Déiereräich

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Déiereräich
Aphthona flava
Aphthona flava
Systematik
Domän: Eukaryoten
Räich: Déiereräich
Wëssenschaftlechen Numm
Animalia


Animalia, Déiereräich, ass eent vun de véier Räicher vun den Eukaryoten. D'Naturwëssenschaft vun den Déieren ass d'Zoologie.

Et ginn iwwer 30 Stämm am Déiereräich an all Memberen sinn Organismen déi méi Zellen hunn, keng Photosynthes bedreiwen mä hir Energie mat der Nahrung ophuelen.

D'Déiereräich ëmfaast net nëmmen d'Mamendéieren mä och Reptiller, Vullen, Amphibien, Fësch an di enorm Mass un Déieren ouni Wierbel wéi d'Schwämm, d'Quallen, d'Kriibsen, d'Insekten an d'Séistären.

D'Zoologen hu bis elo schonn iwwer 1,5 Milliounen Déierenaarte beschriwwen, dovunner sinn 90% ouni Wierbel. D'Wësseschaftler ginn dovunner aus datt et nach 15 Milliounen onentdeckten Aarte ginn.

Inhaltsverzeechnes

Entwécklung [änneren]

Well d'Déiere vill Kraaft fir d'Fortbewegung brauchen, hu sech d'Muskelen an de Skelett entwéckelt. D'Fortbewegung war wichteg, well si hir Energie just konnten duerch d'Friesse vun aneren Organisme kréien.

Ausserdeem hu si Sënnesorganer gebraucht fir Informatiounen ze kréien a sech séier kënnen z'orientéieren. Fir dës Informatiounen ze verschaffen an a prezis Bewegunge vun de Muskele kënnen ëmsetzen, hu si en Nervesystem gebraucht. E groussen Deel vun den Déieren hunn ausserdeem e Verdauungssystem gebraucht fir d'Nahrung déi opgeholl ginn ass a konsuméierbar chemesch Eenzeldeeler ze zerleeën an de Recht erëm auszescheeden.

Sënnesorganer [änneren]

Ouni hir Sënner kënnen Déiere keng Nahrung oder aner Déieren fannen. Si géifen net matkréie wa si a Gefor sinn a kéinte sech bei der Fortbewegung net orientéieren. Niewent deene 5 bekannte Sënner, wéi d'Richen, d'Fillen, d'Kucken, d'Héieren, d'Schmachen, hu vill Déieren nach aner Sënner déi si brauche fir z'iwwerliewen. D'Klapperschlaange kënnen z. B. waarm Stralen empfannen a sou hiert Affer erkennen. All Sënnesorganer wéi d'Aen, d'Ouren oder d'Taaschthoer vun den Huese sinn iwwer Nervenzelle mam Gehir verbonnen.

Anatomie [änneren]

Vill Déieren, virun allem d'Landwierbeldéieren hunn e Skelett, dee wichteg ass fir de Kierper ze halen, déi bannenzeg Organer ze schützen an fir d'Muskelen. D'Wierbeldéieren hunn e Skelett aus Schanken, ouni dat si sech emol net kéinte bewegen. Aner Déiere wéi d'Spannendéieren hunn e Skelett aus der fester Substanz Chitin.

Systematik [änneren]

Déiereräich

Kuckt och [änneren]

Déi véier Räicher vun den Eukaryoten

Déiereräich - Planzeräich - Protisten - Pilzeräich

Commons: Animalia – Biller, Videoen oder Audiodateien