Päerd

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Wiesselen op: Navigatioun, Sich
Nuvola apps kuickshow.png Dëse Biologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.



Päerd
E Päerd

E Päerd
Wëssenschaftlech Klassifikatioun
Räich: Déiereräich
Stamm: Chordata
Klass: Mamendéieren
Iwweruerdnung: Laurasiatheria
Uerdnung: Perissodactyla
Famill: Päerd
Wëssenschaftlechen Numm
Equidae
Aarten

Przewalski-Päerd
Hauspäerd
Afrikaneschen Iesel
Asiateschen Iesel
Steppenzebra
Biergzebra
Grevyzebra


D'Päerd gehéieren zu der Uerdnung vun den Perissodactyla. Si ëmfaassen nëmmen eng Gattung, d'Equus.

Zu der Famill an der Gattung vum Päerd gehéieren Déiere wéi Ieselen, Zebraen an d'Hauspäerd.

Inhaltsverzeechnes

[änneren] Evolutioun

De Päerd hir Evolutioun ass duerch Fossilie ganz gutt beluegt. D'Urpäerd Hyracotherium hat un de viischte Been véier an un den hënneschte Been dräi Zéiwen. Dëst Déier war esou grouss wéi en Hond an huet virun 55 Millioune Joer gelieft.


[änneren] Kierperbau

D'Päerd sinn un d'séiert Lafe gewinnt an hu sech u Planzekascht ugepasst. Si hunn e laange Kapp an Aen, déi op der Säit leien, mat deene si beim Grasen alles kënne ronderëm gesinn. Si hunn e muskulöse Kierper mat engem laangen Hals. Hir schlank Been hu just eng Zéif, déi en Huff huet. Si hunn ausserdem grouss Zänn.

[änneren] Gangaarte vum Päerd

Rennpäerd am Galopp. Animéiert Sequenz vu Fotoe vum Eadweard Muybridge, 1887 zu Philadelphia publizéiert.



[änneren] Bezeechnungen

  • Männlecht Päerd: Hengscht
  • Weiblecht Päerd: Mier
  • Jongt Päerd: Fillen
  • Päerd vun 1 Joer: Jäerling
  • Geluechtend Päerd: Minneg

[änneren] Kuckt och

Perséinlech Tools