Floss

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Ee Floss an de Pyrenäen

E Floss ass e gréisseren natierleche Waasserlaf, an deem sech d'Waasser duerch d'Schwéierkraaft weiderbeweegt bis datt et an en anere Floss, an e Séi oder an e Stroum leeft.

E gëtt durch Quellen an Nidderschléi gefiddert an ensteet aus dem Zesummefloss vu Baachen oder anere Flëss. Am Allgemenge gëtt eng Baach zum Floss wa Schëffer kënnen drop fueren, och wann et nëmme klenger sinn. A Länner déi Flossuerdnungszuele benotzen gëtt eng Baach zum Floss wann se d'Uerdnungszuel 4 kritt.

Flëss hu meeschtens Séisswaasser, a sinn doduerch e Liewensraum fir bestëmmte Planzen an Déieren, déi dovunn ofhängeg sinn.

Vill Flëss ginn als Transportwee, also als Waasserstrooss benotzt, oder fir Drénkwaasser ze gewannen.

Wa Flëss vill Waasser féieren oder vill Gefäll hunn, kënne se benotzt gi fir Stroum ze maachen.

Wëll d'Fësch ee grousst natierlecht Produkt sinn, hunn d'Fëscher d'Flëss a Regiounen, sougeannte Floss- oder Fëschregiounen agedeelt.

Zu Lëtzebuerg gëtt keng offiziell Andeelung vu Baachen a Flëss. Just am Fëschereigesetz gëtt en Ënnerscheed gemaach tëschent schëff- a flossbare Gewässer, de Grenzgewässer an dem Rescht. .

Ënner schëff- a flossbar Gewässer falen d'Musel, an d'Sauer vun der Musel bis op Ettelbréck do wou d'Uelzecht dra leeft.

[änneren] Stroum

E Waasserlaf, deen an e Mier oder an en Ozean leeft, ass e Stroum. Wann en net aus Nieweflëss entstanen ass, ass et ee Küstestroum.

[änneren] Di fënnef längste Stréim

Numm vum Stroum (Lag) Längt (km)
Nil (Afrika) 6.671
Amazonas (Südamerika) 6.516
Mississippi-Missouri (Nordamerika) 6.418
Jangtsekiang (Asien) 6.300
Jenissej-Angara 5.872
Commons: Flëss – Biller, Videoen oder Audiodateien

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen