Mamendéieren
| Dëse Biologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
| Mamendéieren | |||||||||||
|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
|
Verschidde Mamendéieren |
|||||||||||
| Systematik | |||||||||||
|
|||||||||||
| Wëssenschaftlechen Numm | |||||||||||
| Mammalia Linné, 1758 |
|||||||||||
| Ënnerklassen | |||||||||||
D'Mamendéiere sinn eng Klass aus dem Ënnerstamm vun de Wierbeldéieren (Vertebrata).
D'Mamendéieren hunn dat gréissten Déier, de Blowal, an dat geféierlechsten Déier, de Mënsch, déi jeemols op der Äerd gelieft hunn, ervirbruecht. Mat Hëllef vun senger Intelligenz huet de Mënsch et fäerdeg bruecht de Planéit fir seng Zwecker ëmzekrempelen an d'Ausstierwe vun aneren Déierenaarten ausgeléist, déi der Katastroph vu viru 65 Millioune Joer, um Enn vun der Dinosaurierära, gläicht.
D'Mamendéiere sinn net déi aarteräichst Grupp ënnert de Wierbeldéieren, mä si dominéieren d'Äerd awer duerch hir Gréisst an duerch aner kierperlech Mierkmoler, déi si vun all deenen anere Liewewiesen däitlech ënnerscheet.
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Anatomie
Et gi grouss Ënnerscheeder bei der Gréisst an dem Kierperbau vun all Mamendéier. Déi meescht vun hinnen hunn Hoer um Kierper, e Mëllechgebëss a Mëllechdrüsen. All dës Mierkmoler feelen bei all deenen anere Klasse vun Déieren.
Si leeën, bis op e puer Ausnahmen, keng Eeër, mä si bréngen hir Jonk lieweg op d'Welt an niere se mat enger Flëssegkeet, der Mëllech, déi aus speziellen Drüsen (Mamen) kënnt.
D'Mamendéiere si gläichwaarm, d.h. hier Kierpertemperatur bleift op bal konstantem Niveau, meeschtens wäit iwwer der Temperatur vun hirer Ëmwelt. (Aner gläichwaarm Déiere sinn nëmmen nach d'Vigel). Hire Stoffwiessel ass zimlech héich a relativ gläichméisseg.
[änneren] Fortbeweegung
[änneren] Ofstamung
[änneren] Systematik
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Systematik vun de Mamendéieren ![]()
- Urmamendéieren (Protheria)
-
-
- Uerdnung Kloakendéieren (Monotremata)
-
-
- Theria
- Beidelmamendéieren (Methateria)
- Iwweruerdnung Australidelphia
- Iwweruerdnung Ameridelphia
- Héijer Mamendéieren (Eutheria)
- Iwweruerdnung Niewegelenkdéieren (Xenarthra)
- Iwweruerdnung Laurasiatheria
- Iwweruerdnung Afrotheria
- Iwweruerdnung Euarchontoglires
- Beidelmamendéieren (Methateria)
| Commons: Mamendéieren – Biller, Videoen oder Audiodateien |