Marco Schank

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Marco Schank mat Krimi (2006)

De Marco Schank, gebuer den 10. Oktober 1954 zu Ettelbréck, ass e lëtzebuergeschen CSV-Politiker an Auteur vu Bicher iwwer Gaardebau a vu Kriminalromanen.

Inhaltsverzeechnes

National Politik [änneren]

1989 war hien eng éischte Kéier Kandidat bei de Chamberwalewalen. Op der Lëscht vun den Ekologisten fir den Norden hat hien déi meeschte Stëmmen, et ass awer net duer gaange fir e Sëtz an der Chamber ze kréien.

1994 ass hie Member vun der CSV ginn, vun där hien tëscht 2006 an 2009 Generalsekretär war.

Vum 2. Februar 1999 bis Juni 2009 war hien Deputéierte fir de Walbezierk Norden an der Chamber, wou hien de verstuewenen Édouard Juncker ersat hat.

An der Regierung Juncker-Asselborn II, déi aus de Chamberwale vum 7. Juni 2009 ervirgoung, ass de Marco Schank Minister fir Wunnengsbau an Delegéierte Minister fir Ëmwelt a Landesplanung.

Gemengepolitik [änneren]

Nodeems de Marco Schank bei de Gemengewale vum 10. Oktober 1981 eng éischte Kéier gewielt gouf, koum hien an den Heischter Gemengerot. Hie war vum 1. Januar 1982 bis 2009 do Member, dobäi zënter dem 1. Januar 1994 als Buergermeeschter.

Aner Aktivitéiten [änneren]

Hie war bis 2009 President vum interkommunale Syndikat Naturpark Öewersauer.

Vun 2000 bis 2009 war hie President vum Office national du tourisme.

Hien ass bestuet mat der Edmée Bisdorff a Papp vun dräi Kanner.

Publikatiounen [änneren]

Kriminalromaner [änneren]

  • Die Schalen des Zorns. Op der Lay n°119. 1996. 2. Oplo 1998. 3. Oplo 2001. 4. Oplo 2004. ISBN 2-87967-044-6.
  • Die Stunde der Ernte. Op der Lay n°123. 1998. 2. Oplo 2000. 3. Oplo 2003. ISBN 2-87967-058-6.
  • Das Vermächtnis des Propheten. 272 S. Op der Lay n°130. 2001. 2. Oplo 2003. ISBN 2-87967-087-x.
  • Todesengel. Kriminalgeschichten aus Luxemburg.. 136 S. 2011. Op der Lay n°168. ISBN 978-2-87967-179-6

Fäll fir de Kommissär Mathieu [änneren]

Gielercher [änneren]

Literatur [änneren]

  • Schlammes, Marc, 2007, Marco Schank (CSV). Pionier und Pragmatiker., In: 60 Abgeornete - 60 Porträts. saint-paul luxembourg, ISBN 987-2-87963-700-6, Ss. 102-103
Virgänger Generalsekretär vun der CSV Nofolger
Jean-Louis Schiltz 2006 - 2009 Marc Spautz

Referenzen [änneren]