Ettelbréck
|
|||||||
|---|---|---|---|---|---|---|---|
| An anere Sproochen: |
fr: Ettelbruck de: Ettelbrück |
||||||
| Land: | |||||||
| Distrikt: | Dikrech | ||||||
| Kanton: | Dikrech | ||||||
| Gemeng: | |||||||
| Buergermeeschter: | Jean-Paul Schaaf (CSV) | ||||||
| Koordinaten: | 49° 50' 47" N 06° 05' 57" O |
||||||
| Uertschaften - Gemengen - Stied | |||||||
D'Stad Ettelbréck ass eng Uertschaft am Zentrum vu Lëtzebuerg an Haaptuert vun der Gemeng mat deemselwechte Numm.
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Geographie
Ettelbréck läit op enger Héicht vun 199 Meter iwwer NN. Duerch d'Uertschaft Ettelbréck fléissen d'Uelzecht an d'Waark. Den déifste Punkt ass nieft Déifert am All op 191.5 m do wou d'Uelzecht an d'Sauer leeft.
Déi héichste Plaz ass um westlechsten Eck vun Ettelbréck am Wald nieft dem CR 345 op der Grenz mat der Gemeng Feelen tëscht dem Kräizwee an der Useldéngerfréin op enger Héicht vun 386 m.
[änneren] Geschicht
Zu den Originë vum Numm "Ettelbréck" ginn et verschidden Theorien: Enger vun hinnen no wier den Numm op "Atilbriga", zeréckzeféieren, dat op indogermanesch "fruchtbare Buedem" bedeite géif. Eng aner seet, e géifg op den Hunnekinnek Attila (och als "Etzel" bekannt) zeréck. D'Hunne solle bei der haiteger Gemeng Schieren eng Bréck iwwert d'Uelzecht gebaut hunn an der spéiderer Stad sou den Numm ginn hunn. (Etzelbréck -> Ettelbréck).
Duerch eng Poopstbull vun 1148 an 1161 ass Ettelbréck ënnert d'Herrschaft vun der Abtei Iechternach komm.
Ettelbréck, dat puer mol verbrannt ass, huet a senger Geschicht schwéier Zäite matgemeet. Et ass puer mol verbrannt, well d'Stréidiech hunn deemools d'Feierkatatastrophen begënstegt. Déi schrooste Feierkatastroph war 1778, wéi gläich 480 Haiser ganz verbrannt sinn. Eng Strooss vun Ettelbréck, den Aeschenhiwwel, erënnert haut nach un dës Katastoph. Well d'Bierger schlecht dru waren, hu si der deemoleger Landesfürtsin Maria-Theresia geschriwwen a si ëm Hëllef gebieden. Si huet dunn hinnen d'Erlabnes ginn, fir all Mount e groussen Maart ofzehalen.
Ettelbréck als Portal vum Norden huet vill vum Bauerewiesen am Éislek profitéiert. D'Véi- an d'Bottermäert, d'Akerbauschoul, de Landwirtschaftleche Verband, d'Ettelbrécker Molkerei an d'Ettelbrécker Gare, wou d'Baueren hir geschlasse Lou verfracht hunn, ware lauter positiv Elementer an dëser Entwécklung.
Am Laf vun der Zäit ass Ettelbréck zu enger Industriestad ginn, wéi géint Mëtt vum 19. Joerhonnert d'Bridder Godchaux zu Ettelbréck eng Wollwäscherei an eng Spannfabrik opgemaach hunn. Och d'Miwwel- an d'Tubaksbranche hu sech zu Ettelbréck niddergelooss.
Ze ernimmen ass och nach een historecht Ereegnes: Um Kiosk op der Schoulplaz gouf de 5. Juni 1864 déi Lëtzebuerger Nationalhymn, Ons Heemecht, fir d'éischt ëffentlech opgefouert.
Duerch d'Gesetz vum 4. August 1907 huet Ettelbréck den Titel "Stad" kritt. (zesumme mat Diddeleng a Rëmeleng).
Hir schwéierst Zäit hat d'Stad wéi all aner Gemengen vum Éislek am Zweete Weltkrich wéi de Sauerdall d'Südflank vun der Ardennenoffensiv gebilt huet.
Nom Zweete Weltkrich ass zu Ettelbréck de Brauch ageféiert ginn, den alliéierten Befreier ze gedenken. Ettelbréck gouf zur "Patton"-Stad an huet dem Generol George S. Patton e Square Patton ageriicht.
[änneren] Eckdaten
|
|
[änneren] Economie
Zu Ettelbréck sinn 285 Geschäfter an 88 Branchen, 10.000 Meter carré Foussgängerzon an 1.948 Parkplazen, dovu sinn der 1.519 gratis.
[änneren] Kuckeswäertes
- Promenade laanscht d'Uelzecht an d'Sauer
- Centre des arts pluriels Edouard-Juncker
- Musekconservatoire vum Norden
- Patton-Musée (Musée Mémorial Général Patton)
- Sportszenter
- La vague, eng monumental Skulptur vum Lucien Wercollier beim Centre hospitalier neuro-psychiatrique
[änneren] Literatur
- Flies, Joseph: Ettelbrück, die Geschichte einer Landschaft, 2274 Säiten, 1970, Imprimerie Saint-Paul
- 100 Joer Ettelbréck, Bäilag vum Wort vum 6. Juni 2007, 36 S.
[änneren] Bekannt Ettelbrécker
- Jhemp Bastin, Sculpteur
- François Diederich, Chemiker an Universitéitsprofesser
- Charles Goerens, Politiker
- Joseph Grosbusch, Moler
- Carlo Hemmer, Economist
- Pierre Joris, Schrëftsteller an Iwwersetzer
- Édouard Juncker, Buergermeeschter vun Ettelbréck
- Bady Minck, Regisseurin
- Ernest Mühlen, Politiker
- Aloyse Schiltz, Resistenzler a lëtzebuergeschen Offizéier
- Johann Schweisthal, Geeschtlechen
- Michel Sinner, Moler
- Michel Weyler, Moler
- Lucien Weiler, Chamber-President
- Nelson Delgado, Basketballspiller
[änneren] Linken
[änneren] Kuckt och
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Gemengen
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Uertschaften
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Kantonen
- Lëtzebuerger Distrikter
- Entwécklung vun der Gemengenzuel zu Lëtzebuerg
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Stied
[änneren] Um Spaweck
| Commons: Ettelbréck – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Offiziell Säit vun der Gemeng a Stad Ettelbréck
- Offiziell Websäit "100 Joer Stad Ettelbréck
- Säit vum Ettelbrécker Tourist Office
- Websäit Ettelbréck-Pattontown
- Fotoe vun Ettelbréck
- Säit vun der Ettelbrécker Musek
- Syvicol
- Gesetz iwwer d'Enstoe vun de Gemenge Schieren an Ierpeldeng Loi du 22 janvier 1850,qui érige deux nouvelles communes, l'une sous le nom de Schieren et l'autre sous le nom d'Erpeldange