Fësch

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Nuvola apps kuickshow.png Dëse Biologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
Disambig.svg Dës Säit beschäftegt sech mat dem Déierestamm vun de Fësch. Fir aner Bedeitungen, kuckt w.e.g. Fësch (Homonymie).

D'Fësch (Pisces) si Wierbeldéieren déi ausschliisslech oder bal ausschliisslech am Waasser liewen, mat Kimen ootmen, a keng Tetrapoden (Wierbeldéiere mat Patte) sinn.

Mat iwwer 33.300 Aarte stellen d'Fësch méi wéi d'Hallschent vun den haut liewende Wierbeldéieren.

An der traditioneller Systematik ginn d'Fësch als eege Grupp gefouert. Well si awer keng natierlech Déieregrupp bilden, gi si an der moderner, phylogenetescher Systematik, där hir Grondlagen an den 1950er a 1960er Joren ausgeschafft goufen, net méi als eege Grupp gefouert. D'Grënn dofir sinn:

  • D'Fësch si keng monophyletesch, mä eng paraphyletesch Grupp, d. h. si bilden eng Grupp déi net all Nokommen aus enger gemeinsamer Stammaart ëmfaasst. (Fir aus de 'Fësch' eng monophyletesch Grupp ze maachen, missten all aner Wierbeldéieren, also och z. B. d'Mamendéieren, zu de Fësch gerechent ginn).

Aus reng praktesche Grënn an och am alldéigleche Sproochgebrauch gëtt dacks de Begrëff Fësch bäibehalen, awer a wëssenschaftlechen Texter da meeschtens tëscht Gänseféissercher gesat.

Liewensraum[änneren | Quelltext änneren]

Fësch fënnt een am Séisswaasser an am Mier.

Beschreiwung[änneren | Quelltext änneren]

Si hunn e stroumlinnefërmege Kapp a Kierper mat enger schläimeger a glater Haut. Hir Flosse si mat knachegen a knorpelege Flossestrale gestäipt. Iwwer d'Kimen huele si Sauerstoff aus dem Waasser op. No der Kierperform an dem Kierperbau ënnerscheet een dräi grouss Gruppen: déi ouni Kifer, d'Knorpelfësch an d'Schankefësch.

E Fëschplat am Restaurant

Wirtschaftlech Bedeitung a Menacen[änneren | Quelltext änneren]

A wirtschaftlecher Hisiicht bedeitend ass d'Fëscherei, mä och den Handel mat Zirfësch. Déi zwéi kënnen awer d'Fëschbestänn bedreeën. Weider Gefore fir d'Fësch si Schuedstoffbelaaschtung, Flossverbauung, Erwäermung an Ausdréchnen.

Ecotoxicologesch Bedeitung[änneren | Quelltext änneren]

D'Fësch sinn der Waasserqualitéit (Sauerstoffkonzentration, pH-Wäert, Temperatur, geléisten natierlech an anthropogene Matièren) iwwer hir Kimen direkt ausgesat a reagéieren dowéinst emfindlech op d'Verschmotzung. Se sinn dofir och wäit verbreet Test- a Monitoring-Aarten a wëssenschaftlech Modellorganismen an der Ecotoxicologie.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Fir d'Fëschaarten, déi et zu Lëtzebuerg ginn, kuckt:

Bibliographie[änneren | Quelltext änneren]

  • Boulénger, G.-A., 1909. Catalogue des Poissons du Congo du Musée d'Histoire Naturelle du Luxembourg. Faune du Sankuru à Kondué. Bull. Soc. Nat. luxemb. 19: 189-202.
  • Feltgen, Ernest, 1902. Vademecum des Luxemburger Fischereiliebhabers. 148 S., P. Worré-Mertens, Luxemburg.
  • Ferrant, Victor, 1915. Faune du Grand-Duché de Luxembourg, première partie: Poissons. Bull. Soc. Nat. luxemb. 25.1: 436-515.
  • Fontaine, Alphonse-Joseph de la, 1872. La description des poissons observés dans le pays de Luxembourg. Faune du pays de Luxembourg ou manuel de zoologie, vol. 5. 89 + V p., Bück, Luxembourg.
  • Krier, A., M. Lauff, G. Molitor & A.M.M. Molitor, 1992. La récupération des poissons lors de la vidange du lac de barrage d'Esch-sur-Sûre en 1991. Aspects physico-chimiques et biologiques. Bull. Soc. Nat. luxemb. 93: 71-82.
  • Lauff, Max, 1986. Vergleichende Studie der Salmonidenpopulationen (Salmo trutta f. fario und Thymallus thymallus) der Sauer und der Attert. Unveröff. Studie im Auftrag des Umweltministeriums des Grossherzogtums Luxemburg, 55 S., Luxemburg.
  • Lauff, Max, 1991. Potentielle Laichplätze und Jungfischhabitate für Langdistanz-Wanderfische im Einzugsgebiet der Sauer. Studie im Auftrag der Gewässer- und Forstverwaltung, 73 S., Luxemburg.
  • Molitor, M., R. Schauls & G. Zangerlé, 1985. Ons Fësch an hire Liewensraum. Emwelterzéiung an der Schoul. Musée d'histoire naturelle, Centre écologique Hollenfels & Administration des eaux et forêts (Hrsg.). 65 S., Luxembourg.
  • Pelz, G. R., 1991. Lebensraum und Fischfauna der Grenzgewässer Mosel, Sauer, Our. 276 S. Advanced-Biology-Verl.Ges., Köln.
  • Troschel, H.J. & G. Bartl, 1998. Fische in Luxemburg. Kartierung der Fische, Neunaugen und Flusskrebse des Grossherzogtums Luxemburg (Rote Liste der Fische, Neunaugen und Flusskrebse). 168 S., Administration des eaux et forêts (Hrsg.), Mamer, Graphic Press.
  • Zangerlé, Gilbert, 1980. Les poissons des eaux courantes du Grand-Duché de Luxembourg. Institut grand-ducal de Luxembourg, Section des sciences naturelles, physiques et mathématiques, Archives N.S. 39 (1979-1980): 55-70.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Fish – Biller, Videoen oder Audiodateien