Schmadd

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Stub W.svg Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
Dem Schmadd seng Kuele-Glous, an där hien d'Eisen zur Wäissglous bréngt
Frësch verschafften Eisen
D'Schmëdd vum Vulkan, en Tableau vum Diego Velázquez

De Schmadd ass en Handwierker, deen et schonns ganz fréi an der Geschicht gouf an deen haut praktesch ganz duerch d'Industrialiséierung verdrängt gëtt. Dem Schmadd säin Atelier ass d'Schmëdd.

[änneren] Den Duerfschmadd

De Schmadd huet a verschiddene Beräicher geschafft.

Hien huet Plouschoure fabrizéiert oder soss einfacht landwirtschaftlech Geschir fabrizéiert, wéi Heelen, Spueden oder Axten, awer och Meesselen, Ketten, Kreep, an O-Réng fir d'Béischten unzestrécken.

De bekannste Schmadd deen duerch seng Plouschueren e grousst Veméige verdéngt huet, an deem seng Firma haut nach weltbekannt ass, war den John Deere.

Den eigentleche Schmadd war deen Handwierker, ënner deem mer haut méi oder wéineger och d'Schlässer erëmfannen. Hien huet och eng Léier als Schmadd a Schlässer gemaach. Duerch d'Opkomme vun den Trakteren nom Zweete Weltkrich ass den Duerfschmadd lues a lues verschwonnen, sief et datt déi bei deene wou keen Nouwuess do war ganz opgehalen hu mat schaffen, sief et datt se sech och ëmmer méi um Maschinnenhandel bedeelegt hunn. Eng grouss Parti vu den haitege Maschinnenhändler fir landwirtschaftlech Maschinnen, sinn d'Successeure vun engem Schmadd.

[änneren] De Konschtschmadd

De Konschtschmadd ass dee Schmadd deen och haut nach vill gefrot ass fir Ornamenter am Eisen an am Stol ze maachen, wéi z.b. dekorativ Gelänneren oder och Skulpturen.

[änneren] Den Houfschmadd

Den Houfschmadd hat meeschtens säi Beruff um Duerf oder a klengen Uertschaften, déi eng enk Bezéiung zur Landwirtschaft haten, ausgeübt. Seng Haaptmissioun huet doranner bestan, Houfeisen ze fabrizéiren an d'Päerd ze beschloen. Dat ass meeschtens an engem Noutstall geschitt, deen de Schmadd virun der Dier opgebaut hat.

Haut ass den Houfschmadd en Handwierk dat zënter 20 Joer duerch d'Sportsreiderei an de Fräizäitsport mat de Päerd erëm en Opschwonk kritt an zwar an esou enger Ausmooss datt et net genuch Houfschmatte gëtt.

[änneren] De Waffeschmadd

[änneren] De Goldschmadd

[änneren] De Kofferschmadd

[änneren] De Kesselschmadd

[änneren] Historesch Zeechnungen aus dem 16. Jorhonnert vum Jost Amman

[änneren] Kuckt och

[änneren] Um Spaweck

Commons: Schmatten – Biller, Videoen oder Audiodateien
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen