Stamm (Biologie)

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

De Stamm (lat. phylum) ass an der Biologie eng systematesch Kategorie, an dat an der Zoologie an an der Bakteriologie. E Stamm regruppéiert déi verschidde Klassen.

De Stamm kann nach an: Iwwerstamm an Ënnerstamm agedeelt ginn.

E Beispill ass:

  • Iwwerstamm: Deuterostomia
    • Stamm: Chordata
      • Ënnerstamm: Wierbeldéieren

D'Kategorie iwwer dem Stamm ass d'Räich.

Tëscht dem Räich an dem Stamm gëtt et heiansdo nach eng Zwëschekategorie d'Ofdeelung, mä dat just a ganz wéinege zoologesche Fäll. D'Ofdeelung gëtt haaptsächlech an der Botanik benotzt fir d'Planzeräich anzedeelen.