Chamber
Chamber ass déi lëtzebuergesch Bezeechnung fir d'Chambre des députés, dat lëtzebuergescht Parlament. D'Gebai vun der Chamber ass um Krautmaart, nieft dem groussherzogleche Palais an der Stad Lëtzebuerg.
Inhaltsverzeechnes |
Geschicht [änneren]
Gebai um Krautmaart [änneren]
De Grondstee fir d'Chamber-Gebai (deemools Hôtel des États) um Krautmaart gouf de 27. Juli 1858 geluecht.
Konstitutionell Roll [änneren]
D'Roll vun der Chamber ass et, als Deel vun der legislativer Prozedur, Gesetzespropositioune kënnen ze maachen, dës Propositiounen (an och d'Gesetzesprojeten, déi vun der Regierung abruecht kënne ginn) ze diskutéieren, an se dann unzehuelen oder ze refuséieren.
Funktiounsweis [änneren]
D'Funktiounsweis vun der Chamber gëtt bestëmmt duerch Dispositiounen, wéi s'an der Lëtzebuerger Konstitutioun an am Walgesetz festgeluecht sinn, an duerch hir eege Geschäftsuerdnung (Règlement intérieur). Déi Period vun engem Joer, bannent där d'Chamber zesummekënnt, nennt een "Uerdentlech Sëtzung" (Session ordinaire). Se fänkt den zweeten Dënschden am Oktober un. Normalerweis huet all Legislatur 5 Uerdentlech Sëtzungen. All Sëtzung gëtt duerch de Groussherzog (perséinlech, oder a Vertriedung duerch de Premierminister) op- an zougemaach.
De Chamberpresident [änneren]
Dem Chamberpresident seng Roll ass et, d'Chamber no baussen hin ze representéieren, an an de Sëtzungen, fir Uerdnung an d'Anhale vum Règlement ze suergen, d'Riedenzäiten z'erdeelen, an d'Resultat vun Ofstëmmungen an d'Decisioune vun der Chamber ze verkënnegen. Hie kann duerch Vizepresidenten ersat ginn, oder, wa kee vun hinnen disponibel ass, duerch den eelsten Deputéierten ("Doyen").
De Chamberbureau [änneren]
Um Ufank vun enger Legislatur ernimmt d'Chamber de Chambersbüro. E besteet aus dem Chamberspresident, den 3 Vizepresidenten an héchstens 7 Memberen aus de verschiddene Fraktiounen. De Bureau ass souzesoe responsabel fir d'Administratioun vun der Chamber. En organiséiert déi finanziell an organisatoresch Froen, déi d'Deputéiert betreffen, d'Personal, dat an der Chamber schafft, asw.
Konferenz vun de Presidenten [änneren]
Si setzt sech zesummen aus dem President vun der Chamber an de Presidente vun deene verschiddene politesche Fraktiounen. Hir wichtegst Roll ass et, den Ordre du jour vun den Sëtzunge festzeleeën, den Oflaf vun de Sëtzungen ze proposéieren an hiren Avis iwwer déijéineg Projete vu Règlement grand-ducalen ofzeginn, bei deenen dat vum Gesetz hir virgesinn ass.
D'parlamentaresch Kommissiounen [änneren]
D'parlamentaresch Kommissioune sinn do fir parlamentaresch Aarbechte méi rationell ausféieren ze kënnen. Si bereeden d'Chamberssëtzunge vir, andeems an hinnen d'Gesetzesprojeten a -propositiounen, an och d'Amendementer an d'Motiounen diskutéiert ginn. D'Parteie sinn, esou wäit wéi méiglech, proportionell zu hirer Sëtzzuel, an deene verschiddene Kommissioune representéiert. Et gi permanent Kommissiounen, Enquêtë-Kommissiounen, reglementärer a spezieller, déi all vun der Chamber selwer bestëmmt kënne ginn.
Permanent Kommissioune sinn déi zu deene Sujeten, zu deenen et regelméisseg Gesetzesprojeten oder -propositioune gëtt. Déi reglementär sinn déi, déi duerch d'Reglement virgesi sinn. Spezialkommissioune kënnen zäitweileg fir verschidden (dacks sozial sensibele) Sujete gegrënnt ginn, wéi Ethik, Immigratioun, Drogen, asw. Enquêtë-Kommissiounen déngen dozou, méi Liicht a bestëmmte (Regierungs)affären ze bréngen.
Zesummesetzung [änneren]
D'Chamber setzt sech zesummen aus 60 Deputéiert, déi a 4 Walbezierker gewielt ginn.
Aktuell Zesummesetzung [änneren]
D'uerdentlech Sëtzung 2009/2010 huet sech sech aus deenen Deputéiert zesummegesat, déi bei de Chamberwale vum 7. Juni 2009 direkt gewielt goufen, respektiv nogeréckelt sinn als Ersatz fir déi, déi gewielt goufen, awer en Amt als Minister ugeholl hunn.
Zënterhier koum et zu e puer Verännerungen, fir Deputéiert z'ersetzen, déi op hiert Amt verzicht hunn, resp. gestuerwe sinn.
Net méi dobäi:
- Jean-Louis Schiltz, CSV (September 2009 bis Februar 2011)
- Mill Majerus, CSV (vum 8. Juli 2009 bis den 1. Abrëll 2011 †)
- Jean Huss, déi Gréng (September 2009 bis Juli 2011)
- Lucien Thiel, CSV (vum 8. Juli 2009 bis de 25. August 2011 †)
- André Hoffmann, Déi Lénk, (vum 8. Juli 2009 bis de 15. November 2011)
- Lydie Err, LSAP, (vum 8. Juli 2009 bis den 31. Januar 2012)
- Paul Helminger, DP, (vum 8. Juli 2009 bis den 9. Oktober 2012)
- Vera Spautz, LSAP, (vum 8. Juli 2009 bis de 14. November 2012)
- Marc Spautz, CSV, (bis den 30. Abrëll 2013, wou e Minister gouf)
Period 2004-2009 [änneren]
D'Chamberdeputéiert, déi bei de Wale vum 13. Juni 2004 an d'Chamber gewielt goufen, sinn 2577-mol a Kommissiounssëtzungen zesummekomm, an 260 Mol an ëffentleche Sëtzungen. Et si 496 Projet-de-loië gestëmmt ginn, 38 Proposition-de-loien an 10 Verfassungsännerungen (vu 16 Projeten). 77 Debatte goufe gefouert, et gouf 56 Heure-d'actualitéen an 3335 parlamentaresch Ufroen un d'Regierung.[1]
Uerdentlech Sëtzung 2008/2009 [änneren]
D'uerdentlech Sëtzung 2008-2009 huet sech zesummegesat aus 4 Deputéiert vun der ADR, 24 vun der CSV, 7 vun Déi Gréng, 10 vun der DP, 14 vun der LSAP, an 1 ouni Partei (Stand: Juni 2009):
Presidente vun der Chamber [änneren]
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Chamberpresidenten ![]()
Literatur zum Thema [änneren]
- Nicolas Als, Robert L. Philippart: La Chambre des Députés, Histoire et Lieux de Travail, Chambre des Députés du Grand-Duché de Luxembourg, 1994, ISBN 2-87954-021-6
- Alex Bodry: "Le Parlement dans le système politique du Luxembourg: Le régime parlementaire du Luxembopurg - mythe ou réalité?" In: Tageblatt Nr.240 vum 13. Oktober 2008, S. 15-18 an Nr. 241 vum 14. Oktober 2008.
Kuckt och [änneren]
- Legislativ Prozedur (Lëtzebuerg)
- Chamber TV
- Assemblée constituante vun 1848
- Assemblée consultative vun 1945
| Commons: Chambre des députés – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Um Spaweck [änneren]
Referenzen [änneren]
- ↑ "Discours de fin de législature de M. le président. Séance ordinairee 2008-2009; Séance publique n° 53 vum 13. Mee 2009; in: Chambre des Députés Luxembourg: Compte-rendu des séances publiques no 17, session ordinaire 2008-2009, S. 666.