Parlament

Vu Wikipedia

E Parlament (v. alfr.: parlement - Gespréich; v. fr.: parler - schwätzen) ass d'Versammlung vu Vertrieder vun enger administrativer Gebittseenheet (z. B. Europäesch Unioun, Staat, Bundesrepublik, Bundesland, Kanton), déi Gesetzer mécht (Legislativ). Keng Parlamenter am staatsrechtleche Sënn sinn absënns déi däitsch Gemengevertriedungen.

Zur Zäit vum Ancien Régime a Frankräich war e Parlament allerdéngs e Geriichtshaff, an hat wéineg mam haitege Sënn vu "Parlament" ze dinn. D'Paräisser Parlament war déi iewescht Geriichtsinstanz am Kinnekräich.

An enger Demokratie ginn d'Representante vun engem Parlament mat Wale bestëmmt. An anere Regierungsforme gëtt et och Ernennungen.

An demokratesche Staaten huet d'Parlament nieft dem Recht Gesetzer an de Budget ze maachen och nach d'Missioun, d'Regierung ze kontrolléieren. Deputéiert hu vis-à-vis vun der Regierung an den eenzele Ministeren d'Recht op Renseignementer an ënner Ëmstänn op e Mësstrauensantrag. D'Reegelungen dofir sinn an der Constitutioun vum jeeweilege Staat an an der parlamentarescher Geschäftsuerdnung festgeluecht.

Déi meescht Parlamenter bestinn aus zwee Haiser (Zweekummersystem); d'Membere vun där méi klenger Kummer ginn dacks net direkt gewielt, mä vun Ënnergebittseenheeten (z. B. Bundeslänner) geschéckt. Wichteg Organer sinn de Parlamentspresident a Stellvertrieder, de Fraktiouns-President vun de Parlamentsparteien an déi fachbezunnen Ausschëss, an deenen d'Gesetzpropositioune virbereet ginn.

Et ënnerscheet een tëscht Aarbechts- a Riedeparlamenter: An engem Riedeparlament (z. B. Brittescht Ënnerhaus) ginn all politesch Froen an Diskussiounen diskutéiert, wärend an engem Aarbechtsparlament (z. B. amerikanesche Kongress) e groussen Deel vun der Aarbecht a Comitéë gemaach gëtt.

Als Parlament am méi breede Sënn ginn och Delegéierteversammlunge vun internationalen Organisatioune bezeechent, z. B. d'Benelux-Parlament, d'Parlamentaresch Versammlung vun der OSZE, vun der NATO ...

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Parlamenter – Biller, Videoen oder Audiodateien