Wierbeldéieren

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Wiesselen op: Navigatioun, Sich


Wierbeldéieren
Groussen Delfin

Groussen Delfin
Wëssenschaftlech Klassifikatioun
Räich: Déiereräich
Stamm: Chordadéieren
Ënnerstamm: Wierbeldéieren
Wëssenschaftlechen Numm
Vertebrata
de Cuvier 1812
Iwwerklassen

Kifermünder
Agnatha


D'Wierbeldéieren sinn en Ënnerstamm vun de Chordadéieren (Chordata). Zu hinne gehéieren d'Fësch, d'Amphibien, d'Reptiller, d'Vigel an d'Mamendéieren. Di aarteräichst Grupp bilden d'Fësch mat 28.000 bis 30.000 bekannten Aarten.

D'Wierbeldéieren stame vun engem Virleefer of, dee bannen a sengem Kierper eng Stäipstaang, "Chorda" hat. Dës Staang huet sech am Laf vun der Evolutioun zu der Wierbelsail ëmgebilt an esou e ganz neie Kierperbau erméiglecht.

Aus deenen éischte Prototypen sinn d'Fësch entstanen. Aus enger Linn vun hinnen hu sech d'Amphibien gebilt an duerno d'Urreptiller, déi sech a verschidde Gruppe weiderentwéckelt hunn. Zu hinne gehéieren d'Schlangen an d'Bréckenechsen, déi et och haut nach gëtt, genee esou wéi och die ausgestuerwe Mieres- a Fluchsaurier an d'Dinosaurier, deenen hir Nokommen d'Vulle sinn.

Aus enger vun deene Reptillelinne (fr.: reptiles mammaliens) sinn d'Mamendéieren entstanen, déi sech hirersäits nees a vill verschidde Gruppe weiderentwéckelt hunn. Déi modern Mamendéiere si vun de Fuerscher an dräi grouss Gruppen ënnerdeelt ginn: d'Mamendéieren déi Eeër leen (z.B. d'Schnieweldéier), Beidelmamendéieren (z.B. Känguru) an d'Plazentadéieren, zu deenen och de Mënsch zielt.


[änneren] Systematik

Perséinlech Tools