Uelzecht

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Uelzecht
D'Uelzecht am Gronn
Längt 73 km
Héicht vun der Quell
oder Zesummelaf
305 m
Duerchschnëttsdebit  ? m³/s
Fläch vum Baseng  ? km²
Leeft an: Sauer
Floss - Hydrologie

D'Uelzecht ass ee vun de längste Lëtzebuerger Flëss.

Inhaltsverzeechnes

[änneren] D'Quelle vun der Uelzecht

De Floss Uelzecht entstaamt dem Zesummefloss vun zwou Baachen. Déi eng entspréngt zu Däitsch-Oth, déisäit der Grenz, am franséischen Departement Moselle, leeft do ënner der rue de l'Alzette an Direktioun Esch-Uelzecht. Déi aner Baach, Vacherie genannt, kënnt vun Thil no bei Villerupt am Departement Meurthe-et-Moselle a leeft bei Réisseng um Terrain vun Däitsch-Oth an déi aner Baach. An deem Moment entsteet d'Uelzecht, déi eng 400 Meter weider duerch d'Kläranlag vun Däitsch-Oth leeft, fir gebotzt a Richtung Lëtzebuerg weiderzelafen.

[änneren] D'Uelzecht op Lëtzebuerger Terrain

Zu Esch leeft d'Uelzecht ënner der Uelzechtstrooss erduerch a kënnt op der Héicht vum Schlassgoart, beim virmolege Berwart-Schlass, erëm un d'Dageslut. Bis 1911 goung hire Laf duerch déi haiteg Kanal- a Liberatiounsstrooss, fir dann an déi ënnescht Uelzechtstross anzebéien, déi 1905 ugelucht gouf, woubäi d'Uelzecht iwwerdeckelt gouf.

Hannert Esch leeft se "durech d'Wisen", laanscht Schëffleng, Hënchereng, Fenneng, Beetebuerg, Léiweng, Bierchem, Béiweng, Réiser, Hesper, duerch d'Stad Lëtzebuerg, wou se sech tëscht de Sandsteefielsen e Wee gesicht huet.

Hannert der Stad leeft d'Uelzecht viru laanscht Bäreldeng, Walfer, Steesel, Bouferdeng, Hielem, Hënsdref, Luerenzweiler, Pretten, Lëntgen, Gousseldeng a Rollengen. Se fléisst duerch Miersch, an da laanscht d'Uertschaften Biereng, Miesdref, Pëtten, Kruuchten a Kolmer-Bierg, ier se, no 73 km, bei Ettelbréck an d'Sauer leeft.

[änneren] Nieweflëss

D'Uelzecht bei Ettelbréck

[änneren] Literatur

  • Simmer, Alain: Aux sources de l'Alzette, in Hémecht Nummer 3, 1985, Säite 353-367.
  • Gaspard, Eugène: Note sur la source de l'Alzette. Le pays Haut, 1980, Nummer 1-2, Säite 37-40 in: Le Républicain Lorrain edition de Luxembourg, 10. Mäerz 1982.
  • Gaspard, Eugène: Les Sources de l'Alzette, Typoskript, 11 Säiten

[änneren] Linken

[änneren] Kuckt och

[änneren] Um Spaweck

Commons: Uelzecht – Biller, Videoen oder Audiodateien

[änneren] Fotoen

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen