priedeger an der Nikloskierch (oder "Storkyrkan", also "grouss Kierch") war. Schonn a senger Zäit zu Strängnäs hat den Olaus Petri am Sënn vun der Reformatioun gepriedegt, an och wann hien - wéi säi Brudder Laurentius - vum Äerzbëschof vun Uppsala exkommunizéiert gouf, konnt hien duerch d'Ënnerstëtzung vum Kinnek Gustav I. Wasa déi reforméiert Léier weiderhi verbreeden. Den Olaus Petri gouf geschwë Stadpaschtouer vu Stockholm an och Kanzler vum Kinnek. Hien huet theologesch Schrëfte verfaasst an zesumme mam Laurentius Andreae dat Neit Testament an d'Schweedescht iwwersat (1526), woumat d'Viraussetzung fir eng nei Literatur a schweedescher Sprooch geschaf gouf. 1525 huet sech de (geweiten!) Olaus Petri, mat Duldung vum Kinnek, bestuet. Domat huet hien et dem finnesche Reformator Petrus Särkilax nogemaach, deen als Priister scho viru 1522, wärend engem Studium zu Wittenberg, bestuet gi war. 1531 huet den Olaus Petri d'Gottesdéngschtuerdnung Then svenska messan ausgeschafft.

Den Olaus Petri war nach laang net ëmmer mam Kinnek senger Politik d'accord, déi d'schwedesch Kierch dem Staat wollt absolut ënnerstellen an d'Gidder vun de Gemengekierchen ze Gonschte vun der Monarchie wollt anzéien. Et koum zu engem oppene Konflikt, an den Olaus Petri, wéi och de Laurentius Andreae goufe 1540 zum Doud verurteelt. D'Uerteel gouf allerdéngs eppes méi spéit an eng héich Geldstrof ëmgewandelt, a schliisslech gouf den Olaus Petri nawell begnodegt an nees als Stadpaschtouer agesat.

1530 hat den Olaus Petri eng Chronik geschriwwen, an där hien d'Mëttelalter kritesch ënner d'Lupp geholl huet. De Kinnek Gustav I., dee mësstrauesch war an eng Attack op säi perséinleche Regierungsstil dora gesinn huet, huet den Drock vun där Schrëft verbueden. Si gouf deemno eréischt méi spéit, 1818, gedréckt. 1549 gouf den Olaus Petri an d'Kommissioun fir d'Expertise vum Augsburger Interim beruff. Wéi hie 1552 zu Stockholm gestuerwen ass, gouf hien an der "Storkyrkan" begruewen.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Robert Stupperich, Reformatorenlexikon ; Gütersloh (Verlag Max Mohn), 1984. ISBN 3-579-00123-X
  • Ingvar Andersson & Jörgen Weibull, Schwedische Geschichte im Abriß ; däitsch Versioun vum Joachim Wesseloh; Stockholm (Svenska Institutet), 1981 (2., iwwerschafft Oplo). ISBN 91-520-0104-0

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Olaus Petri – Biller, Videoen oder Audiodateien