Entwécklung vun der Gemengenzuel zu Lëtzebuerg

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Déi 106 Gemengen, wéi se zanter 2012 bestinn.
Evolutioun an der Zäit.

D'Zuel vun de Lëtzebuerger Gemengen huet duerch Gemengefusiounen, awer och duerch Entstoe vun neie Gemengen, am Laf vun de Joerzéngten ëmmer nees geännert.

Zanter der Schafung vun de Gemengen ënner dem franséische Régime Enn vum 18. Joerhonnert (de facto den 1. Oktober 1795, wéi mat der Aglidderung als Bëscherdepartement och déi franséisch Gemengegesetzgebung applikable gouf, och wann nach bis no 1824 un den definitive Pläng vun de Gemenge gezeechent ginn ass) gouf et ëmmer nees nei Gemengen, an anerer goufen opgeléist oder hu fusionéiert. Sou goungen d'Gemenge Bëschdref a Béiwen-Atert wéi och d'Gemenge Kaalmes a Sëll am Joer 1822 zesummen. Och gouf am Joer 1823 d'Gemeng Wäicherdang opgeléist a mat der Gemeng Klierf fusionéiert, bis op d'Sektioun Draufelt, déi bei d'Gemeng Munzen komm ass. Am selwechte Joer gouf d'Gemeng Hënsdref mat Luerenzweiler fusionéiert. D'Gemeng Hesper ass 1823 ëm déi fréier Gemeng Alzeng méi grouss ginn. Am Joer 1824 hunn d'Gemenge Gräisch a Simmer fusionéiert.

1827 gouf d'Gemeng Eschduerf opgeléist. Eschduerf selwer koum an d'Gemeng Heischent, an déi aner Uertschaften hunn d'Gemeng Néngsen gebilt.

No der spezieller politescher Situation während der belscher Revolutioun tëscht 1830 an 1839 gouf et 120 Lëtzebuerger Gemengen am Joer 1830.

Duerch Gesetz vum 25. Juli 1846 ass d'Gemeng Uewerpallen opgeléist ginn. Déi dräi Sektiounen Uewerpallen, Liewel an Dideling (haut um Diggel genannt), aus deene se bestanen hat, si bei d'Gemeng Biekerech komm. D'Zuel vun de Gemengen ass op 119 erofgaangen.

Duerno koum eng Zäit, wou d'Zuel vun de Gemenge bestänneg an d'Luucht goung. Den 1. Juli 1849 (Gesetz vum 8. Mee 1849) ass d'Gemeng Eech opgedeelt ginn an d'Gemeng Rollengergronn ass entstanen. Den 1. Januar 1850 (Gesetz vum 6. August 1849) ass d'Gemeng Bartreng opgedeelt gi fir d'Gemeng Stroossen ze schafen. Den 1. Juli 1850 (Gesetz vum 22. Januar 1850) gouf d'Gemeng Ettelbréck opgedeelt, an direkt 2 nei Gemenge sinn entstanen: Schieren an Ierpeldeng. De 25. November 1850 ass d'Gemeng Walfer aus engem Deel vun der Gemeng Steesel erausgaang, an aus Deeler vun der Gemeng Steesel an der Gemeng Kielen ass den 22. Februar 1853 d'Gemeng Koplescht entstanen. Den 1. Juli 1856 (Gesetz vum 3. Mäerz 1856) ass d'Gemeng Reckeng op der Mess opgedeelt ginn, an d'Gemeng Leideleng ass entstanen. Domat war d'Zuel vun de Lëtzebuerger Gemengen a knapps 7 Joer vun 119 op 126 eropgaangen.

Den 1. Januar 1874 (Gesetz vum 20. Dezember 1873) ass d'Gemeng Sandweiler opgedeelt gi fir d'Gemeng Hamm ze grënnen. Den 1. Januar 1875 (Gesetz vum 20. November 1874) ass d'Gemeng Mäerzeg aus engem Deel vun der Gemeng Feelen entstanen. Den 31. August 1876 (Gesetz vum 6. Juli 1876) gouf d'Uertschaft Schëffleng vun der Gemeng Esch-Uelzecht ofgetrennt fir eng eegestänneg Gemeng ze ginn, an de 25. September 1891 (Gesetz vum 27. Juni 1891) gouf d'Sektioun Rëmeleng vun der Gemeng Keel ofgetrennt fir d'Gemeng Rëmeleng ze ginn. Domat war den Héchststand vun 130 Lëtzebuerger Gemengen erreecht.

Mä net nëmmen d'Zuel vun de Gemengen huet geännert, och d'Nimm vu verschidde Gemenge goufen am Laf vun der Zäit geännert. Sou ass aus der Gemeng Kierchen den 28. Dezember 1908 d'Gemeng Ëlwen ginn, an de 17. Abrëll 1914 huet déi deemoleg Gemeng Alschent sech a Kautebaach ëmbenannt.

Nom Éischte Weltkrich sinn eng Rei Gemengefusiounen um Gebitt vun der haiteger Stad Lëtzebuerg ënnerholl ginn. Den 1. Juni 1920 (Gesetz vum 26. Mäerz 1920) hunn d'Gemengen Hamm, Hollerech a Rollengergronn mat der Stad Lëtzebuerg fusionéiert, a kuerz drop, den 1. Juli 1920 (Gesetz vum 30. Juni 1920), war et d'Gemeng Eech, déi mat der Haaptstad fusionéiert huet. Domat ass d'Zuel vun de Lëtzebuerger Gemengen erof op 126 gaangen.

An den 1970er Jore koumen nees Bestriewungen op fir Gemengen ze fusionéieren. Den 1. Januar 1978 (Gesetz vum 31. Oktober 1977) ass d'Gemeng Wëntger aus deene 4 Gemengen Aasselbur, Béigen, Helzen an Uewerwampech entstanen. Déi éischt 3 Gemengen hunn zum Kanton Klierf gehéiert, Uewerwampech war am Kanton Wolz, an déi nei Gemeng Wëntger gehéiert zum Kanton Klierf.

Den 1. Januar 1979 sinn dräi nei Fusiounsgemengen entstanen. D'Gemeng Rammerech duerch d'Fusioun vun de Gemengen Uerschdref, Bungeref, Foulscht a Pärel (Gesetz vum 27. Juli 1978), d'Stauséigemeng duerch d'Fusioun vun de Gemenge Béiwen an Harel (Gesetz vum 23. Dezember 1978) an d'Gemeng Jonglënster duerch d'Fusioun vun der Gemeng Roudemer mat der vireger Gemeng Jonglënster (Gesetz vum 23. Dezember 1978). Domat ass d'Zuel vun de Lëtzebuerger Gemengen erof op 118 gaangen.

Mam Gesetz vum 25. Mäerz 1991 gouf d'Gemeng Bierg op Colmar-Bierg ëmgedeeft, fir Verwiesselunge mat aneren Uertschafte mam Numm Bierg auszeschléissen.

De 17. Juli 2001 huet d'Gemeng Bieberech sech a Gemeng Préizerdaul ëmbenenne gelooss.

Méi spéit gouf et nach eng Kéier 2 Gemengefusiounen: duerch d'Gesetz vum 21. Dezember 2004 ass d'Gemeng Tandel duerch d'Fusioun vun de Gemenge Baastenduerf aus dem Kanton Dikrech a Furen aus dem Kanton Veianen entstanen, an d'Gesetz vum 14. Juli 2005 huet d'Fusioun vun de Gemenge Wëlwerwolz a Kautebaach zu där neier Gemeng Kiischpelt besigelt.

Duerch e Gesetz vum 24. Juli 2006 huet d'Gemeng Remerschen hiren Numm mat Effet op den 3. September 2006 a Gemeng Schengen ëmgeännert.

D'Zuel vun de Lëtzebuerger Gemenge louch deemno bis d'Gemengewale vum Oktober 2011 bei 116.

Fusiounen, déi spéitstens den 1.1.2012 a Kraaft getruede sinn[änneren | Quelltext änneren]

Am Kader IVL, deen eng "Masse critique" vun 3000 Awunner fir Gemengen als néideg ugesäit, fir datt se déi néideg Infrastrukture kënnen organiséieren, huet den Inneministère eng Rei Hëllefen a finanziell Subventioune fir déi ländlech Gemenge virgesinn, déi wëlle fusionéiere fir déi "Masse critique" z'erreechen. Sou sollen all d'Awunner am Land vu wichtegen Infrastrukture wéi Maison-relaisen, Sportsinfrastrukturen, Kläranlagen, etc. profitéiere kënnen.

  • Als Konsequenz dovun hunn an de Gemenge Klierf, Munzen an Hengescht d'Awunner den 12. Oktober 2008 an engem Gemengereferendum enger Fusioun ënner dem Numm "Gemeng Klierf" mat grousser Majoritéit zougestëmmt. D'Gemengeréit vun deenen dräi Gemengen hu sech Enn 2008 och fir déi geplangte Fusioun ausgeschwat. De 16. Januar 2009 gouf eng Konvention vun de betraffene Regierungsmemberen ënnerschriwwen. De 17. Februar 2009 huet den Inneminister de Gesetzesprojet iwwer déi geplangte Fusioun an der Chamber déposéiert. De Staatsrot huet säin Avis den 21. Abrëll 2009 ginn, an d'Gesetz iwwer d'Fusioun vun de Gemenge Klierf, Hengescht a Munzen ass de 7. Mee 2009 eestëmmeg an der Chamber guttgeheescht ginn. D'Fusioun vun de Gemenge Klierf, Hengescht a Munzen zu enger neier Gemeng mam Numm "Gemeng Klierf" gouf de 5. Dezember 2011 rechtsgëlteg wéi deen nei gewielte Gemengerot no de Gemengewale vum 9. Oktober 2011 vereedegt gouf.
  • D'Gemeng Miedernach fir hiren Deel huet mat der Nopeschgemeng Iermsdref fusionéiert. Dofir hunn d'Bierger vun deenen zwou Gemengen den 21. Mäerz 2010 an engem Referendum enger Fusioun zougestëmmt, sou datt déi den 1. Januar 2012 a Kraaft triede kunnt. D'Fusiounsgemeng krut den Numm "Ärenzdallgemeng".
  • Och d'Gemengen Esch-Sauer, Heischent an Néngsen hunn zanter 2006 dru geschafft, eng Fusioun zu enger vergréisserter Gemeng mam Numm "Esch-Sauer" duerchzeféieren. Si ass den 1. Januar 2012 a Kraaft getrueden.
  • Den 18. Mee 2010 huet de Käerjenger Gemengerot, dee selwechten Dag wéi dee vun der Gemeng Kënzeg, engem Accord zu enger Fusioun tëscht deenen zwou Gemengen zougestëmmt.[1] Bei engem Referendum, de 5. Dezember 2010 hunn an den zwou Gemengen eng Majoritéit vun de Wieler sech fir eng Fusioun ausgeschwat (58 % zu Nidderkäerjeng, 56,17 Prozent zu Kënzeg).[2] Deemno kann d'Fusioun den 1. Januar 2012 rechtsgëlteg ginn. Den Numm vun der fusionéierter Gemeng ass "Gemeng Käerjeng".
  • Den 10. Oktober 2010 hunn an de Gemenge Schengen, Biermereng a Wellesteen an Gemengereferendum d'Majoritéit vun de Bierger fir eng Fusioun zu enger vergréisserter Gemeng "Schengen" gestëmmt.[4]

Den 10. Mee 2011 huet d'Chamber dëse 5 Fusiounen zougestëmmt.[5] D'Fusiounsgesetz gouf de 24. Mee 2011 vum Grand-Duc ënnerschriwwen.[6]

Deemno läit d'Gemengenzuel zu Lëtzebuerg vum 1. Januar 2012 u just nach bei 106.

Eng geplangte Fusioun gouf an engem Referendum net ugeholl: De 24. Oktober 2010 hu 56 % vun den Awunner vu Käerch géint d'Fusioun vun hirer Gemeng mat der Gemeng Simmer gestëmmt (Zu Simmer waren 79 % dofir). D'Gemengeréit hate schonn hiren Accord ginn.[7]

Méiglech Fusiounen no 2012[änneren | Quelltext änneren]

Eng weider geplangt Fusioun ass déi tëscht de Gemenge Wolz an Eschweiler. De 24. Februar 2014 hunn déi zwéi Gemengeréit dozou gréng Luucht ginn. De 25. Mee 2014 gëtt an deenen zwou Gemengen e Gemengereferendum doriwwer ofgehalen. Fällt och dat positiv aus, soll d'Fusioun zu enger vergréisserter "Gemeng Wolz" den 1. Januar 2015 a Kraaft trieden.[8]

Och d'Gemengen Habscht a Simmer an d'Gemenge Béiwen-Atert an Tënten[9] hu Fusiounspläng.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. "D'Gemeng Kënzeg fusionéiert mat der Gemeng Nidderkäerjeng." rtl.lu, 18.05.2010, 15:56 - Fir d'lescht aktualiséiert: 18.05.2010, 20:35.
  2. "Bürger sagen Ja: Aus Niederkerschen und Küntzig wird Käerjeng." wort.lu, 05.12.2010 16:24.
  3. "Referendum iwwert Gemengefusioun Konstem, Housen, Houschent." RTL - 02.07.2010, 07:55 - Fir d'lescht aktualiséiert: 02.07.2010, 07:58.
  4. Zu Schengen ware 55 % vun de Leit dofir, zu Biermereng 76 % an zu Wellesteen hu 69 % mat Jo gestëmmt. Vgl: "Referendum: Fir Fusioun vu Schengen, Wellesteen, Biirmereng." RTL.lu 10.10.2010, 08:40 - Fir d'lescht aktualiséiert: 10.10.2010, 17:54.
  5. "Fünf Fusionen auf einen Schlag: Die Zahl der Gemeinden schrumpft von 116 auf 106." wort.lu, 11.05.2011 07:46, aktualiséiert 11.05.2011 09:18.
  6. Fusiounsgesetz vum 24. Mee 2011
  7. "Iwwerraschende Vote: Keng Fusioun vu Käerch a Simmer." rtl.lu, RTL - 24.10.2010, 08:24 - Fir d'lescht aktualiséiert: 24.10.2010, 16:26.
  8. "Fusioun Wolz an Eeschwëller: Béid Gemengeréit hunn um Méindeg unanime dofir gestëmmt." rtl.lu, 25.02.2014, 08:54:47.
  9. Gemengebuet vun Tënten