Haaptstad

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Panorama vun der Lëtzebuerger Haaptstad, 1899

Eng Haaptstad ass de Sëtz vun der Vertriedung vun der Souveränitéit vun engem Staat (Demokratie: Parlament, Monarchie: Residenz).

Normalerweis sinn Haaptstad a Regierungssëtz identesch, mee et ginn awer och Ausnamen, wéi z.B.: Holland, wou d'Haaptstad Amsterdam, de Regierungssëtz awer Den Haag ass.

Ganz dacks ass d'Haaptstad och di gréisste Stad an dee wichtegsten Economies-, Verkéiers-, Industrie-, a Kulturzentrum vun engem Staat.

Natierlech ginn et och hei Ausnamen, wéi z.B. an der Tierkei: Haaptstad ass Ankara, gréisste Stad ass awer Istanbul; a Marokko: Haaptstad Rabat, gréisste Stad ass awer Casablanca, asw....

Südafrika huet ze soen dräi "Haaptstied", woubäi keng di gréisste Stad ass: D'Parlament ass zu Kapstad, de Verwaltungs- a Regierungszentrum ass zu Pretoria (Tshwane), Gerichtshäff sinn zu Bloemfontein a gréisste Stad ass Johannesburg.

Verschidde Länner hunn eng Planghaaptstad, wéi z.B. Brasilien: Brasília, Australien: Canberra, Nigeria: Abuja an neierdéngs och Myanmar mat Pyinmana.

Folgend Staaten hu keng Haaptstad: Monaco, Nauru an de Vatikanstad.

[änneren] Kuckt och

[änneren] Um Spaweck

Commons: Haaptstied – Biller, Videoen oder Audiodateien
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen